De Problem ass, datt se alleguerten iwwert d'Sonneblummekärn hirfaalen a wann een am Supermarché nëmme méi eng Mëschung kritt, da sin di verwinnten Villercher net zefridden. Da picken se d'Sonneblummekären raus a virun allem sin d'Märelen jou eppes vu feinmotoresch onbegabt, datt se alles ronderem verstreeën. Mais wann ee Charakter beweist a just nofiddert, wann se alle geuddert hun, da friessen se och d'Nëss an di aaner Zorte Kären.