Wéi och bei dénger anerer Foto gefällt d'Liichtstémmung an den opbau ganz gutt. Op desser stéiert mech den Bus en wéineg, deen zitt den Blèck en besselchen ze vill op séch.
ganz flott Spill mat der Schaerft, an den M look ass maer direkt an d'Ae gefall!
Fannen och dat de Bus dem Bild seng Rouh hellt.. ec haett deen nodreiglech einfach wegegcropt!
wanns de de Bus wegcrops verleiers de och di diagonal Linn di an den Eck ennen Lenks ausleeft, och wanns de ennen bessi géifs mat weghuelen, leider war de Bus den Dag puenktlech
Waat mengs de mat M look? Huet daat mat sengem Fotoapparat ze din? (M9?)
Zu der Foto flott Fuerw flott opgebaut, huet e spezielle Look daat stemmt.
Ech fannen dass de Bus derzou gehéiert, spako. 3 Pläng: deen 1. bis bei d'Bänk, deen 2, bis hannert de Bus an hannert de Kiosk, deen 3. driwer. Deen 2. Plang ass e Cadrage am Cadrage.
An de Bus bréngt ganz e bëssen Liewen an d'Foto obschons en hält.
Jo den Bus ass iergendwéi net fortgefuer an mir war et kal
Ech wollt schonn cropen mä dann passt den Cadrage iergendwéi manner an dofir sinn ech dunn un d'Fuerwen fummelen gaang well original stéiert den Bus nach vill méi.
Gefällt ma Gud mat da Deiwteschärft, Farwen an Kadrage ! Engersaits sichen Esh eng Knipps vir emmer Dobei ze hun, an do erweschen Esh mesh emmer nees ewei Esh ob den Leica System riewer lussen, an awa hält de Preis ewei begrenzungen mesh irgendwei emmer vun dem Kaaf of..
Also ech sin mat der Leica mega zefridden.D800 liwwert zwar villes bëssen an Dynamik ass extrem mä leider eng Plo fir ze schleefen an dann dat ganzt Gewulls am Menu nervt mech.
Jo den Preis ass krass mä leider gëtt et neicht ähnleches. Villäicht géifs de mat eng X100s glécklech ginn.
Interessant, ma warden dann mol nach e bessen bis mol dei eicht Tester eraus sen, oder esh gelegenheet kreien ma dat mol kennen unzekuken, kloer muss esh am Viraus ma soen dass soueng Kamera net mat enger 1Dx ze vergleichen ass an eng gewessen Gerne vun Fotografie usprecht