Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Inner Beauty.

Inner Beauty.
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.02.2013
  • Gekuckt:
    43951
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/30 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    30 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -2 EV
  • Gréisst:
    689x1024
  • Späicherplaz:
    181 KB
  • Originaldatum:
    2012:01:18 00:50:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
    Canon EF 24 - 105 mm
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70530]
Kommentar vum Fotograf:
Refelts am Sandsteen vun Son (rout an orange) an Himmel (blo a violett) am Lower Antilope Canyon, Page, Arizona, US. D'Wellenformen am Steen kommen duerch d'Erosioun vum Wand a vum Waasser.
gtaddei1 12.02.2013 - 01:12
ganz flott , awer met e bessi mei definitioun vun der textur (meng Ménung)
BAPAX 12.02.2013 - 21:32
kann ech probeieren, effectif ...
gtaddei1 12.02.2013 - 22:42
net zefill !
donpoli 12.02.2013 - 07:20
Schéin di doten, e bessen ze zentral vläit, ech mengen vun der Compositioun hier hätt een dat Ganzt kéinten e bessen méi wäit no ennen zéien an net do d'Spëtzt ennen ewechschneiden.

Dest Joer ass et am Summer dann u mär fir dohinner ze goen *freu*
BAPAX 12.02.2013 - 21:36
jo ass awer net grad esou einfach d'Farwen all drop ze kreien ... daat wärs de jo dann selwer gesin (geih och an de Lower Antilope Canyon geing ech der rooden)
donpoli 13.02.2013 - 12:12
Dat kann ech mer gudd virstellen. Ech sinn schon gespant an den Lower Antilope Canyon steet schon um Programm smile
OK-Photography 12.02.2013 - 11:43
emmer rem flott! smile
BAPAX 12.02.2013 - 21:43
emmer erem e faszinant Farwenspill ...
ToPo 13.02.2013 - 19:53
Eng schéin Foto vun enger super Plaatz! smile
JADE 17.02.2013 - 00:23
l'origine du monde, à l'envers ...
wéi den BP: ëmmer erëm schéin déi Farwen an Strukturen
BAPAX 17.02.2013 - 10:13
jo, flott Iddi, d'Welt no bannen gekeiert ... an et sin all hir 4 Elementer derbai ...
JADE 18.02.2013 - 19:19
nee, nee ... esou wor daat nët gemengt ... mee gaaaanz aanescht ... closed_eye
BAPAX 19.02.2013 - 09:52
dann haas de zumindest mech op eng nei Iddi bruecht ... smile
Jean-Jos 17.02.2013 - 14:11
Keng 08.15 dat doten, super mat denen Faarwtonalitéiten a wéi's de d'Kurven hei an d'Bild gesaat hues!
BAPAX 17.02.2013 - 19:53
stemmt JJ, et stecht tatsächlech zimlech vill Arbecht a Gedold do dran ...
gtaddei1 18.02.2013 - 03:30
Kompliment!
BAPAX 18.02.2013 - 06:57
Cool, freet mech ! Merci fir är Stemmen alleguer !
Schluck 18.02.2013 - 21:33
Congrats BAPAX .. zwar nët mäin Choix awer trotzdem verdengten Wochenfoto
BAPAX 19.02.2013 - 09:50
merci Schluck, ech selwer haat och fir eng aaner gestemmt smile
mischii 19.02.2013 - 21:09
Félicitatiounen,
e wonnerbart Bild vun enger Plaatz wou ech onbedengt mol hin wëll
BAPAX 21.02.2013 - 19:40
merci, et ass absolut eng Rees wärt dohin ...
jorsch 19.02.2013 - 21:12
E super Bild vun enger Plaz, wou d'Natur e bëssen iwwerdriwwen huet!
BAPAX 21.02.2013 - 19:42
stemmt, aanerseits schafft d'Natur awer och schon dausende vun Joeren do drun ...
Gaga 04.03.2013 - 14:33
genial, den Antilopecanyon as jo lo hei op pG naischt neits, mais dei do leet erem eng Schepp bei bei daat waat mer bis elo gesin hun.
BAPAX 10.03.2013 - 08:53
merci gaga, elo ass et erem um nächsten et nach besser oder aanescht ze maan ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online