Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

*smooth*

 
*smooth*
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.11.2012
  • Gekuckt:
    54819
  • Favoriten:
    9 (Wen?)
  • Kommentarer:
    73
  • Beliichtungszäit:
    30 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    48 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    +2 EV
  • Gréisst:
    1000x566
  • Späicherplaz:
    338 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=68115]
Kommentar vum Fotograf:
Langzäitbeliichtung op engem Oktoberowend un der Côte d'Albâtre
BlackLizzard 06.11.2012 - 23:00
Einfach nëmmen schéin.
marker 08.11.2012 - 21:30
An dofir Merci gesot BlackLizzard.
Aiello 06.11.2012 - 23:22
Kann ech dem BlackLizzard nemmen zoustemmen ..1A
marker 08.11.2012 - 21:32
An hei ee spezielle Merci Aiello fir den ..1A.
OK-Photography 07.11.2012 - 00:23
iwwert déi giff ech mech am nach méi groussen freen! dWierkung kent bei 500px knaps eriwwer...immens flott!!! smile
marker 08.11.2012 - 21:41
Méi grouss wierkt se natierlech ëtonguepes besser, mais ech denken 1000 Pixel an der Breet léisst sech awer och weisen closed_eye
Dir och e grousse Merci BlackPanther.
MR 07.11.2012 - 05:30
3 Wieder falen mir spontan
bei der Foto héi an:
Aussergewéinlech schéin
Bezaubernd
Excellent smilesmilesmile

