Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Reendrëpsen

 
All Fotoen an dëser Serie:
36264 Thumbnail
36265 Thumbnail
36266 Thumbnail
36267 Thumbnail
Reendrëpsen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.05.2013
  • Gekuckt:
    16257
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Makro  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72541]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hunn de Mëtteg Reendrëpsen um Gras fotograféiert.
( War jo ideal Wieder :-) )

D'Veraarbechtung ass e bëssen ongewinnt, an dofir sinn ech gespaant op Kritik!
p-foto 19.05.2013 - 21:57
En decken WOW !!
jorsch 20.05.2013 - 12:20
En décke Merci, och fir de Fav.!
Gaga 19.05.2013 - 22:43
den p-foto huet et gesoot ... super!
jorsch 20.05.2013 - 12:20
Dat freet mech awer, an dann och nach e Fav!
Jeanny 20.05.2013 - 07:21
jo, et sinn der genuch dounhappy am SW geseet dat super aus, fir mech dai zweet jorsch
jorsch 20.05.2013 - 12:22
Merci Jeanny, fir mech och di 2.!
Däi Sproch mat de siwe Sonndeger Reen wëll ech net gelies hunn!
Jeanny 20.05.2013 - 13:59
smile do wou Sonn geschéngt huet, däi si glécklech smile
Jacques 20.05.2013 - 11:19
Eng gelongen Serie Jorsch, allen 4 top am s/w!
jorsch 20.05.2013 - 12:22
Merci Jacques, freet mech wa se dir gefalen.
MR 20.05.2013 - 15:08
eng immens flott Serie mat Drëtonguesenbiller jorschsmile
mir perséinlech gefält och déi 2. am beschten!


jorsch 20.05.2013 - 17:18
Merci MR. Et war e Versuch d'Drëtonguesen emol aaneschter duerzestellen, an da sinn ech frou e positive Feed-Back ze kréien.

Gratulatioun och fir deng schéi Wochefoto, ech hunn esou suggestiv Biller tëschent Figurativ an Abstrakt immens gär!
MR 20.05.2013 - 19:01
Merci jorschsmile
dat freet mech!
Silex 20.05.2013 - 18:55
Gefällt mir lo net esou immens. Ech fannen deen harden Kontrast mamm schwarzen Hannergrond e bëssen ze stark. A fir eng Serie hätt ech se dann all d'selwecht cadréiert (z.B. quadratesch). Affaire de goût.
jorsch 20.05.2013 - 20:38
Merci Silex. De Kontrast ass schonns hefteg, et war en Experiment an ech wollt hei gesinn, wéi dat ukënnt an dofir sinn ech frou iwwert däi Kommentar.
Eng Serie muss thematesch a vun der Veraarbechtung hier zesumme passen, allerdings gesinn ech dat mat dem Cadrage net esou enk.
Conley 21.05.2013 - 11:16
An der éischter an an der zweeter sinn Drëtonguese ganz gutt Cadréiert.. Déi schaarf op der richteger Platz an't Fotoen sinn net iwwerlueden. Verhältnis Passt se sinn méi ausgeglach. Dräi an't véier do gëtt fir mech Motiv erdréckt...wierkt ageengt. Kontraster stéieren mech net. Däin Experiment 1 an 2 gefält jorsch!!
jorsch 21.05.2013 - 16:29
Merci Conley fir deng genau Analys. Si ganz mat dir averstan!
Ech hat 3 a 4 derbäi gemaach, fir d'Serie opzestocken, 1 an 2 gefale mir och am Beschten!
mischii 21.05.2013 - 22:21
Fir mech och di zweet jorsch, vun deenen aaneren sinn ech perséinlech nët sou iwwerzeecht, ech mengen ech hätt se léiwer manner haard am douce greng gesinn
jorsch 22.05.2013 - 16:53
Merci mischii fir deng Appréciatioun. Ech sinn och fir di Zweet.
Et ass interessant, wéi hei ënnerschiddlech op d'Bea. reagéiert gëtt, ech mengen dat ass bei dëse Biller vill a.d.g.
ToPo 22.05.2013 - 20:40
Cool Fotoen! Gelongen Schärft/Onschärft an den SW passt och.
Nr gefällt mir perséinlech an Beschten.
jorsch 23.05.2013 - 20:33
Merci ToPo, freet mech wann se dir gefalen.
Verrot mer nach just däi Favorit, dat géif mech dach interesséieren.
ToPo 23.05.2013 - 22:20
Nr2¨closed_eye
jorsch 24.05.2013 - 13:49
Merci, och nach fir de Fav.!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 423 Gäscht online