Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Weißer Adler auf weißem Grund

 
Weißer Adler auf weißem Grund
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (14.11.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.11.2012
  • Gekuckt:
    46840
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    63
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x500
  • Späicherplaz:
    178 KB
  • Originaldatum:
    2012:11:14 21:42:17
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68374]
Kommentar vum Fotograf:
Den ganzen Daag dobaussen an der Natur mat Kollegen um Fototour .. wann nach een ee passenden Titel fënnt ... ech sinn lo ze mitt.

Edit: Note to myself: 'Do NOT ask for a title on PG' :D
Scyv76 14.11.2012 - 21:48
Super déi dooten, vir esou en groussen Villchen ass et aawer en Färtaasch smile Huet e bessi eppes vun Highkey déi Foto, schéin douce an den Faarwen, gefällt mir gudd...
Schluck 14.11.2012 - 22:24
den Sëlwerréiher ass am Gang ze landen .. dass ën virun der Méiw erschreckt mengs de just esou wëlls de just een Bild aus der Scene gesäiss .. Sou woar se och geduecht ... mat der Luucht déi mer haaten woar dat och keen Problem
Scyv76 14.11.2012 - 22:44
Jo haat mer schon geduecht dass Szene eigentlech "inszenéiert" ass, wann een gudd kuckt dann geet der Möw hiiren Bléck eigentlech seitlech laanscht smile Mee wéi's de soss, du has der jo eppes dobéi geduecht wéi's de se esou fotographéiert hues smile den message ass gudd eriwwer komm.
Nicon07 14.11.2012 - 21:53
Mat engem Sëlwerreier an eng Méiw ??? am Waasser bei Héichniwwel brauch een net iwwerzebeliichte fir een Highkey.... smile

Flott a eloquent Szen, dat heiten. Et mengt ee bal, de Reeër géif erféieren virun deem klenge Villchen do...
Schluck 14.11.2012 - 22:22
Jo, dat woar dat positivt un der Saach mam Niwwel, mais den Mëtteg hätten mer eis awer och iwwert bloen Himmel an Sonn gefreet ... den Sëlwerréiher ass am Gang ze landen .. dass ën virun der Méiw erschreckt ass och eng Illusioun.
Nicon07 15.11.2012 - 12:02
Kuck mol, wat dobäi rauskënnt, wann ee mat engem Sigma 170-500 f/ 5-6,3 plus Tamron 2-fach Konverter ee Reiher bis op 50 Meter um Plateau servéiert kritt an dann wéinst Liichtmangel den AF net geet an ee manuell focusséiert bei enger 160tel Sekonn fräihand.... Ech kéint kräischen... unhappy

Schluck 15.11.2012 - 12:08
Arghh jo dat ass ëmmer #&% , ech hunn der och onmasseg mam 70-200mm wou se dann fortgeflunn sinn oder mam 28-300 mat Extender wou dann sou aenlech sinn wéi deng hei. Dofir hunn ech Unfanks dës Joers einfach mol an den saueren Apel gebass wëll ët awer genau déi Fotographie ass déi ech nierwennt mengen Concertën nach wëll machen an dann deet ët nun mol eng keier richteg wéi. Ech hunn denen anneren zu Remeschen och laang nogekuckt .. den Gianni huet der jo den Tip ginn mat der Cash- Back Aktioun .. Schwaetz emol ee Wuert mam Chrëschtkëntchen
micky-maus 15.11.2012 - 15:18
Salut, Du hues bei Dengem Kommentar doo dei Foto hei dragesaat. Ech froen mech elo wei's Du daat gemeet hues. Mat dem Formatéirungscode, kreien ech nemmen een Link ann den Kommentar....
Abacab 14.11.2012 - 21:53
Grandios festgehal! Mat minimaliteschen an doucen Faarwtéin huet dest Bild eng immens Ausstrahlung. Einfach schéin ze kucken!
Schluck 14.11.2012 - 22:13
Merci Marc ... hunn der nach ee puer esou mais dat héi woar déi vun daer sch den Moien schon begeschtert woar .. jo gëll déi huet eppes vun der Austrahling hier
Metalbambi 14.11.2012 - 22:09
Oha! Toppt Geschir! Wéi ass se am SW? Dat géif ech hei mol onbedéngt nach probéieren.
Schluck 14.11.2012 - 22:11
Merci, jo kloer hat ech schon probéiert ..do fehlt awer den scheinen rouden Schiewwel den hei dann nach ee bëssen ColorKey meisseg wierkt
Schluck 14.11.2012 - 22:29
Ma ech hunn se awer mol nach eng zweet keier am SW gekuckt ... wat mengs du ?


