Also dat do ass schonn eng Konschtfoto an ech wëll se och net kritiséieren.
Däerf ech just soen, wat mir perséinlech net sou gefällt? Et gesäit een zevill dass d'Madame déck geschminkt ass an trotzdem sinn opfälleg Hautonregelméissegkeeten op der rechter Säit vum Gesiicht. D'Beleuchtung ass top, wéi se aus dem schwaarzen Hannergronn erfiergehuewe gëtt, mee ech géng mer d'Gesiicht een Tick méi douce wënschen. Gesäit och e bëssen 'Plastik' aus.
Wéi gesot, ech weess dass du et besser kanns wéi ech, mee et muss mer jo net alles gefalen .
all Meehnung ass welkomm. Dofir sin mir jo hei
Ech war laang matt Beauty beschäftegt an do ass alles emmer méi douce verschafft gin (an Ech gouf dann kritiséiert et wier ze douce, bref)
Bei esou engem Karakter Portrait hunn Ech gewollt dorobber verzicht...All Faal, all Por an all Narb an Macke ass beibehaal gin. Et sollt keng Beauty Retouche sin wou Ech der Madam 20 Joer ewäch retouchéieren...