Hunn bei dem heiten Makro en bëssen de bammel war eigentlech Poubelle. En ass mär awer ëmmer erëm opgefall, en bessen minimalistesch an gefällt mär allkéiers besser. Konstruktiv Kritik ass emmer erwënscht !!!!
Misst en Pechlibellen Mänchen sinn...ausgefirft ?????
also ech fannen se super, eebe graad winst deem Minimalisteschen... hun an der lescht hei zimlesch vill Makroe gesin, wou d'Déier zwar emmer schéi schaarf ass an de Bildopbau och no alle Reeglen der Kunst an an an, mee iergendwéi haat ech emmer d'Gefill, daat hätt ee schon honnert mol gesin... an daat Gefill hun ech hei definitiv net... wierklesch, wierklesch flott, just schued, dass do riets am bild nach eppes schaarf ass, bzw. den Hannergrond kint mer insgesammt nach bessi mi onschaarf sin, mee soss... wierklesch TOP
Dat huet mech lo wierklech gefeet dat do ze liesen !!!
Du hues dat (dass do riets am bild nach eppes schaarf ass) super gesinn.
Haat ech mol nach net !!!
Den Hannergrond méi Onschaarf maachen (ausser riets uewen) dann hätt den Titel vum Bild jo guer kenn Sënn. Fir en schéinen Makro se kréien wu en nëmmen Libell well weisen hues de 100% Recht. Mär ass et bei dem heiten Bild drem gaangen den Titel (En Pechlibell an hirer Welt) och am Bild se gesinn. Nach eng kéier Merci Biestie dass et der sou gutt gefall huet....
jo, stemmt, also daat mam Hannergrond, mee fannen halt de ganze rietsen Deel bessi ze schaarf, net nemmen deen dee komplett schaarf ass... mee wi gesoot, soss awer och weiderhin tiptop...
Biestie lies meng Äntwert di ech dem gi87 ginn hunn an dann versteeste ëm wat et mär hei gaangen ass an dann kenne mer jo nach eng kéier driwwer diskutéieren....
Ganz flott ! Schein Farwen, super Schärft ! Just kann een hei Eventuell eppes beim Kadrage besser man, dass een Geckuckt hätt Libelle an de Goldegen Schnett ze setzen N e Bessen nach mei engk ze Schneiden, anner Sach dei Zum beispiel steiert oder Oflenkt hei bei dem Scheinen Motiv ass Riets den Mowen Halm, et ass alles Onschraf am Hannergrond, Libelle Hieft sech soumader of, an awa get dat dan gesteiert well en anner Onwichtegt Elemt och Scharf erausstecht
Datt doten hues de lo mär an all deenen Gäscht di gären hei eppes bäiléieren wëllen super erklärt.
Do ass bestëmmt en oder den aneren dobäi den der och gären géing Merci soen. Kennen awer net !!
Ma dann maachen ech datt fir Si. En decken Merci gi87!!!!!!!!!
Zur Foto (En Pechlibell an hirer Welt) Hunn lo en bëssen mam Kadrage gespillt, et ginn ganz vill Méiglechkeeten en bessere Kadrage se wielen. Riets den Mowen Halm dënn géing ech och ewech schneiden. Dann ass se /- an der Mëtt bestëmmt keng ideal Platz. Den Goldegen Schnett ass och eng Méiglechkeet an an an.
Fir en schéinen Makro se kréien wou en nëmmen Libell well weisen hues de an allem 100% Recht.
Mär ass et bei dem heiten Bild (En Pechlibell an hirer Welt) drem gaangen sou fill wéi méiglech am Bild vum hirer Welt se weisen. Wei schonn uewen gesot. Riets den Mowen Halm dënn géing ech och ewech schneiden. Loossen se awer als Beispill fir eis Gäscht esou. War jo selwer laang hei Gaascht. An hunn gären är Konstruktiv Kriticken gelies. Do léiert en jo och eppes draus. Merci gesot...gi87
Soen der Merci jorsch an ginn der vollkommen Recht lies w.e.g. wat ech bei dem gi87 geschriwwen hunn. Ob alle Fall Merci fir di Zäit déis du der geholl hues mär se schreiwen.
Ganz flott dei heiten, sin immens schein fuerwen an en immens scheinen boucket...
Ech sin ma just mam Cadrage net ganz secher well Libelle matsen an der mett ass...
Has de do schon eppes anecht probeiert?
Probéier mol se ëm 35 Grad no riets ze dréinen ... d'Schärft ass tiptop, mais den Problem ass dass eischtens d'Libell praktech horizontal do sëtzt an dann och nach ball riecht um Halm, wanns de se ee bëssen dreins an an eng Diagonal wierkt se nët méi sou metteg an ausgeriecht an du kriss doduerch méi Spannung
Schluck och der en decken Merci fir déi Komentar lies w.e.g. wat ech gi87 geäntwert hunn dann verstees de bestëmmt wat ech mat der Foto hei wollt. Wärst du lo den echten mat dengem Komentar gewiergt hätt ech am Numm vun eisen Gäscht der Merci gesot........an dat hätt och bei der kenn schlechten Hannergedanken gehat... Op meng Idee lo gutt war oder net kanns du mär jo soen.
Mach eng kéer Merci.....
Schluck och der en decken Merci fir déi Komentar lies w.e.g. wat ech gi87 geäntwert hunn dann verstees de bestëmmt wat ech mat der Foto hei wollt. Wärst du lo den echten mat dengem Komentar gewiergt hätt ech am Numm vun eisen Gäscht der Merci gesot........an dat hätt och bei der kenn schlechten Hannergedanken gehat... Op meng Idee lo gutt war oder net kanns du mär jo soen.
Mach eng kéer Merci.....