Link
Abacab 14.11.2012 - 22:37
Fir mäi Goût zu 100% net am SW.
Esou wei'ste selwer gesot hues, da feelt de schéine gielen Schniewel! Fannen se genau gutt ewéi se ass.








Schluck 15.11.2012 - 10:18
Se hunn allen zwou hieren Reiz, ech hunn déi Foarweg léiwer mais déi SW huet och hieren Réiz
Metalbambi 14.11.2012 - 22:50
Also mier gefält déi SW besser, ass en richteg schéinen Highkey. smile En ass effektiv en bëssen méi abstrakt ouni den faarwegen Schniewel, fannen awer dat se sou méi interessant ass. Ech kucken déi SW en gutt Stéck méi laang wéi déi faarweg.
Schluck 15.11.2012 - 10:17
Ech wert mer mol déi zwou Versiounen verhaalen .. ët ass och fir mech immens interessant mol méi SW Sachen am Portofolio ze hunn .. merci fir deng Mehnung!
Paul-H 15.11.2012 - 00:25
Ech zéihen déi heien der s/w och 100% fir. Einfach super. Waat den Titel betrefft, ech schaffen an der Aviatioun an hätt se "Full Flaps" genannt (Volle Landeklappen), mee daat ass wahrscheinlech zevill Insider Kauderwelsch, waat mengs Du?
Schluck 15.11.2012 - 10:24
Merci Paul .. Full Flaps ass effektiv och intressant .. mais wéi's du selwer sees versteht net jiddereen déi Bedeitung. D'Idee ass awer net schlecht
Fuuss 15.11.2012 - 00:56
"Filigran" kennt mir an de Sënn.
Geféelt mir ganz goud!
Schluck 15.11.2012 - 10:22
Merci Fuss, ech iwwerleen mer dat
Jeanny 15.11.2012 - 07:44
wei eng chinesesch Tuschzeechnung, sou fein a filigran, wonnerschéin Schluck.
Schluck 15.11.2012 - 10:22
Merci Jeanny , hunn lo mol filigran missen googlen .. mol kucken
Zora 15.11.2012 - 10:15
wéi wär et mat "Schwanensee", schéin Foto, huet eppes vum Ballettclosed_eye
Schluck 15.11.2012 - 10:20
Ët ass een Réiher Zora, keen Schwaan tongue .. an Réihersee kéint emol zweedéitech sinn bigsmile
Nicon07 15.11.2012 - 10:52
smile
Let's sing!
Beim Weiher, beim Weiher,
Di steet ee wäisse Reier.
Schluck 15.11.2012 - 10:57
Oh-lala, lo gët awer ganz schlëmm closed_eye
Nicon07 15.11.2012 - 11:38
Mäi Freier
ass ee Reier,
dee stee do vir am Weier,
Mat him gët et eng deier,
Seng Mamm, een Ongeheier,
Doheem sëtzt sie um Steier...
Dat Liewen ass keng Feier.
Et ass wéi dacks, di selwécht Leier...
...

Ech halen elo op. smile

Bis den Owend mat engem Sëlwerreier vun der Misärsbréck!


Zora 15.11.2012 - 10:54
Huet mech just dorun erennert, an nom Féieren ass en Réihersee dach ganz prakteschbigsmile
Schluck 15.11.2012 - 10:56
Dé-geu-lasse bigsmile
Zora 15.11.2012 - 11:14
Den Réiher-Twistclosed_eye
Schluck 15.11.2012 - 11:16
Jo sou eppes aehnleches hat ech och schon geduecht .. Réihertanz hat ech schons .. an hät héi bei och nët wierklech gepasst .. se huet schon eppes vun zereckschrecken .. eventuel bremsen ..
Zora 15.11.2012 - 11:29
ABS-Réiher, Lol
Schluck 15.11.2012 - 11:32
Gët jo ëmmer méi skurril ... ech hun dem Paul seng "Full Flaps" am Fong ganz passend fonnt.
Zora 15.11.2012 - 11:49
Naja wei wann Flaps besser klengt wei Reihersee....closed_eye
Nicon07 15.11.2012 - 11:56
A béide Fäll handelt et sech jo em een Aller-retour, në?
Schluck 15.11.2012 - 11:59
Ech nenen se einfach Weissen Villchen ob Weissem Hannergrond bigsmile
Nicon07 15.11.2012 - 12:04
Wéi beim Otto W: Zitat: "die ostfriesische Nationalflagge; weißer Adler auf weißem Grund"

