Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ech sichen...

 
Ech sichen...
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.06.2006
  • Gekuckt:
    17281
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/160
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    95 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1480x991
  • Späicherplaz:
    280 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Rätselfotoen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=7023]
Kommentar vum Fotograf:
eng Televisiounssendung.
elmuzo 14.06.2006 - 14:55
Schwarzwaldklinik .... prrssst closed_eye
Focus 14.06.2006 - 15:06
kännen ech net closed_eye
Focus 14.06.2006 - 17:22
an, schloofen mer schon?
Nicon07 14.06.2006 - 18:13
Lindenstrasse?bigsmile
SpiegelTV? Ach nöö!
Wetten nass? Hihihi!
Verstehen Sie nass? ... ;-O
Der fröhliche Weinberg?
Der Kalte? Eieieiei!
Mam Hansi Hinternseher?

Mir fehlt et un der Inspiratioun. Sorry. Villäicht hanneno nach eng Kéier.
Focus 14.06.2006 - 18:49
Et geet eigentlech nemmen em den schwarzen Zuus um Bierg.
Focus 14.06.2006 - 18:52
Waat as deen schwarzen Zuuz um Bierg?
Nicon07 14.06.2006 - 20:49
Awer net de Blacky Fuchsberger? De Fuss as dach an engem aaner Bild vun dir...! closed_eye)
Wou as dann dat doten, datt een dee schwarzen Zuuz besser rem erkennt?
Focus 14.06.2006 - 23:11
Sueden.
annemie 14.06.2006 - 23:30
Der Pate? ...nee quatsch as e Film....
eierlech gesoot: no idea closed_eye mee sin gespaant tongue
Focus 15.06.2006 - 07:53
Fens du mat der halfer Leeisung vum Jade lo Sendung?
JADE 14.06.2006 - 23:30
Ass daat déi schwaarz Silhouette vun deem Mann vun "Porto Sandeman", déi een relativ oft an Spuenien an den Felder als Püblizitéit gesäit?

Mee gesin awer och elo nët den Zësummenhang matt enger Sendung?? Dofir waert ët och nët déi richteg Äntwert sin! unhappy
Focus 15.06.2006 - 07:48
wow JADE ech sin begeschtert. Du bas en Genie! Du hues mat glamour den eischten Part gepakt;

lo nach Sendung.
JADE 15.06.2006 - 12:49
Also daat gefällt mir awer super gutt ...... "bass en Genie" ..... "mat Glamour" ..... daat passt nawell ganz gutt bei mäin Wiesen ........ hem ... hem... hem ...
nee, nee, nee daat sin awer NËT ech! Kommen och direkt erëm vun menger narzissescher Wolléck eroof. Pardon!

Hmmmm .... sou Rätselen hun ech gaer!!
Well:
° schéin Foto (matt all deenen bekanntenen Qualifikatiounen: Faarwen, Spiggelung, Bildopdeelung, Cadrage, ....)
° ët ass een schéint Bildrätsel
° ët ass een originellt Wortspill dran (waat d'Neuronen jo mol e bësschen danzen deet!)

AN ........ last but not least .....

° ECH hun d'Rätsel geléist (bon Ok, d'halschent nëmmen, mee ëmmerhin déi wichteg Halschent!!!) (ups, schon erëm narz....! )

Mee hun och keen Mérite, well kennen deen Logo gutt. Awer nët vum drénken! Mee well ........ siehe Äntwert un den Focus an dem Nicon um 11h23, resp. um 11h36 !
Focus 15.06.2006 - 16:53
Hmmmm .... sou Rätselen hun ech gaer!!
Well:
° schéin Foto (matt all deenen bekanntenen Qualifikatiounen: Faarwen, Spiggelung, Bildopdeelung, Cadrage, ....)
° ët ass een schéint Bildrätsel
° ët ass een originellt Wortspill dran (waat d'Neuronen jo mol e bësschen danzen deet!)

Thx, as gutt das du daat geseis, wäll ech fannen das et primär en Fotosite as an das och bei Rätselen Bild sollt an der Rei sin.
Nicon07 15.06.2006 - 10:59
D'Tv-Sendung kéint all Owend um 5 fir 7 um KIKA. Méng Jongen kucken se nach hei ans do, an ech och, besonnesch wann de Pickeldi an de Frederic d'Welt entdecken. Et as:


Die Sendung mit der Maus? Niet!
Löwenzahn? Niet!

UNSER SANDMANN. op letz. De Sandmännchen. YYYYYEAAAHHHH! Bravo, bravo, bravo.
Focus 15.06.2006 - 11:23
Tip Top Nicon07, klängt léift Rätsel, net ze schwéier, awer absolut Top vum Jade an déi richteg Iwwersetzung vun dir :

Den Sandmännchen


PS: Kukk mol den Comment vun 17:22 , geschter closed_eye
Nicon07 15.06.2006 - 11:36
Dee Comment vu 17:22 war dunn net ganz eendeiteg. Well et huët méch gewonnert, datt eréischt ee matgemaach hat, an dovir hun ech gemengt, du wéils d'Userë besse stëtonguepelen, mol ze erwechen, an ze roden.

Mais et war wiirkléch schwéier fir Leit, di bis elo nach ni mam Auto oder Zuch duerch Spuenie gefuer sin, mai di just dat Land vun iwwert de Wolleke gesin hun. An ech war vir d'läscht mat 15 Joer zu Malaga (di éischt a bis elo eenzech Plaaz an Iberien), d.h. long time ago (28 Joer hier!!!). Dofir hu mer jo eist gudd JADE, dat huet südlécht Blutt a séch. Dat kennt d'iberesch Hallefinsel aus dem ff.
Focus 15.06.2006 - 16:49
Et war mir kloer das net jiddereen den Zoro kont gesinn hun, an dofir hat ech Rätsel an 2 gedeelt an (éierlech) am Fong as et zimlech genau sou gaang wéi ech et erhofft hat. Een deen rausfënt waat et as an awer net direkt wees eng Sendung ze assoziéieren, an en aaneren déen sälwer en riesen Fan vum Pikeldi an Frederik as sou wéi ech. Huet mer Spass gemach mat iech.
JADE 15.06.2006 - 18:53
Majo, dann bréng nach esou originell Rätselen mat en plus Photogen-Qualitéit, an dann gin mir nach een top angespilltent Team!
An ........ avis aussi aux autres amateurs passionnés!
JADE 15.06.2006 - 13:00
Jo, wéi den Nicon07 schon soot, kennen ech eng halschent vun dëser Hallefinsel ganz gutt, an fueren säit ....... (hmmm ... soll ech d'Joerzuel wierklech soen? nee nee!)..also säit ganz villen Joeren 2xmol d'Joer (d.h. 1x hin an 1x zeréck) laanscht esou ähnlech "Sandmännercher".
Dofir dann och keen ze groussen Mérite vun mir, fir ët fonnt ze hun!

Mee tiptop daat Rätsel! Ass een intelligent Rätsel gewiescht, dofir hun ech ët jo BAAL fonnt! closed_eye) (Den Nicon ass do awer méi begabt an rapid an den Iwerleeungen!)
annemie 15.06.2006 - 13:43
WOW!!!
Daat do nennen ech jo mol en spannend Rätsel closed_eye déck cool.... *G*

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 509 Gäscht online