Besuch de Mueren vun engem léiwen Kaweechelchen.
Hei de Making of: e klenge Filmchen vun deem léiwen Déier:
http://youtu.be/LulL56TTBis
onbedingt am HD 1080p kucken!
ooooo dei sin mega SüSS
ech kennen en den leet emmer ness op den
tisch an all dach
kommen se dan op den TISCH
dei gantz familie kennt dann
dat ass eseu hereleg (streng geheim ni engem sohen ) !!!!!!
trick : ness op en TISC leeen )
;)
Jo desi esou ass et, een deen näischt get, deen och näischt krett
Zumol dest Joer wou bal kee Bam Nees hat, ass et schonns wichteg, deene léiwen Déieren ze hellefen.
Hat d'Häischen mam Fudder virun zwou Wochen erausgesat, a kuck do...haut hunn ech de Merci kritt
eseu war et och bei engem fuuss
hen hat keen fudder font !!!!!!
do as `s en bei mein pap ant flejerheim gangen an
huert alt meisecher ewechgefriessssss
no 7 meint ass `en eraus geflun :(
well en do ken deieren derf !!!!!!!!!
do waren awer gerat keng meis do !!
an elo wimmeldet nemmen nach no ...
MEIS !!!!!
Merci Jeanny. Bestëmmt... muss just e bësschen Gedold hunn.
Bei mer huet et zwou Woche gedauert, biss se d'Häisschen entdeckt haten. Elo kommen se regelmässeg
Dat geheiert dach fir des Joereszeit an sein Bett. Wei ech dech kennen ass d'Fudderkescht gud gefellt an dat wees hat och; Dofir brauch dat doten dann nemmen en halwen Wanterschlof ze machen; De ganzen Dach pennen an mueres an de Restaurant um Gaalgienbierg Flott geroden dein Kaweechelchen.
Merci Jickly, jo eigentlech halen se keen richteschen Wanterschlof. Si schlofen am Wanter vill méi mee se sinn elo ewell zu zwee di praktesch all Dag mueres esou géint 9 frupsen kommen
Merci Scorpius, jo et ass immens schéih, kuck der de Film emol unn, do geséiste bal zum Schluss ewéi et zesummen zuckt, ewéi d'Objektiv engkéier kurz nofokusséiert, an ech war awer eng 30 Meter wäit ewech.
Hunn de lo grad hei fond: ass schonns eng fein Saach, dat mat deem Filmen. Hunn et nach net oft gebraucht, ass awer vun Zäit zu Zäit ganz nëtzlech.
E Film seet oft méi aus, wéi just eng schéi Foto. Fannen déi zwee ergänzen sech tip top.
A schonns Fudder nogeluecht?
Foto ass flott, well de Schnéi drop duerch d'Loft gehäit gëtt. Ech géif zwar ënne e bëssche ewechschneiden, domat de Borscht net sou am Zentrum setzt.
Merci jorsch, hu laang op et gewaart, a fir et direkt am Schnéi ze erwëchen war schonns Chance zumol well et elo dee flotten Wanterpelz huet an de Schnéi net vun langer Dauer war.