Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stieglitz

 
Stieglitz
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (16.02.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2013
  • Gekuckt:
    18442
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/400 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    4000
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x750
  • Späicherplaz:
    416 KB
  • Originaldatum:
    2013:02:14 15:25:32
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 200-400mm f/4G ED VR II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
Telekonverter TC20E III

Fir anzesetzen: [pg_img=70634]
Kommentar vum Fotograf:
Een Dëschtelfénk beim Trach...

Carduelis carduelis; Chardonneret; Distelfink
gi87 16.02.2013 - 18:40
Hei steiert mesh Farwrauschen am Gefieder.
Nicon07 16.02.2013 - 20:09
Dat ass effektiv wouer, datt do Farfrauschen ass. Mais bei 4000 ISO an nach nodréigléch Ophellen bleift dat wuel kaum aus. A komescherweis ass et nëmmen an deene bronbeige partie vun de Plommen.
gi87 16.02.2013 - 21:12
Du därfs hei Farwrauschen net mat Luminanzrauschen verwiesseln, farwrauschen kriste emmer ganz raus, och op 12800 iso..
Nicon07 16.02.2013 - 21:33
Da probéieren ech dat mol. Merci!


5 Minutte méi spéit:

ech hun et elo entrauscht. Beim Noschärfen ass awer neess e bësse Ruschen rëmkomm. An der opgeclicktener Vue rauscht et net, an der 800px Virschau nach liicht.
gi87 16.02.2013 - 21:49
Kuck engkeia hei : !Dës Foto ass net méi am System!
Hei ass e Bild op 10.000 ISO, wann Esh do net Farwrauschen ennerdreckt hätt dan wiren dei Mov a Giel / Greng flecken sichtbar, Luminanzrauschen selwer hun Esh hei net ennerdreckt..
Am Photoshop ewei am Lightroom ginet 2 Silder, en fir Luminanz = Wat de Wert mei grous get waste mei un Detail verleiers an dan muste stark noschärfen an den 2ten ass Just em Farw vum Rauschen an de Groutoun emzeinterpoleieren ouni detailer ze zersteieren, just get deng Foto e bessen mei blass, waste dann mat e weineg Kontrast oder Saturatioun nees Kompenseieren kanns smile
Nicon07 16.02.2013 - 21:54
Merci fir d'Erklärung. Ech hu méng Foto mam Nikon Capture NX2 nei verschafft. Ass et dann elo besser op déngem Schirm? Bei mir schingt et mol besser ze sin. smile
gi87 16.02.2013 - 22:05
Elo schengdet schon besser ze sin smile
flosch20 16.02.2013 - 21:08
wollt froen virwat mat 4000 ISO Foto gemach gin ass oder war et esou deichter?
Nicon07 16.02.2013 - 21:57
Et war 1. zimmléch däischter, mais ech hu jo awer och bei 1/400 sec a mat dem improviséierten 800mm eng Oppeblend vun f/8 !!! Ech hätt natiirléch och kënnen mat 1/125 sec probéieren, den Apparat stoung jo um Stativ, mais di wibbeléch Vigel spille bei su luese Verschlosszäiten net mat. closed_eye
flosch20 16.02.2013 - 22:22
et sollt keng kritik sin,sin am leieren, huet mech just den heigen ISO gewonnert smile
Nicon07 16.02.2013 - 23:08
Ech hun et jo och net als (negativ) Kritik opgeholl (woubäi Kritik jo eigentléch wertneutral soll sin), mais als normal Fro an dofir hun ech dir och, mengen ech mol, éierléch an plausibel Erklärung gin. Et ass natirléch normal, datt déch di 4000 ISO wonneren, well dat ass jo awer schon een extreme Wert a fir munnech Fotoapparat och haut nach eng Rausch-schleider éischter Klass. Mais net sou bei der D700 vun Nikon, déi bei sou Werter dach nach anstännech Resultater bréngt.
Fir awer méng Erklärung vu virdrun nach ze ergänzen: Wann een een Telekonverter benotzt, verléiert een ëm deen Wert vum Konverter och u Liichtstärkt beim Objektiv. Bei engem 2 fach TC gëtt also aus engem Objektiv mat f/2,8 een f/5,6 an, wéi a méngem Fall hei mam 200-400mm f/4 ee 400-800mm f/8. Dat huet deemno schon net méi vill mat engem liichtstarken Objektiv ze din, an et bréngt och den AF vum Boîtier un d'Pompelen bei wéineg Luucht. En plus ass ee séier bei héichen ISO-Werter wa kuurz Verschlosszäiten néideg sin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 355 Gäscht online