Eng Serie vun Drëpsen vun deem un dass se aus der Fläsch eraus kënnt bis se platzt. Flott fannen ech d'Spigelung an wou Drëps op der Uewerfläch vum Waasser opläit an een gesäit dass déi en bësselchen agedréckt gëtt.
net onbedengt, wanns de op one shot stoen hues an liicht verzögers eiers de ausleiss as schon alles verwackelt an hei onscharf. Am Ai wier et vleit besser gangen.
Ai as den Modus fir bewegten Sujeten op der 1, och bei den anereren Eos'en.
Ech wees jo net wei sein opbau wor, awer Pipette an den Apparat haetten missten fix sin, de rouden Focuspunkt op Pipette gesat, da wier dat schon gangen am MF ouni IS an emol fokusseiert virdrun, natirlech mat Drotausleiser.
Hmm Esh hun schon Freihand Mackroen gemach mat engem 60tel Freihand mat enger 1DMK4 ouni verwwackler...
Den AI Servo ass vir den Tracking vun beweglechen Sujeen gedeucht, hei ass dei Unwendung net Efficae wiekleg dofir, hei gief Esh och eng Manuell Fokuseierung virschloen mat enger klenger Blend f5.6-f8 vir eng Gewessen Deiwteschärft ze kreien...
Spiegelvorausleisung do muste schon am Virauser Fokuseiert hun, an dann klappt de spiegel erop, an dann muss een Ausleisen, mee !!! Et enstin awa och Vibratiounen an dem de Spiegel zereckschleit ! dei Nei Kameran ewei den 60 D den 5DmkIII an den 1Dx hun Endlech en Elektroneschen Verschloss, wat heecht de Spiegel bleiwt egalwei doouwen an de Verschloss get Elektronesch geschaltet wat Null vibratiounen Entstoen leist !
Hmm, Baustrahler ass sou eng Geschicht. Sinn am Endeffekt net sou hell wéi een mengt an hunn eng immens komesch Luucht. Do muss de herno richteg déck un der Faarfkorrektur dréinen vir dat et nees wäiss gëtt, wat hei menger Meenung no besser wier.
D'Blend häss de roueg kënnen bëssen méi zou maachen, am Makro hues de duerch déi kuerz Distanz zum Motiv jo schonn en immensen Verloscht un Déiftenschäerft. An dann am beschten d'Pipette fix ophänken, manuell drop fokusséieren an dann mat Fernausléiser schaffen. Ass Gepiddels...
Gefällt mir och vun der Iddi hir ganz tip top. Seriefunktioun mol aanescht genotzt.
Leider, wéi och schon bemirkt fehlt et e bessi un der Ëmmsätzung, méi konkret, d' Schärft ass net optimal, an eventuel e bessi méi Kontrast geng ech mir och wënschen.
Cool iddi, ass awer secher verbesserungsmeiglech.
Net gudd dass d'pipette net emmer selwescht am bild ass, huelen un dass de alleng hues missten mat pipette a fotoapparat hues missten hanteiren, daat ass dann och e schweire match. Pipette an kamera mussen allen 2 fix installeiert sin well ech soen, an d'foto emmer selwescht gecropt duerno.
Nr1 gesait een e waisst horizontal steck vun der pipette, nr 2 leeft am eck an 3 a 4 leeft pipette no uewen aus.
Mam focus punkt huet och eppes net gestemmt, wann een alles fix installeiert huet kinnt een mam one shot focus op pipette oder dreps setzen an duerno awer onbedengt op manual setzen fir dass de focus sech NET mei aennert.
Den hannergrond an di mellechfuerweg uewerflaech, d spiggelung gefaellt mer ganz gudd, serie funktion gudd benotzt.
Merci fir déi konstruktiv Kommentaren.
Et ass net esou einfach gewiescht fir d'Fläsch mat der Flëssegkeet ëmmer genau op deem selwechten Punkt fest ze halen an och nach liicht drop ze drécken dass eng Drës eraus kënnt. Dofir ass och wahrscheinlech Drës en bëssen verwackelt. Mat ären Tipps an en bësselchen méi Zäit(fir déi do hat ech -15min. gebraucht mat Opbau) kréien ech meng Iddi bestëmmt besser ëmgesat. Muss kucken wéi ech d'Fläsch fixéiert kréien.