marker 08.11.2012 - 21:54
Daat do ass awer vill Luew beieneen, an huelen daat dann och elo ganz perséinlech a soen dir 2x Merci Martine, ''steet bei dengem Avatar'', an ee Fav freet mecht natierlech richteg.
Marc
MR 12.11.2012 - 05:31
Gratulatioun Marc bigsmilebigsmilebigsmile
Gesäis de et war net
ze vill Luef beieneen;)
marker 12.11.2012 - 20:03
..tjo, ...ech sin selwer e bëssen iwwerascht iwwer den Uklang vum Bild hei um Site..!!
Fir d'Gratulatioun op jidde Fall e grousse Merci Martine, daat freet mech. closed_eye
gemu 07.11.2012 - 06:19
Excellenten Effekt, wonnerbar douce Faawen. Top Foto
marker 08.11.2012 - 21:58
Hun naischt un de Faarwen gemach, dee speziellen Effekt entsteht durch de reduzéierten Grofilter an déi lang Beliichtung. Och dir een duebelen Merci gemu, daat freet mech natierlech.
Jeanny 07.11.2012 - 07:20
eng wonnerbar Foto Marc, TOP
marker 08.11.2012 - 22:00
Ech hu mer jo och e bessi Méih gemach closed_eye
E grousse Merci un dech Jeanny.
apeace 07.11.2012 - 07:40
Déi do fannen ech immens schéin! Coolen Effekt a flott Faarwen!
marker 08.11.2012 - 22:03
Daat freet mech wann d'Bild dir gefällt apeace, an dofir och Merci gesot.
Gaga 07.11.2012 - 07:56
en 99,9% riichten Horizont, eng genial Diagonal an daat dei , wei den titel schon seet, smooth texturen machen alles an allem eng genial Foto heiraus !
Top !
marker 08.11.2012 - 22:27
Wann ech deng Comments heiensdo beim Zora kucken dann ass ët mir hei awer elo gutt ergangen mat 99,9% bigsmile
Nee elo am Eescht, den Horizont u sech ass net onbedingt de Probleem, mais je no deem op wéi enger Héicht e sech am Bild befënnt brengt d'Erdkrëmmung een zum Verzweiwelen, vu dat beim Entzerren heiensdo an der Mëtt vum Bild eng liicht Deformatioun entsteet déi net glëcklech ausgesäit.
Freet mech jiddefalls dat d'Bild dir gefällt Gaga, an dofir e grousse Merci.
Gaga 09.11.2012 - 00:06
jo richteg, einfach den Lineal-tool am PS un Eck zu Eck ausrichten, dann hues de weinstens en niveau. also riets a lenks wou den horizont aus dem bild geht. Dei Sachen sin zumols um www ganz flagrant well een emmer vill Horizontal Linnen uewen an ennen huet , wann dei am Bild dann net parallel as, steiert daat direkt. hei as et awer effektiv minimal.
marker 11.11.2012 - 09:46
..ganz genau, wann den Horizont no um Bildrand ass geet daat mat deem Tool genau esou gutt wéi wann's de evtl. eng tonneförmeg Verzerrung vun der Wäitwenkeloptik muss korrigéieren. Hei an dësem Fall waren ët 48mm op engem DX-Sensor, do huet daat sech awer alles a Grenzen gehal.
Op jidde Fall awer nach eng Kéier e grousse Merci fir de Fav. Gaga, dee freet mech besonnesch.
Jacques 07.11.2012 - 08:26
Den Titel seet et!
Wonnerbar Fotosmile
marker 08.11.2012 - 22:29
Merci Jacques, freet mech.
Scyv76 07.11.2012 - 08:37
Schéin minimalistesch...super Foto
marker 08.11.2012 - 22:30
Merci Scyv76, freet mech.
Schluck 07.11.2012 - 09:49
Dei douce Faarwen sinn immens schéin! Top
marker 08.11.2012 - 22:32
Hei och Merci gesot Schluck, a gläich eng 2. Kéier fir de Fav.
Daat liést een gären.
sus49 07.11.2012 - 12:29
Schéin, romantesch, verdreemt, ausserirdesch... smile
marker 08.11.2012 - 22:39
Stëmmt, wann's de esou ee Liicht hues fir e Bild ze machen ass daat schon verdreemt.
Merci fir däi Comment sus49
Fennec 07.11.2012 - 12:48
geseit bal aus ewei gemolt, Faarwen gefalen mir gud
marker 08.11.2012 - 22:40
An och hei Merci gesot fir däi Comment Fennec
Sirius 07.11.2012 - 13:52
Schein Foto
marker 08.11.2012 - 22:40
Merci Sirius
Jean-Jos 07.11.2012 - 19:17
Very smooth an richtég gutt.
marker 08.11.2012 - 22:41
Merci Jean-Jos, freet mech.
Conley 07.11.2012 - 19:30
Do ass se erëm di onheemlech scheien Stëmmung marker..Top Foto
marker 08.11.2012 - 22:52
Ech hun awer och eng Zäitchen drop gewart, hei war d'Sonn just verschwonnen.
Och dir 2x Merci gesot Conley, een Fav. freet natierlech.
Abacab 07.11.2012 - 20:46
Di speziell Lichtstëmmung an de Bildopbau gefalen ganz gutt!
marker 08.11.2012 - 22:56
Merci Abacab. Ech sichen esou Liichtstëmmen, an déi allermeescht Biller machen ech ier d'Sonn opgeet, resp wann se verschwonnen ass.
Merci fir däi Comment.
Abacab 12.11.2012 - 22:47
Felicitatioun marker, gutt geschaft!
marker 13.11.2012 - 18:49
Merci villmols Abacab, daat freet mech.
gi87 07.11.2012 - 23:43
Flotten Opbau, schein Douce Farwen, an flott ewei sech dei Line Diagonal deurch Bild zit !
marker 08.11.2012 - 23:01
Eng Diagonal brengt meeschtens Spannung an e Bild, an daat war hei mäi But.
Dir ebenfalls Merci gesot fir deng Analyse vum Bild gi87.
Fuuss 07.11.2012 - 23:52
T'ass alles gesoot. Einfach nëmmen flott!
marker 08.11.2012 - 23:05
Dat's de mäi Bild flott fënn's freet mech Fuuss an soen dir dofir Merci, a fir de Fav. nach eng Kéier extra.
chrYstal 08.11.2012 - 16:39
Eng super schéin Foto!!
marker 08.11.2012 - 23:10
Daat freet mech chrYstal, a fir déi ''super schéin Foto'' soen ech dir Merci.
De Fav. vun dir éiert mech natierlech an dofir och Merci gesot.
jorsch 09.11.2012 - 19:31
D'Faarwen, d'Rou an d'Strukture vun de Péil, alles ass immens schéin. Mir gefält dat do exzellent!
marker 11.11.2012 - 09:47
Merci jorsch fir däi Comment., dat d'Bild dir gefällt freet mech.
gemu 12.11.2012 - 06:19
Ech gratuléieren dir fir d'Wochefoto. Top
marker 12.11.2012 - 19:42
..op dëser Plaaz nach eng Kéier Merci gesoot gemu.
TC 12.11.2012 - 07:36
Gratulations Marker! Eng Topfoto!
marker 12.11.2012 - 19:46
Merci TC fir deng Félicitatioun, an en plus natierlech fir de Fav., daat freet mech.
apeace 12.11.2012 - 07:55
Gratulatioun, si huet verdéngt gewonnen!
marker 12.11.2012 - 19:47
..an dofir verdéng's du och nach eng Kéier ee Merci apeace.
Schluck 12.11.2012 - 07:59
Congrats marker, eng ganz verdengten Wochenfoto!
marker 12.11.2012 - 19:50
Thx. Schluck, freet mech ze héieren.
Jacques 12.11.2012 - 10:42
Gratuleieren, eng verdingten Wochenfoto!smile
marker 12.11.2012 - 19:52
Merci nach eng Kéier fir d'Félicitatioun Jacques, daat freet mech.
Conley 12.11.2012 - 12:32
Gratuléierender dir fir Wochenfoto marker !
marker 12.11.2012 - 19:53
Freet mech ze liesen Conley, an dofir Merci gesoot.
sus49 12.11.2012 - 13:39
Absolut verdingt !! smile
marker 12.11.2012 - 19:54
...an dofir verding's du och een absoluten grousse Merci sus49 closed_eye
marker 12.11.2012 - 20:38
E grousse MERCI un jiddereen, wou d'Bild zur Foto vun der Woch gewielt huet.
Miau 12.11.2012 - 21:18
congrat...
marker 13.11.2012 - 18:50
Merci villmols Miau, eng Éier fir mech.
Houll-art 13.11.2012 - 12:29
Schéin ausgeglachen Laangzäitbeliichtung.

Congrat
marker 13.11.2012 - 18:51
Merci fir deng Glëckwënsch André, ët freet mech.
Jeanny 14.11.2012 - 08:44
Oh Marc, hunn dir nach net gratuléiert, war och mäin Fav.
LG Jeanny
marker 15.11.2012 - 20:39
Merci, daat as léiw Jeanny, an freet mech natierlech.
mischii 18.11.2012 - 18:24
ech gratuléiren
wonnerschéin minimalistesch
marker 19.11.2012 - 15:31
Merci villmols mischii, dat freet mech
piuul 19.12.2012 - 08:19
Sauflott !!! an esouguer mat Faarf !?!?! tongue closed_eye
marker 19.12.2012 - 20:01
Ohhh, Merci fir de ''Sauflott'' !!
Faarf, mmmh... war ze liddereg fir SW-Konversioun tonguetongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 294 Gäscht online