Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

MYPMAHCK

 
MYPMAHCK
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.06.2006
  • Gekuckt:
    16793
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x499
  • Späicherplaz:
    306 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Minolta 70-210mm 1:4(32)


Fir anzesetzen: [pg_img=7041]
Kommentar vum Fotograf:
Analog Foto
Een Detail vun engem russechen Segelschöff, demols am Hafen vun Brest festgehaal wéngst enger Geschicht mat enger schwäizer Assurancengesellschaft.
Naturknipser 15.06.2006 - 09:00
hues de hei mat de Kontrastregeler gespillt...? Gesait saugut aus! Et get Leit déi maachen nemmen esou e genre Fotoen, schwarzwaiss an da mam Kontrastregeler gepillt, dat ass 100pro main Gout.
elmuzo 15.06.2006 - 10:54
Jo, du gees jo och heiansdo an déi Richtung. Hun effektif expérimentéiert un den Kontrasten, un der Saturatioun an un der Schärft, mee soss weider net. Sin am Fong mol eng Kéier een aaneren Wee am PS gaangen fir se s/w ze maachen an woar dun schlussendlech mam Resultat zefridden. Sin frouh dat se der gefällt closed_eye
Nicon07 15.06.2006 - 13:52
A wéi ee Wee bass du da gaangen?
elmuzo 15.06.2006 - 15:02
Ech hun se einfach direkt désaturéiert (Maachen soss emmer Niveau de Gris), dun um Kontrast an un der Hellegkeet agestallt, duerno atténuéiert (Ech wees d'Waerter lo net méi auswenneg) an zweemol nogeschärft wat mer erméiglecht huet den ganz flotten Kontrast an d'Verzierungen ze maachen. Wou ech net zefridden woar ass mat der Zeechnung an den Seeler, ech hun dat awer net besser kritt.
Nicon07 15.06.2006 - 15:08
Probéier mol eng Kéier mat Mélangeur de couches /Tonkanalmixer wou's du ennen di Box Niveaux de gris/ Graustufen unhaks. An da verschiebs du mol bei den dräi Kanàl d'Regleren. Experimentéier mol einfach esou, fir ze kucke wat geschitt wann ee gring erop a blo erofsetzt, oder emgedréint, a wann ee rout a blo vertauscht. Am idealfall muss d'Somm vun den 3 Wärter 100% ergin, mais wann d'Resultat aanescht der besser gefällt, dann as dat och an der Rei. Duerno rechens du alles a Grostufen ëm, a probéiers mat Niveaux oder Courbes mat Hellegkeet a Kontrast ze jongléieren. Wann's du dann eppes Zefriddestellendes färdegbruëcht huës, da weist du eis dat, gedu!
elmuzo 15.06.2006 - 15:12
Jep, maachen ech dach prompt, kucken mer dat emol den owend un, Merci fir den Tipp closed_eye
Nicon07 15.06.2006 - 13:58
Dat hei as eng ganz flott Foto. Eng detailléiert Momentopnahm oder eng momentan Detailopnahm. Si kéint gudd an eng Reportage iwwert een Evenement op Séi am Stil Détongueart vum Vendée Globe oder A Séi stiëche vun enger Schoulungsfregatte vun der Marine passen. An da sin do d'Kontraster déi den Naturknipser schon ernimmt huët. Ech brauch jo wuël net ze ënnersträichen, datt ech kontratéiert s/w-Biller och ganz gär hun. An da k¨nnt hei nach di onverkennbar Handschreft vum Grafiker elmuzo derbäi, deen een Aa huët fir di minmalistesch an epuréiert Strukturen a Forme vun der Natur a, wéi an dësem Fall, vun de menschléchen Artefakten.
Mach weider esou.
elmuzo 15.06.2006 - 15:08
Ech soen der Merci Nico, ech hun laang um Bild gewierkelt fir wann méiglech de ganzen Potential aus der Prise erauszehuelen an ech muss soen et huet mer ausseruerdentlech Spaass gemaach. Natiirlech gehéiert och eng gudd Portioun subjektiv Sentimentalitéit bei d'Prise (Et woar schon emouvant dat Schöff erem schwammen ze gesin) mee ech mengen d'Prise huet awer och aaneren Leit eppes ze bidden.
Obelix 16.06.2006 - 14:44
interessantes detail, macht lust auf segelnsmile))

nice weekend
elmuzo 17.06.2006 - 01:56
Merci... schéine Weekend och closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 524 Gäscht online