Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wiss am Fréijor

 
Wiss am Fréijor
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (07.05.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.05.2013
  • Gekuckt:
    29414
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/2000 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    534 KB
  • Originaldatum:
    2013:05:06 21:19:07
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Blummen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72271]
Kommentar vum Fotograf:
Guckucksblummen a Kéisblummen an enger suppeger Wiss.

( Klicke w.e.g. )
gi87 07.05.2013 - 17:42
jorsch, dei ass nees excellent ! Gefällt ma, hei passt alles nees !
jorsch 07.05.2013 - 21:33
Merci fir däi Kommentare an däi Fav.

Et ass e Bild wou ech mer net sécher war, wat ech dervun hale sollt, wéi et wierkt. Dofir freet mech deng Reaktioun besonnesch!
gi87 09.05.2013 - 11:20
Vir mesh opjiderfall, ass spill mat da Onschärft / Bokeh an der Niedreger Perspektiv einfach den A an den O vun deser Foto, an op mesh wiektse immens Berouegend, e bessen Verdreemt, halt no Freijoer.. An dat ass vir mesh dan eng geglëckten Foto !
jorsch 09.05.2013 - 17:20
Merci fir di flott Analys!
tomsmith 07.05.2013 - 18:13
Interessant smile tilt-shift oder photoshop?
Gaga 07.05.2013 - 18:35
Blend: f/2.8
Brennwäit: 200 mm
fierwaat Tilt-Shift ?
fierwaat Photoshop ?!? surprised
tomsmith 07.05.2013 - 23:11
xD sory ech sin net gewunnt mat sou liichtstarkem geschier ze schaffen cool meng geet bis 3.5 elo an sou en monster blur krut ech net eraus. wan ech bedenken dass en ganz noo war mescht et senn jap.
jorsch 07.05.2013 - 21:29
Merci tomsmith, fir däi Kommentar.
Wéi de Gaga richteg bemierkt, ass hei net un der Déifteschäerft geschafft ginn, d'Blend war just ganz op.
tomsmith 07.05.2013 - 23:11
hun gesin smile ech sin en frend vum photoshop asw dowengt haha.
ass en stakren effekt
Maimonides 07.05.2013 - 21:36
Top di do, jorsch.

(Di kleng gréng Sträif ganz uewen stéiert mich e bessen.
Mais dat ass nemmen ee ganz ganz klenge bémol.)
jorsch 07.05.2013 - 21:40
Merci Maimonides, fir de Kommentar an de Fav.

Di kleng gréng Sträif hunn ech bewosst als "Horizont" gelooss.
Si ass allerdéngs och schnell fort, ech muss mol ausprobéieren.
Maimonides 07.05.2013 - 21:47
Ech hu mir dat geduecht, mam Horizont. Géif, fir mech, awer dann besser funktionnéieren wann den Horizont uniform wär. Driwer gesäit een nach, plaazeweis, een helle Stréch.
jorsch 07.05.2013 - 22:16
Hunn elo e puer Versiounen ausprobéiert, an dat hei schéngt mir och besser ze sinn.
Nach eng Kéier Merci fir d'Ureegung!
gtaddei1 07.05.2013 - 23:13
dei blo greng streif gefaellt mir och et , onhoofhaengesch vun dem waat ech noodréglesch gelies hun.
Dei Streif hellt Harmonie ewesch dei d'Foto un sech huet
jorsch 08.05.2013 - 21:23
Merci! Flott wann ee konstruktiv Kritike kritt!
gtaddei1 10.05.2013 - 01:32
Jo daat misst nés op Fotogen opkommen dass et nés Spaass mecht hai eropzelueden
chrYstal 08.05.2013 - 07:56
Déi ass top. Gefällt mer immens gudd!
jorsch 08.05.2013 - 21:23
Merci chrYstal, och fir de Fav.!
gemu 08.05.2013 - 10:34
Flotten effet, huet ëtonguepes besonnesches, schéin Faarwmixtur, gefällt mer
jorsch 08.05.2013 - 21:23
Dat freet mech gemu!
Conley 09.05.2013 - 18:50
Di kleng Sträif ass gutt fort.... awer de Rescht ass erëm eng gelongenen Faarwen Kombinatioun mat enger minimaler Schäerft...gutt plazéiert!!
jorsch 09.05.2013 - 22:06
Merci Conley!

Och hei war ech frou iwwert d'kritesch Hëllef op PG.!
mischii 09.05.2013 - 20:14
déi nei Versioun ass tip top
jorsch 09.05.2013 - 22:02
Merci mischii, freet mech wa se dir gefält!
marker 11.05.2013 - 21:08
..staarkt Bild jorsch, mat flottem Faarfeffekt
..gefällt mir exzellent..!!
jorsch 11.05.2013 - 22:06
Merci marker, gefält mir wann se dir gefält! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 513 Gäscht online