Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Um Foossenhaff

 
Um Foossenhaff
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.12.2012
  • Gekuckt:
    37437
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    1/180 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    +0.3 EV
  • Gréisst:
    1200x849
  • Späicherplaz:
    666 KB
  • Originaldatum:
    Dezember 2012
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69432]
Kommentar vum Fotograf:
..bei Hengischt, virun zwou Wochen. Hei huet mer d'Sträifliicht besonnesch gutt gefall.
Scyv76 27.12.2012 - 18:57
Déi gefällt mir immens gudd mat der Luucht, sie léit och gudd am Schnett, schéin Déift och duech d'Beem hannen um Horizont.
marker 28.12.2012 - 18:17
Merci Scyv76, freet mech ze liesen.
svenia 27.12.2012 - 19:36
Déi gefält mir och tipptopp! Fannen de Cadrage hei ganz gutt gewielt.
marker 28.12.2012 - 18:18
Merci svenia, daat freet mech wann d'Bild dir gefällt.
jorsch 27.12.2012 - 19:53
Di oppe Schnéilandschaft mat dem roude Baurenhaff, den bloen Himmel an der schwaarzer Strooss gefält mir ganz gutt!
marker 28.12.2012 - 18:21
Merci gesot jorsch, freet mech.
Schluck 27.12.2012 - 20:22
Richteg flott! keint mer se och gutt am Pano firstellen, sou knapp iwwert der rietser Wolléck gecroppt
marker 28.12.2012 - 18:36
Merci villmols Schluck. Ech hun d'Bild hei no der ''Drettel Regel'' opgebaut, dofir 2/3 Himmel.
Deng Propose hun ech awer och ausprobéiert, an deem Fall mat 1/3 Himmel, an ech fannen dat's de Recht hues. Ët as ee ganz anert Bild. Ech hun ët awer net ersat, vu dat d'Leit déi aktuel Versioun commentéiert hun.
Schluck 28.12.2012 - 18:45
Si ass jo och flott esou wéi se do ass .. ersetzen géif ech se och nët mais den Denkunstouss wollt ech awer ginn wëll sou am Pano gëtt den Wee an déi Stréiff Luucht nach vill méi betount an wéi's du sees ass d'Bild awer een annert


marker 28.12.2012 - 19:25
..am Pano. gefällt d'Bild mir och elo am Nachhinein besser, ..däin Denkustouss war schon's gutt, an dofir nach eng Kéier Merci.
gi87 27.12.2012 - 21:12
De Schluck heudet schon ungeschwaat, hun ma dat gleicht gedeucht wou Esh Bild gesin hun, manner Himmel gief dem Bild hei gud dohen !
marker 28.12.2012 - 18:38
Merci gi87, stëmmt, mais kuck d'Äntwert beim Schluck.
gemu 27.12.2012 - 23:14
Ganz grousse Kino, flotten eyecatcher um Rand vun der Stross a wonnerbar Déift... I'am dreaming of a white .....
marker 28.12.2012 - 18:41
Och e grousse Merci un dech gemu, ..an ech mengen mir dreemen nach e bessi virun.. closed_eye
gogo 27.12.2012 - 23:21
wow! Gefaellt mer immens, ech haett jo gaeren lo gesoot
"domadder haess de beim läschte Concours doudsëcher gewonnen"

mais, daat hues de jo souwisou,
also 2 * Gratulatioun vu mier nach nodréichlech bigsmile

marker 28.12.2012 - 18:57
..ech hat dës och fir de Concours virgesin, mais irgendwéi huet se mer awer e bëssen ''ze banal'' geschingt, an dofir dun d'Bild mam Steg am Géigeliicht.
Ech sin zwar elo selwer iwwerrascht dat d'Bild hei esou een Uklang fonnt huet!!! surprised

..een duebelen Merci un dech gogo, freet mech.
Houll-art 27.12.2012 - 23:25
Mol eng Landschaftfoto déi mir op den éischten Bléck super gefällt !!!

Faved!
marker 28.12.2012 - 18:45
Merci André, dat freet mech ze liesen.
Aiello 28.12.2012 - 00:25
Kann en denen aneren nemmen zou stemmen, schein schein Foto, schein vue
marker 28.12.2012 - 19:27
Merci Aiello, freet mech wann d'Bild dir gefällt.
Jeanny 28.12.2012 - 06:05
Wei schéin kann de Wanter sinn,
eng wonnerbar Foto
marker 28.12.2012 - 19:30
..de Wanter kann immens schéin sin wann Schnéi läit, ....mais am Moment..... unhappy

..mech freet awer dat d'Foto dir gefällt, an dofir Merci gesot Jeanny.
Jacques 28.12.2012 - 07:09
En top Bildopbau an Beliichtung!
Eng wonnerbar Foto marker!
marker 28.12.2012 - 19:33
Merci beaucoup Jacques, daat freet mech.
MR 28.12.2012 - 07:36
einfach nëmmen wonnerschéin
déi Schnéilandschaftsmile
marker 28.12.2012 - 19:35
Merci Martine, freet mech ze liesen.
bac 28.12.2012 - 10:44
Eng wonnerbar Landschaftsfoto
marker 28.12.2012 - 19:41
Merci gesot bac, daat freet mech.
Conley 28.12.2012 - 14:32
Eng Super Opnahm mat den leschten Sonnestralen....wonnerschéin marker.
marker 28.12.2012 - 19:43
..jo ët war een herrlecht Liicht deen Abléck

Merci villmols Conley.
Gaga 29.12.2012 - 08:32
Gefällt mer ganz gut. De Kadrage hätt ech och e bessen mei op t'Straifliicht gesaat. Also manner hImmel an och ennen evtl e bessen manner, obwuel t'Strooss esou gut wierkt.
Waat mier awer am beschten gefällt sin dei 3 kleng Beem die do nach erausluussen an an der Sonn blenken. Dohier geiff ech hei gären en extremen Panokadrage probeieren.
marker 29.12.2012 - 18:10
Merci Gaga, dat d'Foto gefällt freet mech natierlech.
Mam Kadrage hues de Recht, de Schluck huet ët och schons proposéiert, an mir perséinlech gefällt d'Bild am Pano. entretemps och besser. Lueden esou eng Versioun bei Geléenheet nei erop.
OK-Photography 31.12.2012 - 15:05
mir gefällt se sou besser, duerch den villen Himmel entsteet nach mei "Abgeschiedenheit" waat bei den Androck vun der Foto passt...se as mei lefteg sou, hun daat léiwer wei een starken crop den een dann herno och nach net op dBlaat kritt...closed_eye (ouni extra ze bezuelen...)
marker 31.12.2012 - 20:46
Am Groussen ass méi Raum, on dofir wierkt den Haff méi kleng an och méi wäit ewech, waat awer eng optesch Täuschung ass. Dat hei ass d'Ausgangsbild wou mech jo och dozou bewoen huet ët esou opzehuelen.
D'Panoramaformat gefällt mir am Nachhinein awer besser, zumindest um Ecran, geprint awer nees net méi, do geet bei enger normaler Gréisst vu Pabeier vill vum Bild verluer.
E Merci un dech fir deng Meenung zu dësem Bild BlackPanther, an ët freet mech dat ët dir gefällt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 228 Gäscht online