Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hirschkouh

 
All Fotoen an dëser Serie:
31947 Thumbnail
31948 Thumbnail
Hirschkouh
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.10.2012
  • Gekuckt:
    19782
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    36
  • Originaldatum:
    21.10.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67898]
Kommentar vum Fotograf:
Bei der héi sinn ech mer oneens wéi ech se soll kadréieren ... déi eischt ass ongecroppt wëll ech och déi ob der Säit woll drop kréien , déi 2. dann ee Crop.

Jean-Jos 31.10.2012 - 11:24
Gutt cadréiert, flott datt's de den Original och weis.
Ech mengen, si hat dech héieren oder gesin, dodurech ass eng schéin Momentopnahm entstanen. Och bei dëser immens flott d'Mueressonn, déi säitlech erakënnt.
Schluck 31.10.2012 - 12:05
Merci Jean-Jos, nee sie hat een Helikopter gesinn an héieren, dofir hunn se all an d'Luucht gekuckt. D'Hierchtfoarwen hunn mir hei och sou gudd gefall an der flotter Moiessonn.
Jean-Jos 31.10.2012 - 12:55
Déi éischt Foto gefällt mer och, grad wéinst denen aneren Hirschkéi, alledéngs ass mir déng Haaptprotagonisten do ze mëtteg am Bild, an dofir hun ech éischter e Faible fir de crop.
Eng Variant wär, d'Foto nët grad esou breet ze loossen...
petz65 31.10.2012 - 11:48
Du wärs lo lachen awer dei 1. gefällt mir nach besser ...
Ganz flott Foto!
Schluck 31.10.2012 - 12:06
Dat wollt ech wëssen, ech sinn och nët décidéiert ob crop oder net an dofir wollt ech anner Mehnungen héieren ... Merci Petz
suraki 31.10.2012 - 11:51
op allefall nr 1 !! closed_eye ... sauflott
Schluck 31.10.2012 - 12:07
Dat wollt ech wëssen, ech sinn och nët décidéiert ob crop oder net an dofir wollt ech anner Mehnungen héieren. Merci Ed, mengen ech sinn mer och sou lues sëcher
NikonD80 31.10.2012 - 11:51
mir gefält di éischt och besser,
egal wéi, schéin Fotoen
Schluck 31.10.2012 - 12:08
Mir am Fong och, wollt awer kucken wat dann lo besser ass, ongecroppt oder een Kadrage no den Régelen
Abacab 31.10.2012 - 17:23
An desem Fall bestemmt d'Ausnahm d'Régel! Immens flott!
mischii 31.10.2012 - 12:26
baal wéi am Märchen
lo danzen ech e bessen aus der Rei,
mir gefällt di zweet am Beschten
Schluck 01.11.2012 - 17:05
Dat ass jo grad sou flott fir déi verschidden Mehnungen ze héieren
apeace 31.10.2012 - 12:29
Flott Atmosphär mat dem Niwwel! De Crop gefällt mir e bësse besser!
Schluck 01.11.2012 - 17:07
Merci gesoot, ech zielen herno zesummen ...
Hubi 31.10.2012 - 13:28
Flott Naturfoto! stark.
Déi ongecroppten gefällt mir besser
Schluck 01.11.2012 - 17:07
Merci Hubi
gemu 31.10.2012 - 13:52
No laangem iwerleen hin a hir, fir mech définitiv déi 1. Schluck, den Bléck ass méi fréi fir sech vum Haaptsujet ze léisen an déi 2 aaner Hirschen kucken ze goen (an nees zréck ze kommen), déi jo awer wonnerbar am Hannergron verschwannen. Si sin allenzwou super
Schluck 01.11.2012 - 17:04
Ech hunn och ee bëssen gezweifelt, mais ët stéiert mech einfach eppses bein Crop
lux-weimaraner 31.10.2012 - 13:55
Superschein Foto... Dei 1. ass dei bescht!
Schluck 01.11.2012 - 17:04
Merci gesoot, freet mech
JC1967 31.10.2012 - 15:37
Flott Foto vun scheinen Deieren: dei ongecropten gefällt mer am beschten. Den Mueresniwel an dei flott Hierschtfarwen am Hannergrond harmoneieren ideal zesummen.
Schluck 01.11.2012 - 17:03
Jo, fannen dat och elo, de corp wierkt einfach nët méi sou
chrYstal 31.10.2012 - 16:13
Richtig flott. No 1 ass mäin Fav.
Schluck 01.11.2012 - 17:03
Merci chrYstal
BigVood 31.10.2012 - 16:29
Déi éischt ass besser.
Schluck 01.11.2012 - 17:03
Jo, fannen ech och
hardae 31.10.2012 - 18:51
Schluck, déi net gekroopt gefält mir des kéier besser.
Wou hues du déi da geschoss? Hei am Land ?
Schluck 01.11.2012 - 17:02
Merci Hary, ët sinn wëller ... wou genau hunn ech versprach nët ze soen
Metalbambi 31.10.2012 - 20:22
Bei däer 2ter passen d'Proportiounen vun den Bildelementer net méi, also kloer déi 1t!
Schluck 01.11.2012 - 17:01
Ech hun mer och d'Fro gestall wat mech dann bei dem Crop sou stéiert
Jacques 01.11.2012 - 07:54
Ganz schéin Schluck, och fir mech Nummer1!
Schluck 01.11.2012 - 17:00
Merci Jacques
jorsch 02.11.2012 - 20:54
1 ass richteg schéin, gutt datt di aner Déieren am Niwwel ugedeit sinn, si setzen d'Hirschkou an de Kontext.
Schluck 02.11.2012 - 20:58
Merci jorsch, ass am Fong just weinst den "Regelen" wou ech héi gezweiffelt hun, mais ech mengen déi mussen héi einfach gebrach ginn
jorsch 02.11.2012 - 21:00
Dofir sinn d'Regelen do! smile
Schluck 02.11.2012 - 21:01
Hehe, jo ... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 562 Gäscht online