op Latein: botaurus stellaris
op Deitsch: Rohrdommel
Dei weiengst hun iwwerhat dei Chance eng Rohrdommel ze gesin... nach weneger fier eng 'gudd' ze knipsen... an et ass schon extrem selten, wann eng and Netz geet! Dofier wollt ech se mol hei weisen an e bessi eppes dozou erklären.
Mier haaten haut dat Gléck dass beim Sonnenopgang, eng zeihend Rohrdommel and Schilf fleien wollt, and Netz net gesin huet.
Mier hun desen besonnegen Vull seier vermoos an berengt. Nodeems ma puer Fotoen gemaa hun, hun ma se rem frei geloos an se konnt hieren Zuuch no Norden weider feieren.
Op der Fotoen gesiet een:
1. hieren Kapp
2. am ganzen
3. hier rieseg Krallen
4. den Flillek, wou een geseit, dass et sech em eng jongk Rohrdommel handelt
5. wei se duercht Schilf schleicht
(6. hier Haltung am Schilf)
Des Dommel ass ganz schei an ass schweier am Schilf ze gesin, well se duerch hier Fierderen dem Schilf zimmlech ähneln. Außerdem huelen se eng spezielle Stellung am Schilf an an bewegen sech bei Loft genee wei den Schilf ->
Botaurus stellaris
Des Dommel ass leider just en Wantergaascht an flitt lo am Freijoer rem zereck Richtung Norden, wou se dann och britt. Schilfflächen zu Lëtzebuerg sin leider ze kleng..
Wann een deser Dommel ze no kennt, oder se an der Hand hällt, muss een extrem oppassen, well mat hierem extrem Spatzen Schnierwel zielen se fierdeicht opt d'Aan
ech hoffen d'Informationen an d'Fotoen gefaalen! :)