Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kaweechelchen

 
All Fotoen an dëser Serie:
32987 Thumbnail
32994 Thumbnail
Kaweechelchen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.12.2012
  • Gekuckt:
    19351
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Originaldatum:
    09/12/2012
  • Fotoapparat:
    Nikon D4
  • Objektiv:
    Nikon 600mm
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68986]
Kommentar vum Fotograf:
Besuch de Mueren vun engem léiwen Kaweechelchen.
Hei de Making of: e klenge Filmchen vun deem léiwen Déier:
http://youtu.be/LulL56TTBis
onbedingt am HD 1080p kucken!
MR 09.12.2012 - 12:59
Ganz flott festgehalen
mat den Schnéiflacken am Bild
an d'Kaweechelchen
kuckt ganz interesséiert dran.

Abacab 09.12.2012 - 13:59
Merci Martine.
Mueren wéi ech opgestan sinn an zur Fenster eraus gekuckt hunn du hunn ech et erblëckst...an du séier d'Flént sichen closed_eye
chrYstal 09.12.2012 - 13:02
Ganz schéin!
Abacab 09.12.2012 - 14:01
Merci chrYstal closed_eye
petz65 09.12.2012 - 13:25
Bravo Marc
Gut erwescht!
Abacab 09.12.2012 - 14:00
Merci Petz closed_eye
Nathalie 09.12.2012 - 13:37
Ganz ganz flott Marc, gefällt mir immens gut. Ass richteg leif deen klengen do smile
Esoueen besuch wenscht jidereen sech smile
Abacab 09.12.2012 - 14:00
Merci Nathalie.
Hei nach e klenge Filmchen closed_eye
http://youtu.be/LulL56TTBis
Nathalie 09.12.2012 - 16:23
Immens leif dat deierchen, ech mengen ech keint em stonnelang nokucken closed_eye
gemu 09.12.2012 - 14:11
Immens léiw festgehalen,, wonnerbar déi Aan ! Genial Marc
Abacab 09.12.2012 - 14:15
Zweemol en decke Merci Georges.
Si selwer immens frou fir et a mengem Gaart dierfen ze knipsen an ze filmen.
MsJarryman 09.12.2012 - 14:28
Super Foto
Abacab 09.12.2012 - 16:20
Merci MsJarryman closed_eye
desi 09.12.2012 - 18:52
ooooo dei sin mega SüSS smile
ech kennen en den leet emmer ness op den
smile tisch an all dach
smile kommen se dan op den TISCH smile
dei gantz familie kennt dann smile
dat ass eseu hereleg smile (streng geheim ni engem sohen ) !!!!!!
trick : ness op en TISC leeen )
;)
Abacab 09.12.2012 - 22:01
Jo desi esou ass et, een deen näischt get, deen och näischt krett closed_eye
Zumol dest Joer wou bal kee Bam Nees hat, ass et schonns wichteg, deene léiwen Déieren ze hellefen.
Hat d'Häischen mam Fudder virun zwou Wochen erausgesat, a kuck do...haut hunn ech de Merci kritt closed_eye
desi 10.12.2012 - 19:52
eseu war et och bei engem fuuss closed_eye
hen hat keen fudder font !!!!!!
do as `s en bei mein pap ant flejerheim gangen an
huert alt meisecher ewechgefriessssss closed_eyesmile
no 7 meint ass `en eraus geflun :(
well en do ken deieren derf !!!!!!!!!
do waren awer gerat keng meis do !!
an elo wimmeldet nemmen nach no ...
MEIS !!!!! smile
Jeanny 10.12.2012 - 07:26
sou séiss Marc, ech hoffen et kennt och eent bei eis friessensmile
Abacab 10.12.2012 - 11:46
Merci Jeanny. Bestëmmt... muss just e bësschen Gedold hunn.
Bei mer huet et zwou Woche gedauert, biss se d'Häisschen entdeckt haten. Elo kommen se regelmässeg closed_eye
JC1967 10.12.2012 - 16:18
Dat geheiert dach fir des Joereszeit an sein Bett. Wei ech dech kennen ass d'Fudderkescht gud gefellt an dat wees hat och; Dofir brauch dat doten dann nemmen en halwen Wanterschlof ze machen; De ganzen Dach pennen an mueres an de Restaurant um Gaalgienbierg smile Flott geroden dein Kaweechelchen.
Abacab 11.12.2012 - 22:10
Merci Jickly, jo eigentlech halen se keen richteschen Wanterschlof. Si schlofen am Wanter vill méi mee se sinn elo ewell zu zwee di praktesch all Dag mueres esou géint 9 frupsen kommen closed_eye
Scorpius 11.12.2012 - 10:27
Wi leiw as deen dann smile soueen haat ech nanet bis lo. eng >500mm Brennweit as schon epes feines closed_eye
Abacab 11.12.2012 - 22:14
Merci Scorpius, jo et ass immens schéih, kuck der de Film emol unn, do geséiste bal zum Schluss ewéi et zesummen zuckt, ewéi d'Objektiv engkéier kurz nofokusséiert, an ech war awer eng 30 Meter wäit ewech.
Scorpius 12.12.2012 - 10:48
Super deen wert ech mer an der Metteston mol ukuken closed_eye
BigVood 16.12.2012 - 09:06
Hunn de lo grad hei fond: ass schonns eng fein Saach, dat mat deem Filmen. Hunn et nach net oft gebraucht, ass awer vun Zäit zu Zäit ganz nëtzlech.
E Film seet oft méi aus, wéi just eng schéi Foto. Fannen déi zwee ergänzen sech tip top.

A schonns Fudder nogeluecht? smile


Foto ass flott, well de Schnéi drop duerch d'Loft gehäit gëtt. Ech géif zwar ënne e bëssche ewechschneiden, domat de Borscht net sou am Zentrum setzt.
Abacab 16.12.2012 - 10:14
Merci Laurent. Jo ech gesinn at och esou mam filmen. Esou kuerz Film bis 1 Min. erginn dann eng flott Doku an Erënnerung.

Wier emol interessant esou e Kuerzfilmchen vun engem Fouss ze gesinn closed_eye

Mam Fouder muss ech geschwënn noléen, et kennt ewell all dag eng Stonn frupsen smile

Merci fir den Tip mam Kadrage, ech probéieren dat emol.
jorsch 16.12.2012 - 09:54
Hunn däi Kaweechelchen elo eréischt an der Wochenofstëmmung entdeckt: E super Bild, besonnesch mat dem Schnéi dee ronderëm stëbst.
Abacab 16.12.2012 - 10:22
Merci jorsch, hu laang op et gewaart, a fir et direkt am Schnéi ze erwëchen war schonns Chance zumol well et elo dee flotten Wanterpelz huet an de Schnéi net vun langer Dauer war.
Michelle 16.12.2012 - 11:12
wéi lééééééééif!! tongue Schéin festgehaalen op deem verschneiten hannergrond smile
Abacab 16.12.2012 - 11:18
Merci Michelle, ech sinn och ganz ewëch an hatt bigsmile
marker 16.12.2012 - 20:35
..e starke Portrait vun degem ''Desi'', besonnesch déi éischt gefällt mir hei extra gutt.
Super Serie Abacab..!!
Abacab 16.12.2012 - 20:55
Merci marker, dat freet mech besonnesch.
Wannste der de Video ukucks, da mengste "Desi" géif fir d'éischt bierden ier et op de Kascht geet bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 487 Gäscht online