Herrlesch Stemmung jo, mais ech muss eierlech soen dat mier den Bildopbau net gefällt. Fier esou eng herrlech Landschaft muss epes besseres dran gewiercht sin.
Sry, as einfach meng eierlech Mehnung.
Deen klengen Steen fier geht als Eyecatcher net duer an sou an der Mett mecht en naischt guddes fier de Bildopbau.
Dann dei aal Poteauen sin fuerchtbar fotogen, mais sou hallef paralell zum Horizont brengen dei och keng Deift oder Dynamik eran.
Den 2/3 Horizont as AdG, do geiff ech och eichter den 1/3 machen.
Dei eicht Versioun gefällt mer besser, och wann t'Sonn do net am Bild as. *smooth*
MbG
Ët gung mir hei och primär ëm d'Stemmung Gaga. Ët ass natierlech net mat *smooth* ze vergläichen. A sech hat ech meng Biller gemach wou ech wolt a war um Heemwee wéi d'Sonn op eemol durch d'Wolleken durchgeschingt huet, an ech nach dëst Bild gemach hun. Ët war och schons däischter ''30 sec. bei Blend 4,5 an en plus eng Korrektur vun 1 1/3 Stuf'', do war un gestalten an aneren Bildopbau net méi ze denken.
Merci gesot Gaga, vir däi Kommentar an deng éierlech Meenung
ok, natierlech as et emmer epes anescht wann een selwer t'Situatioun matkritt huet. Weis de sees, driwer diskuteieren as trotzdem interessant, leierreich an den Zweck hei op PG.
Des Foto ass schein , flott mé ech empfannen se gespaant .. well e puer Punkten d'Attraction do sinn... meng Aan sin onrouesch well sie den Zusamenhang vun den vetschidden Punkten net fannen...
An engem Fotoconcour ass des Foto eng " une Belle Foto"
..ahh Merci fir ''d'belle photo''
..du hues net Onrecht gtaddei1, mäi wéi ech schons dem Gaga jo schons geäntwert hun gung ët mir hei méi ëm d'Liichtstemmung.
immens agefaangen! dFaarwen an dei laang Beliichtung gefaalen mer wieklech gudd - dass se onsymetrech as, an een domat eppes ze kuken huet an sech Gedanken dozu kann maachen gefällt mer och....
NICE!
..esou gin d'Meenungen auserneen, an daat ass gutt esou.
..a sech soll e Bild jo och zu Gedanken uregen, daat wichtegst ass awer wann ee Message eriwwer kënnt, dann huet ee Bild säin Zweck erfëllt.
Merci beaucoup fir däi Kommentar BlackPanther