Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Duerch den Schilf

 
Duerch den Schilf
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (30.12.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.12.2012
  • Gekuckt:
    26957
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/2500 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    291 KB
  • Originaldatum:
    2012:12:29 20:55:31
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69500]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Nilgäns am Fluch duerch den Schilf geknippst. Et ass keen Montage
Paul-H 30.12.2012 - 00:38
Super Bild Schluck!
Schluck 30.12.2012 - 11:55
Merci Paul, dat freet mech
Abacab 30.12.2012 - 01:52
Aussergewéinlech a ganz interessant Foto! Fannen se immens!
Schluck 30.12.2012 - 11:55
Merci Marc, jo frëen mech och sou richteg iwwer dës
jps 30.12.2012 - 11:41
Super mat denen doucen Farwen an der Schärft just um Aa.
Do war den AF awer ausgeschalt ?
Schluck 30.12.2012 - 11:50
Merci Jean-Paul, Nee, den AF woar nët ausgeschallt ... hunn se nach ee bëssen obgehellt .. besser oder nët .. sinn mer nach nët eens
jps 30.12.2012 - 12:13
Fir mech sin déi 2 identesch, ech gesinn do keng Differenz.
Schluck 30.12.2012 - 12:18
Shift-REfresh, .. déi aal ass nach an der Cache
jps 30.12.2012 - 12:23
Wous de Recht hues ... closed_eye
Ech fannen déi al Versioun besser.
Schluck 30.12.2012 - 12:31
Jo, do ass och manner Kontrast drann an dat kënnt mengen ech besser
jorsch 30.12.2012 - 12:24
Dat gefält mir exzellent!!

De Bléck duerch d'Schilf gëtt engem en Androck, selwer do op der Lauer ze leien a vum Vugel iwwerrascht ze ginn. Doduerch begéint een d'Nilgäns méi perséinlech ewéi op enger "lexikaler" Foto.
Schluck 30.12.2012 - 12:34
Merci jorsch, dat freet mech ... jo dass se do sou 'kamoufléiert' ass gët dem Bild do eng besonnech Stëmmung
TC 30.12.2012 - 13:05
Flott Idee mat dem flouen Schilf!
Schluck 30.12.2012 - 13:30
Merci Thierry
Nicon07 30.12.2012 - 13:49
Ah sou! Dann has du jo e bësse Succès geschter. D'Wieder war jo awer och fir eng Glace z'iessen. smile Schued, datt ech dénger Invitatioun fir matzegoen, net konnt follechen.

D'Iddi vun der Foto ass op alle Fall ganz gudd. An et war bestëmmt net einfach, fir d'Gäns scharf ze stellen. Mir gefällt di Foto do super gudd.


Schluck 30.12.2012 - 14:12
Merci Nico, jo woar rëm flott wéi ëmmer ob daer Platz .. schued dass de nët konns dobéi sinn, mir huelen dat no!
marker 30.12.2012 - 13:53
..emol ëtonguepes aneschters vu Bild. Ganz speziel a flott gewisen an denen pastellartegen Faarwtéin, an en plus guden Kadrage.
..gefällt mir exzellent Schluck..!!
Schluck 30.12.2012 - 14:13
Merci marker ... woar och ganz begëschtert vun daer do ... freet mech
Jean-Jos 30.12.2012 - 14:45
Déi Nilgäns gefällt, fäin an hiirem natirlechen Ëmfeld präsentéiert!
Conley 30.12.2012 - 16:01
Gutt Idee an flott gewisen Schluck.
Jeanny 30.12.2012 - 16:05
an e schéint schaarf Ae huet se, gefëllt mir ganz gutt Schluck
mischii 30.12.2012 - 16:13
ganz spannend dat do, et fillt een sech bal als Eindringling,
sou wi e klengt Kand dat duerch d'Schlëssellach luusst

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 473 Gäscht online