Rauschen kann ech näischt drun änneren ausser mer méi eng deier Kamera kafen, an den Deel Schäerft wou feelt ass wéinst dem Rauschen. Ofgesinn dovunner?
Soss Gefällt ma 2 an 4 vum Kadrage an da Ambiance ! Naja mam Rauschen dat ass esou eng sach ewei een domader dono emgeht bei da Konverteierung vum RAW..
2 ass effketif net schlecht, mee bei 4 huet awer keen Detail méi iwwerlieft. Ech hunn éierlech gesot dann léiwer en bëssen méi Rauschen dran wéi sou ganz geleckten Biller. Mat wat hues de se lo gefiltert?
De Problem ass den du muss Entrauschen an Schärfen separeieren, Esh schaffen mam Lightroom an mam Ps, bon den Trick ass deen wanns Du eng Foto entrauchs an engem Programm ewei de Lightroom, wat passeiert ? Detailer gin Fort, Luminanzrauschen verschwend, Farwrauschen get och Diminueiert, an elo kennt de Problem un da ganzer sach, do man dei meecht dann direkt eng Schärfung drop, an dann Wonneren sech Leit wann hier ganz Bild obemol Körneg durch Schärfung get an dann net mei schein ass, mee logesch asset awa, well de Programm schafft mat ebenen wouen alles a referenz hält, dat heecht, Grondrauschen vum Bild get wat ennerdreckt ass get nees zum Deel mat geschärft, well Foto net no engem Prozess direkt an en Jpeg gewandelt get, sondern all Wert ass ännerbar, dofir man Esh an da 1ter Etap d'Entrauschen, an dan Exporteieren Esh Bild an dan gedet nogeschärft an Eventuell e Kontrast dropp gesaat...
Bon et kann een elo streiden iwert meng Virgeenensweis, mee Esh mengen op dei Manneier kritt een mei vun sengen Biller eraus Qualitativmeisseg ewei um Normalen wee ! Hoffen hun mesh einermossen korrekt ausgedreckt an menger Erklärung beim 4ten hun Esh vlait e bessen ze stark ugesat, mee dat doten ass an 3 min elo gewiecht... Wann een gud mat deenen Programmer emgogen kann muss een och net zum HighEnd Model vun Kamera Greiffen
Vum Kadrage hier fannen ech se alleguer tiptop .. just déi 2. hät ech perséinlech d'Luccht ganz aus dem Eck kommen geloos.
Bei 1. an 5. géif ech nach ee bëssen mat der WB méi ob Kaal eroffueren dann kriss de nach een Deel vum Routstach eraus .. och eventuel d'Vibrance nach ee bëssen rof.
Fir d'Rauschen ginn ech dem Gianni recht.. besonneg bei der 2. fannen ech säin resultat ganz gelongen .. bei 4 bléift wéi's de sees näischt méi iwwereg .. do muss een effektiv kucken fir ee Mëttelwee ze fannen