e flotten Sujet,
fir mech happert et hei e bessi um Cadrage an un der Beliichtung, ech mengen do hätt e kënnten vill méi eraushuelen,
uewen an an ënnen ass zevill schwaarz wou keng Ausso dran ass,
den Sujet ass flatsch an der Mëtt, mat iwwerbeliichten Deeler,
méi noo mat e puer schaarfen Detailler wär do scho besser gewierscht,
dëst sollt awer lo just mäin eegenen point de vue sinn, ech hunn näischt dergéint wann een aanescht denkt
Mir gefällt dat "aquariumméisségt" un dénger Foto, et kuckt ee nëmme méi op d'Kescht, dee 'réservoir' (arrêt de bus) an et kritt een nach esou neelech déi direkt Alentours'en mat (Beem oder Sträich, Schnéi...) de Rescht geet ënner an dat ass hei esou gewollt an dofir kann ech (och wann ech normalerweis méi puristësch sin) hei zimmlech gutt mam Cadrage zewee kommen. Et kéint een et esouguer als Allegorie op eis Fernsehwelt gesin, nee? OK, vläicht e bëssen iwwerdriwwen
Mir gefält dës Foto, esou wéi se ass.
Déi zentral Stellung, déi moer Beliichtung an di vill eidel Plaz ronderëm ginn dem Bild eppes Kales, Melancholesches, Tristes, Verloossenes, Inhumanes.
Di zwee Feiler op der Strooss fannen ech och flott a wichteg.
Eenzeg iwwert déi Luucht uewen kéint ee streiden.