Do ass et nët, fir ee Choix ze maache, wéi eng besser gefällt. Si sin allen zwou super. An do sin d'Liichtverhältnisser sou verschidden, datt een direkte Verglach zwar méigléch, mais eigentléch sënnlos ass. Op alle Fall ass dat méng bescheide Meenung.
Di zwou Fotoe sin "in sich stimmig", wéi ee Bayeresche Fernseh-Stärekach an der Zäit Freides owes an der Kachsendung méi dacks gesot huet, wann ee Menu besonnesch gelonge war.
Nummer 1 ass wéi eng Ballade vum Chopin a mineur, an Nummer 2 ass wéi eng Sinfonie vum Mahler a Majeur.
Nummer 1 strahlt eng douce Melancholie aus, well keng Schieder méi ausgeprägt sin, an di allgemeng Stëmmung "ouattéiert" ass. Nummer 2, par konter, kléngt wéi eng strahlend Fanfare am Concert mat buedemfesten déiwe Sträicher (Cello a Kontrabass). Dobei kënnt datt d'Liicht a Liesrichtung ofhëllt vu lénks no rechts an sou de Passage vum Daag an d'Nuecht suggeréiert gëtt..
Bref: Zwee schéi Panoramen, déi jideree fir séch eng eege Welt duerstellen.