Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Wëll schwain famill

Wëll schwain famill
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.12.2012
  • Gekuckt:
    38449
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    46
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    280 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x459
  • Späicherplaz:
    293 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    60d
  • Programm:
  • Objektiv:
    200mm 2.8L II
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:
Telekonverter 1.4x

Fir anzesetzen: [pg_img=68899]
Kommentar vum Fotograf:
Foto as vun de Samsten, ech hun do eng ganz Kolonie vun wëlle Schwain gesin. Et waren der minimum 20 steck! (inklusiv puer ganz klenger) Ech hun se fir deicht an engem Bësch begeint wou ech ongewollt bemol op 10 Meter no dru war an epes heieren hun. Wi den "leader" mech dun erwittert huet hun ech gesin das et net just 1 war mee en ganzen Rudel. Do huet een schon Respekt an haat och bessen Herzklappen ;-)
Se sin dun zweschen 2 Seier duech gebeschels gelaaf an eng Saakgaas, an hu mer geduecht et wier fleit gut wan ech emdreinen geng soss gengen se nach aus Angscht iwert mech laafen, schlussendlech sin se dann awer duech d'Wasser gelaaf/geschwomm. Ech hun awer den Tuer gemeet an hun se ca 20min drop namol begeint, do hun ech dan des Foto gemeet. Leider war et zimlech onerwaard geschit sou das ech d'Cam net optimal agestallt haat (1/250s) Hun probeiert nach puer detailer raus ze schaffen. Foto gouw fräihänneg geschoss, euni stabi.
Abacab 04.12.2012 - 12:16
Stark di doten! All Respekt fier däi Mut. Ka mer gutt firstellen, dass de do Haerzklappen hasssmile
Scorpius 04.12.2012 - 14:26
Ech hun d'situation wascheinlech ennerschätzt bigsmile kreien emer rem gesot das et zimlech gefeierlech war wat ech do gemeet hun hehe
Abacab 10.12.2012 - 11:18
Félicitatioun zur Wochefoto! Des war och mäi Favorit.
Wann een di Foto kuckt da spiert een richteg mat, ewéi's du dech wahrschéinlech dee Moment gefillt hues. Super!
Scorpius 10.12.2012 - 11:56
Merci Abacab! closed_eye
MR 04.12.2012 - 12:42
ganz flott festgehalen
Ech hätt mech schnell
aus dem Stëbs gemachclosed_eye
Scorpius 04.12.2012 - 14:27
Wei ech lo dem Abacab soot, ech hun d'situatioun anscheinend ennerschätzt, dat do hät keinten schlecht ausgoen closed_eye
Merci
McQueen 04.12.2012 - 13:57
Du hues awer eng roueg Hand... smile
Flott Foto !!!
Scorpius 04.12.2012 - 14:29
Et as effektiv net einfach mat 280mm mat fraier Hand. Ech hun zwar mechtens de Stativ dobei mee setzen deen seelen an well an sou Situatiounen wei dess huet een dofir keng zeit closed_eye
Hun zwar keen Stabi mee bei bewegungen netzt deen jo souwisou neicht closed_eye
Merci gesoot
petz65 04.12.2012 - 14:12
Ei do war eng lass!
Ass awer ganz gut gelongen closed_eye
Scorpius 04.12.2012 - 14:30
Merci Petz, dat war et effektiv, an gegrunzt hun se ! closed_eye
jorsch 04.12.2012 - 14:49
Dat ass bestëmmt en impressionant Erliefnes! Déi liicht Onschäerft verstäerkt den Androck vum Onerwaarten, Schnellen.
Du hues dat och nach ganz anschaulech beschriwwen!
Scorpius 04.12.2012 - 23:26
Hu mer effektiv hei besse mei meih gin fir et sou ze beschreiwen das d'erliewnis winstens annähernd sou riwer kennt wei ech et erliewt hun. merci gesoot Jorsch.
BigVood 04.12.2012 - 17:52
Ka mir gutt virstelle, wéi däin Häerz do gehummert huet. Do huet e Respekt, wa sou eng Mannschaft a Beweegung ass.

Faarflech ass Bild ganz schéin, mat dem Räif. E flott Dokument, vun enger beandrockender Begéinung.
Scorpius 04.12.2012 - 23:24
Merci BigVood! Am meechten huet mein Herz gehummert wou ech ganz am ufank vun dem "leader" gewittert gouw an en mech riit an daan gekukt huet, an wou en dun fortgelaaf as, koum di ganz manchaft ahnnendrun an do hun huet d'herz dan nachmol gehummert closed_eye
mischii 04.12.2012 - 18:02
Dat do war Courage an d'Bild ass immens flott gin
Scorpius 04.12.2012 - 23:22
Wou ech am bësch war hun ech mein courage nachmei missen zesummenraafen wei bei deser foto, war net grad ongefeierlech mee hun et jo iwerliewt hehe
eye-like 04.12.2012 - 19:07
super
Scorpius 04.12.2012 - 23:21
AN en super merci closed_eye
Jeanny 04.12.2012 - 19:26
faszinant,wat fir en Erliefnes, wonnerbar festgehalen
Scorpius 04.12.2012 - 23:21
Jo dat war et wieklech, ob een dat 2x am liewen erliewt ? ech wees et net closed_eye merci jeanny
Jeanny 05.12.2012 - 05:57
dat gleewen ech net, dat wäerts de och ni vergiessen,
souwisou geet et elo de Wschwain op de Pelz, wann en RTL gekuckt huetunhappy
Scorpius 11.12.2012 - 09:33
Well se iwerand gin mengs de ? unhappy
svenia 04.12.2012 - 21:42
Super erwëscht, well et wäert net sou einfach sinn bei esou enger knapper Geleegenheet awer nach eng gutt Foto ze hinzekréien smile
Scorpius 04.12.2012 - 23:20
Also ech hun der sou 10 steck gemeet krit wou se lanscht gelaaf sin, an des as di eenzeg dei (menger meenung no) halbwegs scharf war closed_eye merci gesoot
Maimonides 04.12.2012 - 22:51
Dat "onerwaard"
ass hei de clou, Scorpius,
an de Glanz
ass de Schwanz
deen su just nach
aus der Heck luusst.

