Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

***WANTER-ZAUBER***

 
***WANTER-ZAUBER***
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.12.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.12.2012
  • Gekuckt:
    16093
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/2000 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    12 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x714
  • Späicherplaz:
    631 KB
  • Originaldatum:
    08.12.2012
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    NIKKOR 12-24 f4
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69029]
Kommentar vum Fotograf:
Irgendwou doo huawen am Eislick
Ann zwar eng Vue op Wahl.... (Merci unn den Nicon07 fierd Info)

Klicken net vergiessen
Nicon07 10.12.2012 - 14:40
Dat ass eng Vue op Wahl, an dat ass zwar wuel am Eislék, awer net "doo huawen". Wahl läit nämléch am Weste vum Laund, wou se nach ganz aanescht schwetzen. smile Wahl läit op 49°50' N, Iechternach als Verglach op 49°48'N an Ettelbréck op 49°51'. Souvill zu douawwen... smile

Sorry, dat sollt keng Beléierung sin, mais ech wollt just opmierksam maachen op eppes, wat vill Leit hei zu Lëtzebuerg net ze wëssen schingen (oder vergiessen): Nämléch datt d'Grenz tescht Guttland an Éisléck vu W no O "diagonal" no Norde verleeft. ;-) Graff gesin also vu Ruedt (Ell) bis Veianen. An eiser Géigend am Westen nicken se nach net an si schwetzen och nach guer net dat typescht Éisléker. smile ;-)

Ah jo! Net béis iwwer méch sin, w.e.gl.! Ech hun dat hei mat Schmunzele geschriwwen. Mais déi Communication non-verbale kënnt online schlecht mat eriwwer.

Di Foto fannen ech iwwregens ganz flott, mat deem déiwe Standpunkt an mat sou vill Wäitwénkel. Dat eenzecht, wat méch e bëssi stéiert, ass, datt dee Baam rechts ugeschnidden ass. Well lénks jo nu wirkléch näischt Interessantes ze kucken ass, häss du vläicht kéinten e bësse méi no riets cadréieren an de Bam ganz mat drophuelen. An engems wier d'Sonn net méi an der Mëtt vun der Foto.
Gaga 10.12.2012 - 14:50
stemmen dem Nicon 100% zou.
Daat mam Eisléck wees ech elo net esou genau, fier mech als gebiertegen Minetter wei den Micky-Maus, fänkt t'Eiléck hannert Dommeldeng un .... bigsmile

Verzei eis eis Onwessenheet Nicon wegl. ! closed_eye

Nicon07 10.12.2012 - 15:02
Kommt elo, Jongen! Ech sin och kee gebiertegen Éisléker, ech si vu Miersch, also just een halwe Meter vum Minett ewech... closed_eye . Ech ka méch erënneren, datt ech viru Joeren zu Esch geschafft hun, an deemols hu mir Leit vun do gesot, d'Éislék géing schon hanner Steebrécken ufänken. bigsmile Deemno war ech als Mierscher schon ee richtegen "Hondséisléker".... closed_eye bigsmile
Gaga 10.12.2012 - 15:29
Bein, loossen mer soen, als Monnerecher Bounesack fierts de mol ab und zu an t'Saat an de Kino, mais mei weit wei Dommeldeng kenns de net ... alles do hannendrun as Nomensland ... closed_eye
micky-maus 10.12.2012 - 16:55
Eemol eislecker emmer eislecker, kann eis Sproch awer nach fleissen schwätzen.
micky-maus 10.12.2012 - 16:53
Uuhhh, zu menger Schand muss ech zouginn Stackeislecker ze sinn (kliärref) sinn also beigprafften Minetter. Am eisleck hunn mer emmer gesoot, gudland fänkt hanner dem Ierpelenger Tipp unn...
Nicon07 10.12.2012 - 17:15
Ma dat ass jo och ganz richteg, datt d'Guddland ënnert dem Fridhaff ufänkt. Ierpeldéng heescht jo net fir näischt Porte des Ardennes... smile
micky-maus 10.12.2012 - 17:01
Merci fier Dain schon lehrreichen kommentar. Sinn einfach droplass gefuer mat mengem Auto, ann doo wou ett schein ass stallgehaalen. Eng wonnerbar Landschaft wou ech nach secher mei oft wäert Fotoen maachen....
Nicon07 10.12.2012 - 17:16
Da schéck mir deen Daag virdrun eng PM. Wann ech dann Zäit hun, da weisen ech dir eisen Eck, wou nach flott Plaze fir ze fotograféiere sin...
micky-maus 11.12.2012 - 13:47
Eng gudd Idee, gefällt mer. Hun nächst Woch Congä. Doo misst irgendwann eppes dran sinn. smile
micky-maus 10.12.2012 - 17:05
Zur Foto, hunn doo eng 12 Fotoen aus mei Perspektiven gemeet, probeieren mol op ech doo eppes zesummengesticht kreien. Sinn een schlechten Photoshopler, maachen mol main bescht.
MarcGerard 10.12.2012 - 15:16

woaaaah, coool! gefällt mer ganz gudd!!!!
micky-maus 10.12.2012 - 17:10
Merci villmols Marc, ett freet mech besonnech wann se Dier gefällt...
Schluck 10.12.2012 - 18:40
Fannen ech och immens flott déi do, virun allem duerch d'Perspektiv .. lo verstinn ech och firwat's de zu mier soos du häs der d'Jicken ofgefruer. den Baam ganz lenks géif ech perséinlech och ganz ewegcroppen
micky-maus 10.12.2012 - 18:56
Merci Schluck, kucken den Owend mol waat ech doo mat deenen Bääm doo maachen. Hunn nach bessi Plaatz.
Schluck 11.12.2012 - 15:12
Yep .. genau esou ... vill besser
gemu 10.12.2012 - 19:24
Super, eng genial Perspektiv
micky-maus 11.12.2012 - 08:06
2x een decke merci Georges....
Nicon07 11.12.2012 - 22:21
Ah jo! Sou ass dat tiptop! Vill méi ausgeglach. Merci, datts du dir d'Méih gemaach hues, d'Foto nei ze verschaffen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 443 Gäscht online