Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Köln Hbf (2)

 
Köln Hbf (2)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.04.2013
  • Gekuckt:
    19055
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    950x631
  • Späicherplaz:
    643 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D3100
  • Programm:
  • Objektiv:
    Nikkor 18-55
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71767]
Kommentar vum Fotograf:
Kölner Gare vun baussen....
Aiello 11.04.2013 - 01:14
Dei ass super Paul
Paul-H 11.04.2013 - 13:12
Merci Aiello.
Jeanny 11.04.2013 - 05:50
ganz flott verschafft Paul a schein scharf.
Paul-H 11.04.2013 - 13:12
Merci Jeanny!
gemu 11.04.2013 - 10:34
Eng schéin Opnaam, flott Bidlgestaltung
Paul-H 11.04.2013 - 13:12
Merci gemu, freet mech dass se gefällt.
Gaga 11.04.2013 - 17:43
ah merde, Paul, ech hat vergiess dats de net mei wolls dat ech deng Fotoen kommenteieren, pardon. Ech hat daat vergiess !

Natierlech as alles super, mach weider esou mein Jong!
Paul-H 11.04.2013 - 18:44
Ech hun haut am Daag séier deenen puer Leit Merci gesoot déi d'Foto gudd fonnt hun an wollt lo den Owend méi am Detail op deng (deelweis) berechtegt Kritik an Dengem éischten Post agoen. Ech wollt mer also méi Zäit huelen an haat dofir bis elo nach net geentwert.
No Dengem leschten Kommentar lo maachen ech daat natirlech net.

quote
Natierlech as alles super, mach weider esou mein Jong!
unquote

Daat ass net nemmen iwerhieflech mee beweist och dass Du keng Manéieren hues.

Ech BIEDEN Dech souguer härzlechst drem an Zukunft keng vun mengen Fotoen méi ze kommentéieren w.e.g. Ech brauch mir hei keng Frechheeten gefaalen ze loossen.
Full stop.
Gaga 12.04.2013 - 09:11
Keen Problem Pol,
Ech sin och mei generft fun der Arschkreschermentaliteit dei sech hei incrustreiert huet, wei vun der mangelnder Kritikfähegkeet vun de meeschten Leit hei.

Alles as schein.
Paul-H 12.04.2013 - 13:03
Ech hun der jo geschriwen dass ech wollt op Deng (deelweis berechtegt) Kritik agoen. Du kanns mer also lo net virwerfen dass ech net Krtirkfäheg sen, daat ass och mat Reaktiounen bei aaneren Fotoen vu mir bewisen.
Mir kennen eis perséinlech net, an dann schreiwt een net "mein Jong", mir ass et egaal wéi's Du Dech soss am Liewen behells, mee hei um Site erwaarden ech Manéieren, an zwar och vun Dir.
Ted_Lapidus 13.04.2013 - 17:01
Absolut denger Meenung Gaga...!!! Kritikfäheg ass awer och keen!
micky-maus 13.04.2013 - 17:18
Dach, ech.
Ted_Lapidus 13.04.2013 - 19:59
Ausnahm....smile
micky-maus 12.04.2013 - 12:49
Kann den gaga verstoen, hunn och nach keng Antwort bei döser hei kruut.... :
Syre (11)
Paul-H 12.04.2013 - 13:15
Sorry, just zur Kloerstellung: Ech WOLLT op dem gaga op seng Kritik agoen an wollt mer dofir awer méi Zäit huelen an hun net zur selwechter zäit geentwert wéi ech deenen aaneren Leit Merci gesoot hun.
Wanns de daat also verstaan hues, wiers DU dann d'accord mat deem Sarkasmus an sengem zweeten Post ?