Top-Foto !
Scorpius 04.12.2012 - 23:19
Merci beaucoup Maimonides closed_eye
Et sin der suguer 2 Schwänz vun 2 Schwein niewdeneen dei ganz synchron an der luut stin hehe
JC1967 05.12.2012 - 19:32
Flott festgehall dei Sauerei do closed_eye Erennert mech un mein Erliewness mat engem Keiler, just deen stong sou no nierwt mer dass ech mech net getraut hun eng Foto ze machen smile
Scorpius 06.12.2012 - 07:41
Haha wat eng sauerei ganz genau bigsmile Wan een kukt wat dei mam buedem uriichten an souenger grousser grupp, dan as dat effektiv eng sauerei closed_eye
En Keiler direkt niewt der ? wau, wei as et dan dozou kom bzw wou ?
JC1967 07.12.2012 - 17:08
Ma ech soutz an mengem Fotozelt am Besch fir Hirschen ze knipsen dunn koumm sou en megafetten Keiler nierwt dem Zelt eraus an huet do gewullt an gefriess an ech hun mech net getraut fir ze wackelen smile
McQueen 10.12.2012 - 17:29
sorry, mee muss elo laachen....smile
JC1967 10.12.2012 - 17:34
Keen Probleem, loss et eraus;;;;;;;; Haut kann ech jo och doriwwer lachen, awer deemols smile smile closed_eye
McQueen 11.12.2012 - 09:18
Nee seriös, wees wei hefteg daat ass....sin och schon gelaaf...fortgelaaf smile
Scorpius 11.12.2012 - 09:32
Serieux ? as dir eent hannendrun gelaaf ? ziel mol smile
McQueen 11.12.2012 - 09:53
Nee net grad...
Mein Hond ass am Besch bei dei kleng (dei woren nach am Pyjama) gerannt fir ze spillen. Ech liicht bleech am Gesicht gin, an dun huet et nach am Gestrepps geraschelt...den Hond geruf an gelaaf (wei den Forrest Gump).....well net wessen waat geschitt wier wann dei "Aal" komm wier.....
Ah jo, den Hond war mir den Moment egal, den ass souwisou mei schnell...oder esou domm fir den Cochi unzegreifen....
rullj 05.12.2012 - 20:04
Schéin Naturfoto.Am richtegen Moment, op der richteger Plaatz.
Scorpius 06.12.2012 - 07:41
thx rullj, sou war et closed_eye
Schluck 10.12.2012 - 10:18
Congrats fir déi wuelverdengten Wochenfoto! Flotten Moment den's de do erwëscht hues an respekt dass de iwwerhaapt den Reflex an d'Nerven has fir do nach sou een flott Bild ze machen
Scorpius 10.12.2012 - 11:55
Merci Schlück, wan ech bedenken das ech di Foto eigentlech guernet wollt eroplueden well se eigentlech komplett iwerbeliicht warcool mee hun se dan bessen nobeschafft an voila smile
Jeanny 10.12.2012 - 10:54
Ech gratuléieren Dir ganz häerzlech.
war dat op der Kockelscheier, hat um Radio héieren dass do en Trapp Wellschwein ennerwe wierensmile
Scorpius 10.12.2012 - 11:55
Merci Jeanny, nee dat war zu Remerschen closed_eye
Jean-Jos 10.12.2012 - 22:11
An hei hat ech näischt derbäi geschriwwen ***schumm***
Richtég gutt déi Wëllsäi, grouss a kleng; an du hues Recht fir dech op Distanz ze halen.
Eng richtég schéi Wochefoto, déi de Maimonides angenehm lyrësch kommentéiert huet!
Scorpius 11.12.2012 - 09:31
Ech wollt amfong su no wi meiglech drun, ech mer der Gefohr mengen ech dee moment guernet bewosst.
Ganz hannen waren suguer nach mini kleng Wëllsäi, mat der Wëllsau-mam hannendrun wat se beschützt smile
Ech soen der merci Jean-Jos!
Ferdl 19.12.2012 - 18:04
Gratulatioun smile Wonner schéi Foto
Scorpius 09.02.2013 - 22:36
Bessen a verspeidung, merci gesoot Ferdl closed_eye
Photom 09.02.2013 - 14:39
Super Foto an oouni Stabi . Ech wéist net wat de do nach häss kenne besser machen. Dat Bild huet et verdingt Wochefoto ze sin. smile

Scorpius 09.02.2013 - 22:37
Decken merci Photom! closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 488 Gäscht online