Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Making of Pienza

 
All Fotoen an dëser Serie:
33648 Thumbnail
33649 Thumbnail
33650 Thumbnail
33651 Thumbnail
Making of Pienza
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.01.2013
  • Gekuckt:
    15073
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69688]
Kommentar vum Fotograf:
An hei de Procedere, wéi een ee Polar-Panorama mécht.

1) een 360°/180° Panorama, entweder aus 4 circular Fisheye-Fotoen oder genuch linear Super-Wäitwénkelfoten zesummegesaat.

2) mat Imagesize am PS (oder ähnléchem) de Pano op ee Quadrat z.B 2500*2500 Pixel ëmrechnen (Constrain proportions muss ausgeschalt sin)

3) di quadratesch Foto ëm 180° dréinen, soss kënnt den Himmel bannen.

4) An der Filtergalerie vum PS Distort uwielen an dann am Menu Polar coordinates de Befehl rectangualr to polar ausféieren.

5) mat Stempel oder Reparaturpinsel d'Iwwergäng nach propper maachen, d'Sensorflecken botzen an d'Bild an déi gewënschten Orientatioun dréinen... (hun ech hei net gemaach, well et jo just ee pädagogeschen upload ass)...

;-)
Fertich!
Jean-Jos 06.01.2013 - 18:55
Ganz flott Nico an en décke Merci fir de 'making of' an dee liicht verständlechen Tutorial; ech hu mech effektiv schons e puermol gefroot, wéi et geet, hat et awer nach ni recherchéiert an elo zervéiers du et um Plateau, einfach esou.
Bescht Gréiss, Jean-Paul
Nicon07 06.01.2013 - 20:02
Ma gär geschitt, Jean-Paul. Et ass alos guer net sou schwéier, mais ech hun et och missen an enger Fotozeitung, déi ech elo beim Raumen rëmfonnt hun, entdecken. En plus war et do erklärt, wéi een et am Photoshop Elements 9 mécht. Mais vu datt dee grousse Brudder jo alles dat kann, wat dee klengen nomécht, war et ee Kannerspill, fir et am PS 12 och färdegzebréngen. Et ass just ee Problem dobäi: de Photomerge am PS ka keng Fisheye-Panoramata stitchen, dofit brauch een de PTGui oder den AutoPano oder de RealViz StitcherUnlimited.
Et kann een och Panorame stitchen, déi keng 360° an der breed hun, awer da muss ee mat Transform a mam Healing Brush Tool den Iwwergang, wou di 2 Säiten zesummestoussen, upassen a retouchéieren.
Jean-Jos 06.01.2013 - 21:24
Bei éischter Geléenheet gi Biller geschoss, fir dat auszeprobéieren smile
gemu 07.01.2013 - 08:27
Very interessant däin making of mat den Erklärungen, besonnesch flott dat daat och am PSE méiglech ass fir déi di keen PS hun smile Merci
Jacques 07.01.2013 - 13:00
Interressant an merci fir d'Beschreiwung wéiss du daat gemeet hues!
Mär perseinlech gefallen se, just d'Sonn fällt e bessen ze stoark an d'Bild eran.
SergeGoerend 07.01.2013 - 13:50
cool Idee smile
muss een och moll drop kommen! closed_eye
jps 08.01.2013 - 09:42
Interessant, a gudd Beschriwen.
Merci Nico !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 560 Gäscht online