Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dreckesch Patten

 
Dreckesch Patten
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.12.2012
  • Gekuckt:
    28552
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    735x880
  • Späicherplaz:
    661 KB
  • Originaldatum:
    2012:12:17 08:14:22
  • Fotoapparat:
    NIKON D3X
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69222]
Kommentar vum Fotograf:
haat dess d'Kaweechelchen nodeems et am Buedem geschärt huet fir sein Fudder ze verstoppen:-)
MR 18.12.2012 - 05:20
Super flott festgehalen
wéi et mat knaschtegen Patten
den Männchen mëscht an
ganz virwëtzeg dran kucktsmile
Jacques 18.12.2012 - 13:56
Deen huet den ganzen Zeit gekuckt waat esou leeft ronderemsmile
Villmools Merci Martinesmile
BlackLizzard 18.12.2012 - 06:01
Den ass awer gutt geroden, hien huet wuel just den Gaart gegruewen. Eng schéin Foto.

105mm ?surprised Wéi bass de sou no erunn komm ? Virun mir laafen se ëmmer direkt fort bigsmile
Jacques 18.12.2012 - 13:57
En decken merci BlackLizzardsmile
D'Foto ass gecropt weil ech leider keen aanert Objektiv derbei haat. Ech lung eng Zeit um Buedem an hannert engem Baam verstoppt bis ech et erwescht hunsmile
gemu 18.12.2012 - 06:30
Wonnerbar Jacques an esou no drun, hues du etwa gehollef d'Fudder anzebuddelen, aus der Perspektiv schléissen ech dass du och bal um Buedem wars
Jacques 18.12.2012 - 13:59
Villmools Merci gemu,freet mech dass se gefällt!smile
Ech hun mech op den Buedem geluecht fir eng schéin Perspektiv ze kreien.
Heen huet séin Fudder selwer agebuddeltclosed_eye
BigVood 18.12.2012 - 08:15
Deen ass schéi geroden. Sinn erstaunt, mat 105mm sou no run?

Du fidders hien lo duerch de Wanter gutt duerch, an am Fréijoer muss hien dir dann de Gaart ëmgruewen. Dat ass mir mol een top Beispill vu Symbios. smile
Jacques 18.12.2012 - 14:00
Villmools Merci BigVoodsmile

D'Foto ass gecropt well ech kenn aanert Objektiv derbei haat.
Daat wär necht schlecht wann heen mer kéint den Gaard emgruewenclosed_eye
Ferdl 18.12.2012 - 08:32
Herrlech, déi Foto smile
Jacques 18.12.2012 - 14:01
Villmools merci Ferdlsmile
Abacab 18.12.2012 - 10:21
Gef et zou Jacques, däi Kaweechelchen jobt nierwelaanscht als Model an du hues et gebucht bigsmile
Hei gefält mer besonneg di super Perspektiv an di Top Schaerft a Qualitéit!
Ech hätt et fléit eng Grets méi no lënks gesat, mee et gefält awer och ganz gutt esou closed_eye
Jacques 18.12.2012 - 14:02
Elo hues du alles verroden Marc, daat brauch dach keen ze wessen dass ech desst Model gebucht haatclosed_eye

Freet mech wann d'Foto der gefälltsmile
En decken Mercismile
micky-maus 18.12.2012 - 12:14
Olala, Jacques. Dei dooten gefällt mier nach besser ewei dei 1. TOP

Just fier main Gout keint den WB bessi mei heich sinn, mengen een liicht bloen Stach dran ze gesinn.... Waat mengst Du?
Jacques 18.12.2012 - 14:05
Villmools Merci Micky-Maussmile,freet mech wann se gefällt!

Waat den Bloostach ubelaangt, hun ech nach eng keier kontrolleiert mee kann neischt gesin dovun. Méin Schierm ass kalibreiert an déi eenzech bloo Foarw dei ech gesin, ass den "reflect" vum bloen Himmel an sengem Aa!
micky-maus 19.12.2012 - 14:47
Hmm, hunn se elo mol am LR opgemeet ann den WB eropgesaat, fannen awer daat den WB mei heich keint sinn, dann kennt dei Orange Faerf vum KWechelchen nach besser visavis vunn der Wiss eraus... Ass villaicht just meng Mehnung.... closed_eye
Jacques 20.12.2012 - 05:50
Merci fir den Tip, micky-maussmile
jorsch 18.12.2012 - 14:29
Jacques, has du dech als Kaweechelche verkleet fir esou no eru gelooss ze ginn? smile
Erëm eng super Opnahm, di knaschteg Patte gefale mir besonnesch gutt!
Jacques 19.12.2012 - 08:04
Du hues et gerooden, ech woar als Kaweechelchen verkleedclosed_eye
Wann ech Seef an Waasser derbei gehaat hett dann hett ech him seng Patten gewäschbigsmile

Villmools Merci Jorschsmile
Titi 18.12.2012 - 16:55
Blostach, wou? Fannen dass d'Fuarwen schéin am Nocomplémentar eraus kommen smile.
Jacques, wou luchs du dann fir déi Perspektiv ze kréien, bass op Aaenhéicht ?
Jacques 19.12.2012 - 08:05
Villmools Merci Titismile

Ech luung flach um Buedemsmile
kokopelli 18.12.2012 - 17:39
Fir ze gräifen no,Top!!
Jacques 19.12.2012 - 08:06
Villmools Merci kokopellismile
kicker 18.12.2012 - 19:29
Simplement magnifique Jacques.
Jacques 19.12.2012 - 08:06
Villmools Merci kickersmile
Conley 18.12.2012 - 20:11
Datt Kaweechelchen huet Alzheimer an weess net méi wou et seng Nëss verbuddelt huet....Top Jacques. closed_eye
Jacques 19.12.2012 - 08:06
Do kéins du recht hunclosed_eye
Villmools merci Conleysmile
desi 19.12.2012 - 19:04
oooo wei SüSS schein smile
Jacques 20.12.2012 - 05:49
2x en decken Merci desi!smile
Fuuss 20.12.2012 - 00:49
Een terribel efficace Pose! Kéint just e besselchen méi Fräiraum no riets verdroen.
Jacques 20.12.2012 - 05:49
Villmools Merci Fuusssmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 348 Gäscht online