Thema banal .. jo villeicht .. vir mech nët wëll ech ee groussen Wollefsfrënd sinn an ët mer wichteg ass fir déi Déieren an engem scheinen Liicht duerzestellen an nët als déi "Bestien" oder den béissen Wollef aus den Märescher. Mäin Ziel héi woar ee scheinen Porträit vir eng Serie vun denen verschidden Wëllëf.
Ech kann der soen dass ët net sou einfach ass se ze erwëschen dass se:
- nët virum Droht léien dass de deen vir an hannen kanns an der Onschärft verschwannen doën
- dass de genuch Luucht aus der richteger Richtung hues
- keen Halm an Gestréiss virdrun oder hannedrun stéiert
- dass ënn iwwerhaapt aktiv ass an irgendwéi kuckt wëll oft léien se just beim Droht ze pennen.
Du hues natiirlech recht ... et ginn vum Thema hir bëstëmmt méi spektakulär an intressant Saachen .. dat hänkt ëmmer dovunn of wat een wëll machen/weisen/errechen.
Sinn trotzdem frou iwwert deng Mehnug Gennaro .. och wann ech se nët deelen
Jo ... thema bleiwt emmer egal.. et ass jo subjektiv... an du muss mir och loossen mech selwer ze bleiwen...
Kloer wés ech dass et net emmer einfach ass, an et ass grad daat waat ech apprécieiren... et get é roosen wann én net seng Efforten versteet fir é Bild ze realiseieren ... mé daat wés ech!
Emmerhin ... thema banal oder net... D'Foto ass perfekt
Natiirlech, keen Thema .. Nöö firwatt sollt ech rosen ginn .. ech sinn zefridden mat mengem Resultat .. an ech wees jo och firwaat ech déi Serie héi machen .. ech verlangen jo och nët dass all Mensch dat versteht. Ech gesinn hei na den läschten Néint héi souvil Schrott dann kënnt ët och ob eng banal Wollefserie nët un.
rem een Genoss ze kucken,
déi Déieren hun sou eng souverän Ausstrahlung, net nemmen well et meng Lieblingsdéieren sinn, mee wann een sech méi genau mam Wollef befaast, get een dach als "sou inteligenten Mensch" iergendwéi zimlech démüteg, hirt Sozialverhaalen ass immens interessant,
do kriss du bestëmmt eng immens schéin Wollefs-Serie zesummen
Merci icylady .. ech ënnerschréiwwen alles wat's de do schréiws! .. Genau esou, an ech hunn ëmmer rëm den déifsten Respekt virum Werner Freund wann ech him mat den Wëéllef nokucken an gesinn wat hien do obgebaut huet .. an souguer vum Hierschalg gezëchent ass hien nach ëmer den Alpha an huerelt mat den Wëllef.