genialen Portrait, Respekt.
Kanns de e bessen mei iwer den Making of soen, as daat an enger Schwämm? Ob jiddefall muss et eng relativ obwänneg Affair gewiercht sin.
De Kontrast an der Foto as wierklech super, an dei genial reflektioun, dei ganz deitlech keen Photoshop as well t'Perspektiv richteg as, dei as t'Schlagsahn.
t'Kiischt op der Schlagsahn as den Farfverlaaf un der Waasseroberfläch.
Ech wier nach e bessen an t'Waasser stempelen gaang, mais villeicht bass du do mei puristeg.
MbG
merci, och fir den favorit
Jo as an enger Schwämm gemat ginn, ech hat en schwaarze Stoff als Hannergrond un den Bord gehaangen an mat Taucherbläi sou gutt et gaangen ass en place gehal. en gudden Meter fort vum Bord stoung en Scheinwerfer an am Waasser haten mer en Reflekter ënnert dem Sujet. Hee stoung op der Traap vun der Schwämm fir méiglechst roueg ze sinn dat d Surface méi wéi en Spigel gëtt. Wéi schon bei der aanerer foto gesot kommen déi rout Hoer duerch d Beliichtung vun uewen an ginn verstäerkt well ech den Ennerwasser Modus vun menger Kompakter benotzt hunn.
Déi hei hunn ech guer net vill beaarbecht, just cyan erausgeholl deen vum Rescht vun der Schwämm reflektéiert gouf, an besi Rauschen aus dem schwaarz fort gema.