Merci Maimonides fir d'Appreciation vun der Foto.
..ech weess dat Waasser waat ausgesäit ewéi "Watt, oder eben Mëllech'' dir net esou gefalen, mais ouni deen Effekt fannen ech daat Ganzt hei awer langweileg.
..mais wéi gesoot, ...affaire de gôut..!!
schei Faarwen, flott Hierschtstëmmung, mais den decke Bamstamm steet mech perséinlech ze vill am Wee, ee schneit di schéin Diagonal Perspektiv vun Courant vum Baach
Du hues Recht Miau, de Baam trennt Diagonal vum Waasser, ech hun en awer bewosst mat an d'Bild placéiert fir méi Déift ze vermëttelen. Vlaicht ass en och ze ''dominant''..?? ..ech hun ee Bild ouni de Baam, an do fehlt mir awer ëpes, mais ass och alt erëm a d g.
Op alle Fall Merci Miau fir dai Comment.
eist Land huet schéi Baachen a schéin Ecker
mech stéiert de Baamstamm am Fong net , war dëse WE och ënnerwee laanscht eis Baachen, do kënnt een néirens no bäi an iwwerall steet op manst een sou e Stamm am Bild
Fir mech gudd intégréiert
Voilà, sou gin d'Meenungen auserneen, a wéi schons beim Miau erklärt hun ech de Baam bewosst mat am Bild integréiert.
Ët kann een jo mat esou munchem gestalten, mais effektiv lanscht eis Bachen muss een oft op flott Motiver verzichten, vu dat grad do Gesträich oder soss irgend ëpes hënnert.
Och dir Merci gesoot fir däi léiwe Comment.
Hunn nach en kéier bei menger 1ter Foto ugefangen ze kucken. An di hei hunn ech iwwersinn ass ales nach nei an decken Stresssss.......iwert Foto...
Du bréng an deng Biller eng onheemlech scheien Stemung eran an datt bewonneren ech ëmmer erëm.