Waat meng Foto Syre (11) ugeet, do gess Du mir eng ErKlärung iwer HDR an schreiws daat mecht een nie mat verschiddenen Blenden etc..., mee du hues d'Photo awer gudd fonnt. Waat genau erwaards de dann dass ech entweren? "Jo, gesäiste, se ass AWER schaarf gin" oder sou? Daat ass dach dann och iwerhieflech, an daat well ech net. Ech hun halt en HDR aus verschiddenen Fotoen gemaach déi mat veschiddenen Blenden gemaach gin sin-, daat ass dann vleit net wéi am Léierbuch, mee si gefällt de Leit jo awer. Do ass et eben schwéier irgendeppeseppes ze entweren ouni dass een uneckt.
Deng Kommentaren, Kritiken etc. sen mir awer emmer wellkommen.
Gaga 12.04.2013 - 13:19
Interessant, normalerweis misst een duerch t'Blendeverstellung och eng liicht Variatioun an der Brennweit kreien, ausser ech hun elo epes falsch an erennerung. Oder et as nemmen bei Zoom-Objektiven an net bei Festbrennweiten.
Paul-H 12.04.2013 - 14:06
Alles weideres spéider per PN.
micky-maus 12.04.2013 - 13:33
Eng Erklärung firwat's Du een HDR mat verschiddenen Blenden mechs wier joo schonn een Ufank.
Daat huet naischt mat leierbuch ze dinn, mee ett mecht technesch keen Senn. Senn vum HDR ass net Schärft, awer eischter Bellichtung.(Schietter ophellen,Kontrast opwäerten) Matt der Blend gett Deifteschäerft (Bokeh) gesteiert, ann mat der Zait hellechkeet.
Geif Deng Foto doo och gäer enkeier mat Beliichtungsserie gesinn....
Paul-H 12.04.2013 - 14:11
Firwaat ech en HDR mat verschidden Blenden gemaach hun? Wollt mol kukken..., an d'Reaktioun war jo net schlecht.
Alles waat gudd gett a gefällt mecht dach Senn oder net?

Ok, den Owend setzen ech d'Serie onverschafft hei drop. Vleit wir jo ouni HDR nach méi drann gewieschf, sen gespaant op Deng Reaktioun..
Gaga 12.04.2013 - 17:16
hmmm, also vum Prinzip hier :
Dei mei grouss Blend as jo dann dei mei hell foto (also F2.8 zb)
Dei kleng Blend dei mei daischter. Vun der mei daischetrer Foto, gin am HDR haaptsächlech dei hell Plaatzen sichtbar (donkel Foto fier zb nach Zeechnung an den Himmel ze kreien)
Lo as dann awer dei Hell Foto, wou een zb Scheirter oder donkel Plaatzen dermat well mei zeechnen, eben net iwerall Scharf. Doduerch entsteht dann epes witzeges : t'Schärft am Bild verleeft net mei Reimlech, mais se as relativ zu der hellegkeet op enger Plaatz. Sënn mecht daat op den eichten Bléck net, mais et muss jo net alles Sënn machen.
Ted_Lapidus 13.04.2013 - 17:11
Net averstaanen, well villes gefällt de leit hei an ett mech absolut kee Sënn...
Paul-H 13.04.2013 - 18:52
Mäin (hoffentlech) leschten Kommentar ennert deser Foto (des Diskussioun gehéiert jo eigentlech ennert déi aaner Foto):
Ech gesin et sou: Et ass d'Resultat waat zielt. "Syre 11" huet e puer Leit gefall, an réischt nodeems ech Präis gin hun wéi ech se gemaach hun, sen d'Diskussiounen ugaangen. Ech sen mer lo vollkommen bewosst dass ech den HDR net sou agesaat hun wéi eng gemengt ass,an ech fannen déi Erklärungen iwert den HDR hei och ganz interessant an léierräich, souvill zur Kritikfähegkeet. Ech fannen et awer net gudd dass eng Foto am Ufank gudd fonnt gett an wann een dann déi technesch Detailer gewuer gett, dann gin op e beemol Romaner geschriwen. Ech gesin et eben net sou technesch.
Ted_Lapidus 13.04.2013 - 20:07
Daat ass alles richteg...mee genau daat ass well den Problem vun Photogen....
en plus nerft ett mech ( an daat huet elo naicht mat der foto zedin) am allgemengen, dass d'Leit just nach esou kommentaren gin wei: wow super, daat ass genial, ganz flott , schein schaarf ,daat ass der super gelongen, daat hues de gudd gesin, daat ass eng wonnerbar foto etc.. an eigentlech sin dei meechten fotoen einfach just langweileg, technech schlecht oder grottenschlecht vun der bildbeaarbechtung... daat kennt virun alles dohier well vill Leit hei mengen se gingen eppes vun Photogr. verstoen, an hun am fong eigentlech guerkeng Ahnung...dovir heiert an gesait een vun den Ufankshelden à la Marc Gerard oder Lex Kleren, hei naicht mei...
Gaga 13.04.2013 - 21:06
dito

