Ech war e Freideg zu Paräis an der Orchideenausstellung am Jardin des plantes. Ganz schéi präsentéiert Ausstellung, mee net einfach fir Fotoen ze maachen ouni Leit. Bei der 1. hunn ech d'Fotografen express drop gelooss!
Déi drëtt Foto gefält mir am Beschten. Bei der éischter Foto wier ech e bëssi no lenks gaang an hätt d'Arrangement aus enger anerer Perspektiv geknipst.
Ech hunn net gäre Leit op de Fotoe bei Blummenausstellungen. Ech versiche mech ëmmer op d' Blummendekoratiounen ze konzentréieren, ewell déi jo duerch jo duerch hir Faarfcombinatioune sollen erausstiechen.
jo, ganz d'accord, mee et waren zevill Leit do an nëmme ganz schmuel Weër. Lénks an dem Boot (dat ech vun alle Säite fotograféiert hunn), war leider ee grousse panneau.
Ech sinn alt frou, dass ech do war an eppes gesinn a fotograféiert hunn!