Dei heten gefällt ma richteg gud, do ass nees dat gewessen eppes am Bild dran, vue ass gud gewielt, scheinen Farwstyle, an dei Atmosphäre am Bild ass einfach super !
Coolen Kontrast!
Iergendeng ass lusch mat der Perspektiv... wann ech déi vertikal Linnen kucken hunn ech d'Gefill se géif no riets kippen, wann ech d'Waasser kucken ass se awer riischt.
Den Sproch hat ech grad erfonnt well et net emmer schlecht ass den Sujet an d'Mëtt ze setzen. Se muss och net perfekt scharf sinn oder soss Perfektiounen hunn. Hei geet et em d'Stemmung an den Message. Deng Foto brengt durch d'Beaarbeschtung den Message an d'Stemmung eriwwer dens du wolls brengen ouni dass du nach weider vill dobäi muss schreiwen. Dat ass een Stil vun Foto den ech an leschter Zäit oft gesinn. Natierlech kann dat net all Mensch gefaalen. Et kann een (wéi den Gennaro seet) "Belle Foto" machen oder mat der Foto schwätzen. Hei fannen ech dass d'Foto schwätzt, an dat ass wat ech drun gutt fannen, dofir och den "Am Fong..." um Ufank vum Satz.
Hun mer bal sou eppes geduet
Also daess se net Scharf ass huet wahrscheinlech mat der Kompressioun ze din.
Méng Fotoen hun wierklech öftes en Message deen ech well eriwwer bréngen ouni vill mussen ze schreiwen well ech dat glad net kann. Wann dann den Message bei puer Leit duerchkénnt dann ass fir mech déi Foto gelong.
Jo den Style gesin ech och öfters an geif mengen falls ech en dann an Zukunft hei oder nach méi oft waert gesin muss ech mer eppes neies anfaalen loossen. Ech mengen Photographie ass eppes wéi Mode an et daerf een net zevill engem Trand nolaafen den et schon ze oft gett.
Et freet mech fir dech Keup, dat se gewielt ginn ass ... wierklech !
Fir mech selwer, ech gesinn et leider aneschters ewéi de Recht hei, ass et kee schlecht Bild
... mä relativ wéit vun enger Wochefoto ewech.
Ech muss awer zouginn dat ech net gesinn hunn, wat alles nach zur Auswiel stoung.
Et wärt jo elo hoffentlech keen ze vill queesch, och du net, mat mer sinn dat ech meng éierlech Meenung geschriwwen hunn ... d'ass jo de Sënn vun dem Site hei
Soen och emmer meng eierlesch Meenung...Schwetzen neischt schein, wann ech eppes ned gut fannen, genau sou offen sollen Leit och bei mengen egenen sinn...den Recht brengt kengem eppes
Eigentlech mist een dei Fro jo unn PG Memberen stellen, well dei jo Foto ant Oofstemmung gesaat hunn ann dono gewielt hunn, ann net den Keup.
Muss eierlech soen daat ech se och gestemmt hunn, well ech fannen daat eng Woochefoto mol engkeier Woch gewissen huet wei d'Woch woer. Kaal, doweinst dei giel-blo Kontraster, ann dann mat engem klengen waermen Liichtbleck ann der Mett.
Hei ass irgendwei Aussoo vunn der Foto dei gefällt ann net deen Technischen Pkt. Ett ass dei Idee ant realisatioun dovun dei mier gefällt.
Gudd ass daat mol engkeier Mehnungen bei enger WF ausaneen ginn.
Meng Problemer haat ech zB bei deser hei vum Keup: London in November
Haat mech awer net getraut eppes ze schreiwen. Doweinst main Respekt unn den Aiello ann den suraki, dei sech trauen....
micky-maus, dat war jo ewéi uewe geschriwwen meng ganz perséinlech Meenung déi ewéi .... dat huet sech duech d'Resultat bestätegt, net richteg ass.
Fir mech war de Kommentar natierlech un déi Léit gericht Déi d'Photo gewielt hun, net un de Keup
Merci nach fir déin point de vue !
