... mat sengen Damen an der Moiessonn um Kafféesdech. Een Naturdocument, keen Crop. Ech hat Chance wëll duerch d'unpirschen woar ech widdert d'Riedchen komm an just nach mat 1/20 geknippst.
Jo, ass ët effektif .. do geet der sou d'Pompel an den Adrenalin schéisst an d'Luucht ... dat ass onbeschréiflech .. ech kéint mech an den Aarsch béissen dass mer dat mat 1/20 nët méi obgefall ass wëll do sinn nach annerer déi doduerch onscharf sinn
Ech mengen, dee schléift sech lo mol nach fit, fir d'Faass ze packen.
Wat mengst du, soll ech him och en Zoossiss mathuelen, an déi eventuell un engem Bengel mat Ficelle virun him hierhalen, da leeft hien méi séier mam Faass. Um Lac huet dat jo ouni Zoossiss net sou geklappt (sou gëtt gemunkelt).
Déi Idee ass mol nët sou schlecht, ass och fir eis villéicht keen Fehler wëll eh bëssen eppes am Mo kann nët schueden. Wéi ech mengeer Frauschen dovun geziehlt hunn sott hat direkt .. Oh Mam ... dann kënns de awer mam Zuch heem.
Gesäiss de awer wat ët schon iwwert eis denkt ... dobéi sinn mir dach ëmmer sou serieux .. ech wees nët wéi's du dat gesäis mais ech verstinn ët nët. Dat kann nëmmen den mam Béierfass sinn den een schlechten Anfloss ob eis zwee brav Männercher huet
Dat muss jo schlëmm um "Lac" gewiescht sinn mat iech zwee. Déi nächste Kéier kritt dir méi Zoossisse mat a kee Faass méi. Dat sollt jo just Training sinn. Léist deng Fra dech da nach alleng mat dem virun Dier oder krut dir elektronesch Foussfesselen vum Kleeschen an de Schung?
Eng Super Opnahm. Fir 1/20 sek. do wär ech awer schonn ganz zefridden... Kann dech awer verstoen, mengen awer du kenns net drun fir dran ze bäissen wollt datt och schonn oft Schluck.
Fir mat 1/20 eng schein scharf Foto. Geseis de, den Liter Schnapps irr mer lass gangen sin huet der geholef fir net mei ze zidderen soss keins du eis dei doten elo net weisen
Bei der heiten war de Flachmann awer och schonns eidel.
Anerer ware nach dobäi hier Zoossiss a fein Rëndelcher ze schneiden, domatt se dee schwéieren Apparat besser packen.
Hehehe .. jo sou dat huet effektiv gehollef .. ouni Humpen an Drë ass ët schwéier fir den Daag unzefänken .. gutt dass du d'Zielwaasser dobéi hass .. meng Hänn woaren durno och direkt ërem méi roueg