Gaga 13.04.2013 - 21:05
genau daat Paul, da fro dech elo mol wei eescht dat een dei Kommentarer kann huelen ... dei ob eemol sou hier Mehnung änneren ... komesch komesch ...

Mei heus de via PN kritt.
PS: as dach kack-egal weieng Fotoen weivill Kommentarer an klicks an Favs a waat wees ech huet, eng interessant teschnesch Diskusioun as ememr epes wou jiddereen Notzen draus zitt. Egal op weienger Plaatz.
Ted_Lapidus 13.04.2013 - 21:52
PN? oder hun ech daat elo falsch verstaanen?
Paul-H 14.04.2013 - 01:12
Hei lo nach weider enner des Foto ze schreiwen ergett nun wirklech keen Senn méi.
Mir sen dach hei net op Facebook.
Also, entweder op déi nächst Foto waarden oder per PN.
Gaga 11.04.2013 - 11:49
Ech schleissen mech mengen Fierschreiwer net un.
Schein, jo ... erem eng schein Scene. Ob se awer gut oder beschtmeiglech an t'Bild gesaat gouf as ze beweisen.
Ech loossen mol t'Bildrauschen aussen fier, eng 600kb Foto as eben eng 600kb Foto.

Kuerz gesoot Paul : Kadrage fannen ech hei erdreckend an hecktesch, evtl kann een soen bei esou enger Scene as daat gewollt an passend, adg. Mais e bessen mei Himmel an mei Freiheet wieren berouegend. Och en richtegen Eyecatcher as net ze fannen an deem Gestängels. Vun Bildgestalltung kann ech hei naischt erkennen, contrairement zum GEMU, mais deen scheintn en aanert Bildgestalltungsgefill ze hun wei ech.
t'Verarbeschtung gefàllt mer, wei gesoot t'Rauschen as un der Grenz, mais et passt, scheinen Himmel, an nach vill Textur an Struktur am Deischteren Hangar. Den Kierchtuerm huet e bessen HALO kritt, daat kriicht een nach eweg mat e bessen gepidels.
Dann wei emmer, se kippt ferm no riets ... mais do sin ech jo mettlerweil en Unicum dat ech dorober kucken, schief Fotoen werten "in" sin.

Hoofen du bass net erem beiss Paul dat ech probeieren eng konstruktiv objektiv Kritik hei ze schreiwen an net dei eiweg bla bla Commentairen.


MbG
MsJarryman 12.04.2013 - 14:28
Hei nach bla bla Kommentar zu Denger Foto closed_eye Sie stecht eraus, ass flott gewisen a gutt verschafft. Mir gefällt dat doten.
Paul-H 12.04.2013 - 15:35
Merci, freet mech ! smile
Paul-H 13.04.2013 - 11:46
An Merci fr den Fav!
chrYstal 12.04.2013 - 19:12
Eng ganz schéin Foto. Gefällt mer immens gudd!
Paul-H 12.04.2013 - 19:52
Merci chrYstal, an villmols Merci fir den fav. !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 511 Gäscht online