Eng wonnerbar Série, flott Perspektiv op der 1. cool den déif schwarzen Damp, besonnesch gud gefalen mir déi 2. an déi 4. Schued dat een nach keen Toun kann bei d'Fotoen dobäi machen, wëll Geräischkullisse wor och ganz impressionant
well lo net kritiséieren, mee déi eischt kippt awer ellen, oder wolls de déi sou weisen, ass een vun der net gewinnt, eischter vun mär, dei aaner gefaalen mer gud!
Eng Männer Spillsaach..Grouss Maschinn di och nach Dämmt. Nostalgie pur do hunn ech am klengen Beetebuerger Park schonn drop gespillt, an och laang duerno drun geschafft. Eng flott Serie...beim ausriichten einfach op Catenaires Pottoen oppassen di missten richt sinn, an der Kuerf muss dënn Zuch schonn kippen soss ass et net realistesch. Gefält mir awer ganz gutt Val....