Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Point de mire

 
Point de mire
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.06.2006
  • Gekuckt:
    37639
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x469
  • Späicherplaz:
    248 KB
  • Originaldatum:
    2006:06:02 14:54:31
  • Fotoapparat:
    NIKON D70
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=7237]
Kommentar vum Fotograf:
Mäi Lieblingsbam, eng Eech teschend Seaul a Brouch, vun där ech schon zeg Fotoë gemaach hun, a laanscht déi ech ganz schwéier kommen.
Vince_M 20.06.2006 - 13:34
Ganz einfach GENIAL FOTO.........

Congratulations.
Vince
Nicon07 20.06.2006 - 13:37
Merci. Dat mécht mer Freed vun dir, vun deem ech nemme genial Fotoe kennen, esou ee Kompliment gemaach ze kréien.
Vince_M 20.06.2006 - 13:39
Nemmen esou weider.......
gilli 20.06.2006 - 13:36
Génial Foto... Deen Himmel mat den Wolleken ass einfach Beises
Johny 20.06.2006 - 13:58
Gefällt mer wirklech gudd, genee wei den Vince soot, genial Foto smile
CHAREL 20.06.2006 - 14:16
wow wierklech flott!
macorix 20.06.2006 - 14:38
wow, top foto... genial die Wolken... g Andre
Penguin 20.06.2006 - 14:44
Wow, deen Kontrast. Waat mir richteg gudd gefällt sin déi däischter Platzen tëscht de Wolléken & déi hell Platzen um Feld (an der Mëtt).
Paukl 20.06.2006 - 14:49
Daat kann ech mer gudd virstellen. Hätt et bei esou engem Motif och deck schweier. Super Foto Nicon.
dawnii 20.06.2006 - 15:33
Datt do nach ni den Bletz dran gefacht huet sou eleng wei dei do um Feld steet... gesäit richteg gudd aus smile
Nicon07 21.06.2006 - 20:17
Mol den Däiwel net un d'Mauer, ech hu schon een aanere Baam, deen ech wollt all Woch eemol während engem Joer vun där selwéchter Plaatz aus verfollegen, vun engm Bauer, deem ee vu séngen ënschten Aescht am Wee houng, verstümmelt kritt, an haut, 3 Joer dono, as de Baam futti.
elmuzo 20.06.2006 - 16:31
Waaaaaaaa, Nico, lo hues de dech awer selwer iwertraff. Kompositioun, Motif, Kontrast an Titel exzellent. Du hues alles gin da gin ech och alles.
Knolles 20.06.2006 - 16:58
/removed/
Nicon07 20.06.2006 - 18:40
Oh, ech gi jo ganz roud! closed_eye)))
JADE 20.06.2006 - 19:03
Pfffffffffffffff ..........

alles waat dir do (super-mega-ultra-giga richteg ) zu dem Nicon07 senger Foto schreiwt, ass fir mech guer näischt neits !! closed_eye closed_eye closed_eye

Soen daat elo schon X-Fotoen-vun-him laang, dass hien ......
(d)een onverkennbaren Nicon07-S/W/Gr-Kontraststarken-flottkörnechStruktur-excellentBildopbau-Talent-and-Style huet!!!!
Huet hien wierklech missten alles eräusgin waat hien nach iergendwou an iergenwéi konnt, fir dass och deen alleralleraller leschten Skeptiker hei, iwerzeegt konnt gin, an daat och elo unerkennen kann ?????
Et bieeeeen .... jo! ça le vallait bien, Nicon!!!

Euhhhhhh, ..... wollt elo just nach eng kleng Propose machen: wier déi Foto nët besser am faarweschen ?!?!?!
closed_eye
Nicon07 20.06.2006 - 20:56
DEI Foto hei kann nëmmen am s/w gudd sin, well wann ech se SOU am farwege weise, wi ech se verschafft hun, eet ech den Tonalkanalmixer driwwer gekéiert hun, na ja.... "Eeeeeeeeee, wi grell... Ze vill saturéiert........ grujeléch Farwen esou onatiirléch, also nee Nicon, mir si besseres vun dir gewinnt...." etc... ;(())

Mais eng liicht aaner Vue vum selwéchte Motiv am rgb kéint och nach eemol. Dat as versprach.
JADE 20.06.2006 - 22:28
Dëss Kéier hues de mäin Jade-Humor..... ;-( .... awer nët gutt verstaanen!! closed_eye))