Et ass awer flott ewéi verschidden d'Meenungen sinn ... de Street London fannen ech selwer super flott )
@ micky-maus
Majo des Photo wous du weis krut nach puer negativ Kritiken vun Leit per Privatmessage déis sech net getraut hun ze schreiwen. Mir dogéint gefaalen öfters sou Fotoen déi net perfekt sin. Ech well en Moment anfänken an daat am Fong ufanks e bessen fir mech selwer. Et soll genau wierken wéi et war oder ech den Moment empfond hun. Dann kann z.b. den Himmel ausgebrannt sin falls d'Sonn mir am Moment vun der Opnahm riicht an d'Gesiicht geschénkt huet.
Wann se mir gefällt an hei iergendwei gudd unkennt dann ass et natiirlech am beschten. Mee ech waert awer net fir gudd Kritiken ze kréien mech zevill unpassen an villes mat Stativ an HDR festhaalen nemmen well et gudd unkennt awer mir duerno meeschtens net gefällt.
Soen mer sou, ech hun hei op Photogen verschidden Favoriten déi mech inspiréieren an déi ech bewonneren an falls een vun deenen eppes positives seet dann weist dat mir daess ech um gudden Wee sin och wann dann meng Foto 3-4 aner Leit net gefällt. Ech respecktéieren all Meenung mee et weit een eben bessen of wéi stark een den Fotograph selwer fennt deen mir eppes post. Ech géif mengen dat ass bei jidderengem sou. Ech sin net stur an wann ech vun 10 Leit gesot kréien dat do ass neicht dann probéieren ech 100% mech an deem Punkt ze verbesseren. Mee jidderengem waert et nie gefaalen soss wieren mer net hei fir gewuer ze gin op mer um richtegen Wee leien. Falls ech also Saachen posten an net verbesseren weilt dann kann ech se grad esou gudd op ménger Homepage posten an gin nie gewuer op se gefällt oder net.
ailleo, sorry .... wollt dech net ignoréieren, hunn dat elo ereicht gesinn.
Erklärung: wann ech onstëmmech sin, machen ech mer meng Meenung ouni alles virdéicht ze liesen .... well mech da net vun aneren beaflosse lossen
Keen Problem suraki. Merci fir dein Komment.
Ech hun jo och oft genuch déng Fotoen kritiséiert (Verabeschtungsstyle) an kann selwer gudd mat Kritik liewen soss wier ech net hei um Site.
Ech wees och net wat zur Auswahl stoung well war net am Land.
Ech sen frou ze gesin dass et awer nach aaner Meenungen gett. Ech hun se och net gewielt, laut mengem Goût waren vill besserer drop.
An ech sen iwregens der Meenung dass wann ech (oder soss en "no name" déi doten rop gelueden hätt se komplett zerappt gin wir, sorry Keup...., mee den suraki huet an mengen Ann vollkommen Recht wann hien schreiwt: "relativ wäit vun enger Wochefoto ewech". Daat schreiwen ech allerdings bei allem Respekt fir déi wou se gewielt hun.
Du brauchs net sorry Keup ze soen wanns de mengs ech haett nemmen Stemmen kritt nemmen well ech Leit kennen well ech géing mat der wetten du kenns der meih hei.
Fir den Recht kann ech mat dénger Kritik net vill unfänken well déi seet neicht zur Foto. Kanns de wéinst menger un en aneren riichten well ech den Wahlsystem net erfonnt an och net well kritiséieren well ech mol nach nie en Verbesserungsviirschlag un den admin gemeet hun oder soss matgeschafft hun.
Falls du also nemmen kanns soen daess se mei schlecht ass wei iergend eng aaner (déis de och mol net mam Numm nenns) ouni Argument dann kann ech net vill domat unfänken.
Ech hun bei aneren Fotoen wou ech gepost hun mir och besser Kritiken erwaart mee hun mer awer duerno Gedanken gemeet viirwaat den een oder aneren besser Kritiken krut an och wann se mer dann na emmer net sou gefall huet hun ech no Grenn fir mech gesicht an net deem aneren eppes an den Kapp geheit ouni Argumenter.
Also, ech kennen guer keng Leit hei, net een.
Ech hun näischt aaneschters geschrwiwen wéi den Suraki och, ech verstin dofir lo net sou richteg firwaat ech sou eng evasiv Entwert kréien.
Ech kann mech lo net méi errenneren wéi eng aanerer nach an der Wochenoofstemmung waren, soss géif ech Dir eng soen.
Awer och un déi wou sech d'Meih gemeet hun mir eppes ze schreiwen well nemmen duerch verschidden Meenungen lauschteren kénnt een weider geif ech mengen.