smile
micky-maus 15.11.2012 - 11:36
Ass jo nett meiglech, hunn schonn gemengt deng Lo kënnt den Wanter
wier nett ze toppen, esou eng Foto faszieneiert: zerbriechlech ann awer imposant. Merci Schluck. Noo deenen 2 Geesen vunn Geschter ass dei heiten Balsam fier d'Seïl.....
Schluck 15.11.2012 - 11:44
majo dat freet mech ..mir huet héi am Fong den HighKey sou gudd gefall an och den Moment .. Merci gesoot Mr Mouse .. an Besser geht ëmmer
Schluck 15.11.2012 - 11:57
Jo dat mat den Geesen hunn ech ee bëssen blöd fonnt .. ech hät déi 1. Versioun schon nët eropgelueden wëll ët wëll jo keen vun sech esou eng Foto vun sech an der öffentlechkeet gesinn
JC1967 15.11.2012 - 11:51
Iiiiihhhhhhhhh, ass d'Wasser hei kaal. smile Sou klammen ech och emmer an d'Buerdbidden closed_eye Gudd geroden dei zwein.
Schluck 15.11.2012 - 11:55
Hehe .. jo .. mat der Quitscheentchen .. och eng Interprétatioun
JC1967 15.11.2012 - 12:08
So net Quitscheentchen fir meng Fraa. closed_eye
Schluck 15.11.2012 - 12:25
bigsmile
gemu 15.11.2012 - 12:05
Ech haat d'selwecht wéi d'Zora un deen Ballet geduecht wéi ech déi Foto gesinn hun . Wann net den Schwaanensee dann eben mäin Vierschlag " Keenschwaanumsee" smile Grandios Märchenhaft Opnaam Schluck
Schluck 15.11.2012 - 12:19
ROFL .. ech wert mer ët verhaalen ... "Fro nie méi ob PG no enger Propose fir een Titel " bigsmile Merci Georges closed_eye
Charly_Ente 15.11.2012 - 12:12
woah genial foto! gefällt ma ganz gud sou bigsmile (hätt se onie Meiw besser fonnt cool)
Schluck 15.11.2012 - 12:18
Nee, definitiv nët... dann géif se net méi wierken
Charly_Ente 15.11.2012 - 12:21
hmm okay smile hätt geduet dat wär mei flott gewiergt smile
Schluck 15.11.2012 - 12:25
Kann een ët jo mol probéieren .. mais ech mengen nët
Conley 15.11.2012 - 14:45
Aussergewéinlech....awer Sa...méisech flott Schluck.
Schluck 15.11.2012 - 17:11
Merci Conley, dat freet mech ...muss een mat dem Schaffen wat een huet ... wann ech d'Biller haut sou kucken woar den Niwwel dann guer nët mol sou schlecht
apeace 15.11.2012 - 16:09
Ka mech deene ville Komplimenter nëmmen uschléissen Schluck!
Gefällt mer ganz gutt!
Schluck 15.11.2012 - 17:12
Merci apeace, dat freet mech ... hunn nach eng oder déi anner an dem Still .. sinn mol gespaant ob déi dann och sou gutt unkommen
jorsch 15.11.2012 - 20:29
O wéi delikat an elegant! Eng aussergewéinlech schéi Foto!

Hu mer och iwwerluecht, op d'Méiw net stéiert. Si ass esou statesch a banal, de Reiher(?) awer immens dynamesch an elegant: Eng Balletsdänzerin!
Et sief dann genau dee Kontrast géif ee sichen ...

Schluck 15.11.2012 - 20:31
Jo, ech sinn och nach hinn an hier gerappt .. am Unfank woar ech mer secher dass se misst drann sinn bis den Charly sot se wier och vläicht gutt ouni ... sinn am Gang nacg ee ëssen ze spillen.
Abacab 15.11.2012 - 20:39
Spillen kannste an enger neier Versioun....
mee w.e.g. ersetz des Foto net, well wat ech se méi oft kucken, wat se emmer méi schéin get, ewéi de jorsch sot, aussergewéinlech schéi Foto!
Schluck 15.11.2012 - 20:47
Jo, dat hat ech och nët wëlles ... mach der keng Suerg .. wann dann machen ech allerhöchstens eng nei Serie wei bei der héi

Wat huet den klengen ...
marker 15.11.2012 - 20:55
..ouni vill Wierder, einfach nëmme staark Schluck..!!
Schluck 16.11.2012 - 11:22
Villmols merci marker!
hardae 16.11.2012 - 20:00
Schluck, all déi's du erop gelueden hues vum Lac si super an déi
hei ass 2x super.
Ech war Gëschter do an hu misse feststellen, ouni anstännegen Objektiv huet e keng Chance. Ech krut een 120-300 mat engem Extender 2x vu Sigma geléint. Ass net duer gaang unhappy
Schluck 16.11.2012 - 21:45
Merci Hary, jo dat stëmmt .. ech sinn mer och mat 400mm mat 2x Extender nach firkomm wéi mat engem Wäitwenkel

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 384 Gäscht online