Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Haupeschbaach

 
Haupeschbaach
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.12.2012
  • Gekuckt:
    33894
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    13 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    34 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    700x800
  • Späicherplaz:
    635 KB
  • Originaldatum:
    Dezember 2012
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
Stativ & ND 09

Fir anzesetzen: [pg_img=69472]
Kommentar vum Fotograf:
..eng Platz an der Haupeschbaach wou ganz rar Waasser kënnt, ausser wann et fatzeg reent.
Jacques 29.12.2012 - 06:55
Eng schéin Beliichtung an Kontraster an deser Foto, an den Bildopbau ass perfekt!!
marker 29.12.2012 - 18:12
Merci villmols Jacques, héiert een natierlech gär.
MR 29.12.2012 - 07:33
Déi Foto as ganz no mengem Goût!
herrlech schéinsmile
marker 29.12.2012 - 18:13
Däi Goût getraff ze hun freet mech Martine, a fir de Comment Merci gesot.
icylady 29.12.2012 - 10:18
wouaww, een Highlight de moien, smile
ech sin een Fan vun Moos an Bësch an déi Foto huet mir et ugedoen
sech dohin beamen an ganz roueg ginn, traumhaft schéin .-)
marker 29.12.2012 - 18:54
..all Daag een Highlight ass cool, an dat dëst Bild dee vun Haut war, freet dat mech richteg.
..ët as eng flott Plaatz, just Schued dat bal nii Waaser hei fléisst. Mais egal, wéi's de selwer sot's, dësen flotten Fleck Natur betruechten, dem Klang vum Wasser nolauschteren a ganz roueg gin.
E grousse Merci fir däi léiwe Comment icylady.
BlackLizzard 29.12.2012 - 11:53
Excellent déi doten. Gefällt mir richteg gut.
marker 29.12.2012 - 18:56
Merci BlackLizzard, freet mech hei ze liesen.
Jeanny 29.12.2012 - 13:18
dat heescht do huet et och fatzeg gereentsmile
eng perfekt Foto Marc
marker 29.12.2012 - 19:06
..jo Jeanny, och souguer d'Bild ass am Reen entstanen an d'Fielsen waren ferm glëtscheg.
..ët freet mech wann d'Bild dir gefällt, a fir de ''perfekt'' e ganz grousse Merci Jeanny.
suraki 29.12.2012 - 19:29
erfrëschend flott !!
marker 30.12.2012 - 14:44
..erfrëschend fiicht war et och wéi ech d'Opnahm gemach hun closed_eye
Merci beaucoup suraki.
obskur 29.12.2012 - 19:56
Gefällt mir ganz gutt marker.closed_eye
marker 30.12.2012 - 14:44
..dat freet mech, Merci obskur.
Conley 29.12.2012 - 21:04
Alt erëm Wonnerschéin däin Spill mam Waasser, eng Top Opnahm marker.
marker 30.12.2012 - 14:45
..an och nees eng Freed ze liesen, Merci Conley.
jorsch 29.12.2012 - 21:13
Waasser iwwert de Steng, Waasser ënnert de Steng, Waasser tëscht de Steng ... dës Foto gefält mir ganz gutt!
D'Pose hues de och gutt hi kritt: Liicht verwëscht an awer ass d'Beweegung vun der Bach nach däitlech ze erkennen. Super!
marker 30.12.2012 - 15:07
E grousse Merci fir däi Comment jorsch. Et as eng intressant Plaatz, ët muss e just e bessi knechelen fir een optimalen Standpunkt ze hun, mee dann bidden sech emgem flott Motiver.
mischii 29.12.2012 - 21:50
dann hues Du dee richtegen Zäitpunkt erwëscht,
wonnerschéin mat dem grénge Mooos
marker 30.12.2012 - 15:16
..jo, et war dee leschte Freideg an och méi Zoufall, deen Daag virdrun koum hei praktesch kee Waasser.
Et freet mech op alle Fall dat d'Bild gefällt Michèle. Merci gesot.
chrYstal 30.12.2012 - 14:13
Eng wonnerschéin Opnahm!
marker 30.12.2012 - 15:17
Merci chrYstal, ech freen mech ëmmer iwer esou ee Comment.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 294 Gäscht online