Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

la serie de Gustave

 
All Fotoen an dëser Serie:
35537 Thumbnail
35538 Thumbnail
35539 Thumbnail
35540 Thumbnail
la serie de Gustave
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.04.2013
  • Gekuckt:
    13985
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Leica M9P
  • Objektiv:
    Summicron35
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch  
Extras:
Mutz an Schaal

Fir anzesetzen: [pg_img=71615]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ass eng kleng Serie vum Eiffelturm wou ech mer net sécher sin wéi eng déi bescht ass an op iwwerhaapt eng op mein Site soll.

Dofir froen ech Iech emol.........
Zora 04.04.2013 - 11:14
Bleiwen irgendwéi emmer bei der zweeter hänken, do gefällt mer den Bildobbau and Bea ganz gud!
Keup 04.04.2013 - 11:22
TY Zora closed_eye
Johny 04.04.2013 - 11:35
Och mir gefällt déi zweet hei am beschten. War gëscht selwer nach beim Eiffeltuerm fir puer Fotoen ze maachen, an schreiwen dëse Kommentar och vu Paräis closed_eye
Keup 04.04.2013 - 11:37
Merci Johny closed_eye

Vill Spaass nach zu Pareis an hoffen du hues mei waarm Temperaturen an manner Loft wéi ech hat closed_eye
Johny 04.04.2013 - 11:40
Merci, mä waarm ass et ëmmer nach net tongue Si fir eng Konferenz hei, hunn dofir och net vill Material mat, nëmmen den 85 f/1.8.
Keup 04.04.2013 - 11:51
Majo dat ass fannen ech eng gudd Erausfuerderung déi en Fotograph emmer weiderbréngt wann en séch traut mat nemmen enger Festbrennweit ze schaffen an séch net vun all den Objectiver am Rucksaak oflenken léist.

An en plus muss de net vill schleefen an bass méi flexibel.
luxiline 04.04.2013 - 18:36
ech fannen déi 1. originell! Vläicht stéiert de Villchen de Bildopbau. Do kënnt een nämlech och den Himmel croppen a just de Vlillek ewechmaachen.
Déi 2. (hunn ech och eng Kéier gemaach, sou tëschent de Beem) ass flott mat dem Rescht bloen Himmel.
Keup 05.04.2013 - 10:40
Merci luxline.

Hmmm an ech hun hun sou gemurkst fir en Villchen drop ze kréien.....

Ech probéiern daat gecrops dann mol en bessen aus.

nebu 04.04.2013 - 21:34
Schéin Serie an mäin Favorit ass déi 4. Den Eiffeltuerm weist engem wou een ass awer lest dem Rescht vum Bild och eng Geleeënheet no enger Stëmmung ze sichen. Schéin.
Keup 05.04.2013 - 10:37
Merci fir d'Info. Déi 4t fannen ech och am beschten mee sin mer nie sou ganz sécher. closed_eye
Jacques 05.04.2013 - 09:41
Déi 4. gefällt mer besonnech gudd an deser Serie!
Keup 05.04.2013 - 10:35
TY Jacques closed_eye
Houll-art 06.04.2013 - 07:45
Majo Kuep, eng gutt Fro stells du hei. Fir mech huet all Foto hei eppes besonnnesches an et ass keng dobäi déi schlecht ass. Wanns du mech awer freets wéi eng dass ech geng op meng Säit huelen, geng ech soen déi zweet. Fro mech awer elo net genau virwaat. Et ass einfach eng Gefillssaach. Viläicht kennt meng Entscheedung dohir dass se aanescht verschafft ass an och net deenen üblechen Eiffelturm-klischee-Fotoen entsprëcht.
Keup 06.04.2013 - 12:49
Merci Digital-Art closed_eye

Du hues mer jo ganz gudd erklärt vir waat closed_eye
Ech geif den Look als stone-washed bezeechnen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 405 Gäscht online