Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kiischteknäpper Kläpperei

 
Kiischteknäpper Kläpperei
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.03.2013
  • Gekuckt:
    12009
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/2000 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    560
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1200x900
  • Späicherplaz:
    518 KB
  • Originaldatum:
    2013:03:24
  • Fotoapparat:
    NIKON D4
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikon 300mm
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71415]
Kommentar vum Fotograf:
Mat den Kiischteknäpper ass net gutt Kiischten iessen :D
Nicon07 25.03.2013 - 18:42
Hei war awer och eppes weider lass... Den Honger an den eidele Mo sin dëse Wanter besonnesch grouss, a wann de Schnéi net gläich verschwënnt an d'Temperature klammen, da gëtt et nach batter fir eis Plommefrënn. Suguer di Eislécker Poufanke si jo nach net fort. Bei eis sin se am Moment zu zimmléch vill. Ech huelen un, déi friessen séch Energie u, fir wann et elo an deenen näxten Deeg doropper a Skandinavie geet.


Déi Blécker vun deene Vigel, wann se rose sin, si ïmpressionnant. Kee Wonner, datt déi den Hitchcock inspiréiert hun... closed_eye
Abacab 25.03.2013 - 18:51
Merci Nico, jo de Moment ass et de Wahn! Zumol dese WE...
Sinn awer frou fir eise Plommefrënn ënnert Plommen ze greifen..
D'Qualitéit vun der Foto ass elo net den Hummer, mee duerch dee Bléck vum Knätongueper (Klätongueper) wollt ech se awer weisen closed_eye
Nicon07 25.03.2013 - 19:00
Dat ass och gudd a richteg. Sou eppes muss ee weisen.
Abacab 25.03.2013 - 19:03
Vunn zou'en Blenden könne mer seit laangem just nach Nuets drëemen bigsmile
Nicon07 25.03.2013 - 19:08
Nuets si bei mir d'Aen zou, .... net d'Blenden... bigsmile

Abacab 25.03.2013 - 19:09
bigsmile bigsmile
Abacab 25.03.2013 - 18:51
Charly_Ente 25.03.2013 - 19:04
Hammer stark Foto bigsmile wann een schon selwer erlierwt huet wei fest dei beissen kennen... dann wees een wat do gleich geschitt bigsmile
flott festgehaalen! closed_eye
Abacab 26.03.2013 - 08:09
Merci Charly, dat kann ech mer virstellen bei dem imposanten Schniewel bigsmile
Charly_Ente 26.03.2013 - 19:38
dat gin schon ab und zu e Bluterguss bigsmile
MsJarryman 25.03.2013 - 19:44
Zwee Frechdachsen. Gutt erwecht.
Abacab 25.03.2013 - 20:08
Merci MsJarryman, dat sinn esou flott an imposannt Borschten, sinn all Kéiers ërem faszinéiert closed_eye
Pit 26.03.2013 - 08:25
Eng 'Fullen-Action-Foto' smile
Super erwescht.
Abacab 28.03.2013 - 00:00
Merci Pit smile
De Countdown leeft closed_eye
Shantideva 27.03.2013 - 23:15
De Sujet ass net schaarf. Soss gefält se mir awer.... closed_eye
Abacab 27.03.2013 - 23:58
Merci Shantideva, jo leider ass déi Scène net scharfunhappy
Hunn di Foto do mat manuellem Focus gemat an hunn den Trick nach net esou richteg eraus...schaffen awer drun fir esou Actionscènen scharf ze kréien...wat mer bis elo mam Autofocus bei de momentanen Wiederverhältnisser nach net gelongen ass...

Edit: War virun e puer Wochen deng HP kucken nodeems ech den Zeitungsartikel gelies hat, a sinn beandrockt vun denge Biller !
Shantideva 28.03.2013 - 07:22
Villmols Merci fir däin Feedback, dat freed mech. Manuell Focuséiert? Dann ass déi Sach schon ganz aanescht, virun allem bei 300mm an f/2.8. Do ass et jo just eng Sach vun Zoufall fir den Focus sou schnell nach ze korrigéieren.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 383 Gäscht online