Ech sinn lo gespannt ob den 22. do ass eng Präsentatioun vun Cano an do kann een dann mol den 500mm an den 600mm vergléichen. Ech huelen ob allen Fall och mol d'Konverteren mat fir ze testen. Wann ech deng Biller héi sou kucken ass dat am Princip mol nët méi néideg
Ech hat och Bedenken wat den Ansatz mat dem 2x belangt. Mee ech sin erstaunt wei scharf Biller gin (ech setzen am Laaf vum Dach 2 Fotoen erop dei och superscharf gin sin). Ech kann nemmen soen den 600mm get der ganz anner Meglechkeeten soumols mat 1200mm. De 600m kaascht zwar een Vermegen, mee et deet mer net leed. Ech hun den Densdeg iwwer 1400 Biller gemach an ech sin super zufridden.Do luch Objektiv op. D'Objektiv ass zwar schweier mee wei schons geschriwwen net onmeiglech fraihenneg Fotoen zu machen. An dei sin all net flou oder verwackelt.
Jo, d'Gewiecht ass baal d'selwescht wéi main 400er f/2.8 .. vun dohier sinn ech ët gewinnt. Et ass sëcher nët onméiglech, mais laang viséiert kriss de allerdengs och nët. Am Princip huet een jo dofir eventuel ee Monopod mais den muss een jo dann och zousätzlech schleefen.
Dann nach effektiv déi lästeg Geschicht vum Präiss. Also mir huet ët nët leet gedoen wëll du hues einfach anner Méiglechkeeten. Wéi ech den 400er kaaf hunn woar den 600er nach nët ze kréien, an ech wollt nët méi waarden. Ët gesäit fir mech elo durno aus wéi wann ech mer den 600er och géif huelen an dann den 400er verkaafen, wëll zwou sou lanng Brennwéiten mëcht keen Sënn. Dann éischter nach eventuel een 300er bei. Ech mengen sou wéi's du ët lo hues (oder mat 500er) ass menger Meenung no optimal.