Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

*Portes ouvertes*

 
*Portes ouvertes*
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.04.2013
  • Gekuckt:
    14507
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    25/10 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    14 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1063x1100
  • Späicherplaz:
    662 KB
  • Originaldatum:
    2013:04:04 20:44:37
  • Fotoapparat:
    NIKON D3X
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    14-24mm f/2.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71754]
Kommentar vum Fotograf:
an engem aalen Haus.
Kingleoric 10.04.2013 - 09:56
Cool Foto Jacques, d perspektiv gefällt mer richteg gd. Di gring faarw fanenn ech sensationell, as richteg fesselnd an leisst d foto mysterious wierken; top verschafft.
Jacques 11.04.2013 - 08:03
Merci Klingeoric, daat freet mechsmile
Houll-art 10.04.2013 - 10:42
Flott gemaach. Déi iddi e Colorkey esou vir Urebex anzesetzen ass aussergewéinlech a kennt hei gutt.

Mee firwaat hun déi fréier ëmmer d'Schalteren vir Geliichts esou héich gemach? closed_eye OK, dass d' Kanner net drun kommen viläicht, mee daat Argument iwerzeegt mech net wirklech. A méi praktesch ass et och net.
Jacques 11.04.2013 - 08:04
Ech wees och net wisou dass déi emmer esou héisch woaren deemools.
Merci, freet mech wann se gefälltsmile
Zora 10.04.2013 - 10:53
Die gring Luut passt super, do wuaren déi gring Männecher schon doclosed_eye
Jacques 11.04.2013 - 08:06
Du wees jo dass d'Glas wierklech greng ass, déi greng Männecher waren do schon fortclosed_eye
Merci Zorasmile
Gaga 10.04.2013 - 12:00
Color-Key ... hmmm ... colorkey as emmer speziel ... neigt zum Kitsch an zum 0815... mais sou laang et keen NY Taxi oder Londoner Bus as ....
Jacques 11.04.2013 - 08:08
Ech wees, mam CK ass daat emmer esou eng Sach. Ech perséinlech fannen et bei deser Foto net esou schlecht well bei esou aalen Dieren d'Glas öfters freng woaren.
Merci Gagasmile
Aiello 10.04.2013 - 12:12
Gefällt mer...Cool Foto
Jacques 11.04.2013 - 08:08
Merci Aiellosmile
bigmama19420205 10.04.2013 - 13:17
flotten Afall Jeacques smile
Jacques 11.04.2013 - 08:09
Merci bigmamasmile
hardae 10.04.2013 - 14:44
Eng ganz speziell Foto, gefält mir immens gutt. smile
Jacques 11.04.2013 - 08:09
Datt freet mech,merci hardaesmile
obskur 10.04.2013 - 20:01
Eng interressant Foto Jacques, schéin verschafft. smile
Jacques 11.04.2013 - 08:09
Merci obskursmile
gemu 11.04.2013 - 10:29
Gefällt mir ganz gud, flotten Kontrast a Liicht
Jacques 12.04.2013 - 09:13
Merci Georgessmile
Nemo 11.04.2013 - 12:39
Ui, déi as gudd déi doten!!

Einfach, mee sou emgesaat dass se awer rem ganz speziell as.

An deen gréngen Schimmer an der Dier mecht daat Ganzt perfekt.

Kompliment closed_eye
Jacques 12.04.2013 - 09:14
Merci Nemo, daat freet mechsmile
jorsch 11.04.2013 - 18:17
Flott mat deene gréng-bloe Glieser.
Ech froe mech, wéi d'Foto wierkt ouni CK, wann d'Dieren an de Buedem e bësse Faarf hätten ( d'Diere si jo souwisou zimlech hell )?
Jacques 12.04.2013 - 09:16
Dieren sin weiss( awer licht knaschtech).
Ech wollt se am farwechen posten, mee wéi ech bis den ck probéiert hun, huet deen mer besser gefallsmile
Merci Jorschsmile
Conley 12.04.2013 - 19:30
Color-Key...datt ass mir perséinlech Wurscht ech gesinn hei eng Wonnerbar bea. Matt engem schéinen Glanz an deen Dieren. An Faarwen an de Fënsteren passen hei och fir mech ganz gutt.
Brennwäit 14mm do konnts de uewen reizt Zarge vun der Dier net ganz drop kréien...dat ass kloer.
Ech géing der just nach virschloen iwwert den Fligeldeiren déi dënn Linnen do ewech ze Stempelen di gesinn iwwerschärft aus.
Mir gefält di do immens gutt Jacques!! surprised
Jacques 13.04.2013 - 04:58
Villmools Merci Conleysmile
Ech stung mam Stativ an der Trap an hun awer net alles drop krittsmile
Déi zwou Linnen daat sin Dieren vun engem Schaaf déi iwer der Dier sin.
MR 13.04.2013 - 06:05
ganz interessant verschafft Jacques
gefält mir gutt esou!
Jacques 15.04.2013 - 04:23
Merci Martinesmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 404 Gäscht online