Daat matt : " Euuuuuuuuuh.......... wollt elo just nach eng kleng Propose machen: wier déi Foto nët besser am faarweschen ?!?!?! "
war nëmmen eng (pickesch? ironesch?) Unspillung un verschidden esou Comments, déi bei ganz gudden S/W Fotoen gemach gin!

déi hei ass genau richteg esou an dem Faarw-Choix!! closed_eye
No_Saint 20.06.2006 - 21:19
Fannen'se Eins-A esou., sowuel wat de Sujet ubelangt wéi och d' S/W-ëmsetzung. Déi ganz Tonwertskala ass vertrueden.
An hei gelëngt der och dat waat en Haaptuleies vum A. Adams war: d'Schéinheet vun der Natur, éischtens mam Apparat festzehalen, an se dann duerch eng gekonnten Bearbëschtung dem Public zougänglëch ze maachen, respektiv derfier ze begeeschteren.
Du hues dengem Frënd, de Baam, hei ob jidde Fall eng schéi Reverenz erwisen.
Respekt !
Nicon07 20.06.2006 - 21:41
Dat do as awer elo Balsam fir méch. Méch an d'Aura vum a. Adams ze hiëwen. Wat kéint ee séch aaneschters wënschen.. "Nico, komm erem op de Buëdem!!!"

Eigentléch as déi Flut vu Luëf hei een zweeschneidecht Schwert. Well vun elo un därf ech nemme mi nach Gläichwerteges eropluëden oder näischt méi
Obelix 21.06.2006 - 11:31
nicht schlecht mein lieber, sieht schon gut aus.
Jury 23.06.2006 - 13:30
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
everyday 03.07.2006 - 18:04
di gesait iergendwéi su dramatesch aus.. ganz gudd, wiirklech ;D
patty 09.08.2006 - 22:10
an hei hun ech nach naicht geschriwwen daat geht et dach baal net! smile
dei gefällt mer immens einfach top, super mier fehlen d'wieder (an daat kennt mer net oft fier)
tjo majo schööön smile
rom 28.08.2006 - 09:12
Schéi Kompositioun. Einfach nëmmen top.
deendo 16.11.2006 - 22:00
Lo sin ech firt zweet op dëser Foto hänken bliwwen. Se ass wierklech immens gudd. Kennt mer vir als ob den Himmel glaich erof faalen géif... Déi misst et als Pouster gin smile!
steel 22.11.2006 - 22:15
einfach genial
JADE 21.03.2007 - 19:09
Sou ... NICO ...

*************************** POINT DE MIRE ***************************

DAAT SOLL DÄIN ZIEL NO VIR SIN ... ËMMER RIICHT AUS KUCKEN ...

esou ... Richtung ... 88 ...
an esouguer bis 100 ...
an nach méi ... firwaat nët ... wanns du ët wëlls ... closed_eye)


ech sinn (nach ëmmer) op der Aarbecht, an kann dir keng Foto eroplueden fir dir ze wënschen ...
dovunner oofgesin ... hun ech och keng Nico-würdeg Foto op Lager ... dofir dann hei een klengen Ständchen vun groussem Haerzen ...


HAPPY HAPPY TO YOUUUUUUUUUUUUUUUUUUUU
HAPPY HAPPY TO YOUUUUUUUUUUUUUUUUUUUU

HAPPY HAPPYYYYY
HAPPY HAPPYYYYY

HAPPY HAPPY TO YOUUUU ... NICOoOoOoOoOoOoOoOoO !!!!!

Nicon07 21.03.2007 - 19:52
Sou! Elo weess di ganz Welt, datt ech eng Schnappszuel sin. Merci, merci, merciiiiiiiiiiiii!!
JADE 21.03.2007 - 20:12
pff ... daat wousten se jo och schon virdrun !!! ... smile)))
cyber 26.07.2007 - 16:05
gail foto bigsmile
DigArt 31.08.2007 - 00:12
wow-effekt closed_eye
Nicon07 31.08.2007 - 10:05
Merci!
Polinger 01.03.2008 - 09:15
mega cool dei wolleken gesin schweier aus an trotzdem strahlt daat ganzt epps roueges aus smile
jegas 08.05.2008 - 17:22
Ganz schéint Bild
Jest-Art 14.05.2008 - 15:21
Kennen dei plaatz do och, ass einfach immens do an dei heiten foto weist genaut daat, top top top
Ricky 22.05.2008 - 07:37
Fir mech eng super Foto. Alles schengt vum Baam auszegin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 443 Gäscht online