Fannen déng Foto un sech guer net sou schlecht, mee iwerdreiw et em Gottes wellen net mat den ISOen well däin Bild leit do onheemlech drenner. D'Rauschen as einfach too much....
Besser mat engem Stativ schaffen, méi laang beliichten, dofir awer mat BEDEITEND manner ISO schaffen, da klappt daat och an du wears gesin déng Biller gin definitiv besser
Also den ISO as jo am Prinzip iwerflesseg, well en naischt mecht, waat mat Blend an Beliichtungszeit net och geiff goen. (jo, lo net mat den Extremsituatiounen kommen please.) hei as keng Beweegung, an t'Deiftenschärft spillt och keng Roll op dei Distanz.
Sou laang et geht, ISO op minimum stoen loossen, sou gesin ech daat ... nemmen wann bis t'Blend um Ënn as an einfach net mei laang Beliicht kann gin, dann den ISO erop setzen. (Kennt bei mier nemmen Indoor fier, wou Leit wackelen an och F2.8 net mei nokennt.
Deng Beliichtungszeit vun 1/320sec mecht hei keen Sënn, ausser et wor graat en Orkan ?!? Roueg 2 Blendenstuffen eroof op 1/80 an da bass de schon bei ISO800 fier genau daat selwecht Resultat ouni Rauschen ze kreien.
MbG
PS: och erem den Fichier e bessen mei grouss loossen .... 137kb as ze weineg
Salut, merci fier dei vill Tipps
wosst eijentlech na net wei een daht "rauschen" eraus aus dem Bild krit, lo wees ech et awer!
Wert ech dann probeieren bei den nexten Biller emzesetzen!
KP, dofier sin mer jo do ...
Je no Fotoapparat hues de och fier den Absoluten Noutfall nach am Menu t'Meiglechkeet t'Rauschen ze minimeieren. Normalerweis hescht daat dan am Menu : Rauschen reduzieren bei ISO . t'resultater sin do awer je no Mark verschidden an et as besser daat dan duerno am PS oder mat enger aanerer Software ze machen.
Awer am beschten einfach ISO200(100) sou laang et geht.