fannen ech wierklech ganz gutt gin
ët gesäit esou einfach aus, an wéi wann ët ausser dem Waasser wier, an do waert dann och d'Schwieregkeet (an den Talent fir iech 2) leien
fir mech sin:
2 (wéi gesoot, ët mierkt een un hierem Ausdrock guer nët, dass sie ënner Waasser schwiewt)
an 4 (esouguer d'Hoer stin wéi frësch gefönt do)
déi bescht aus der Serie
Mir gefält däin originellen Ënnerwaassershooting exzellent.
Besonnesch 4 ass super: Den Ausdrock vum Gesiicht, d'Hoer an di flott blo Spigelfläch op dem violetten Hannergrond. Net nëmmen de Spigel mä och d'Uewerfläch vum Waasser spigelen d'Bild, also eng duebel Reflexioun.
An eng eenzel Loftbull verréit wou d'Foto gemaach ginn ass!
merci jorsch & Schluck! Ech freen mech dat déi 4. esou gudd ukennt, ech probéieren dat mam Spigel vleit nach engkéier insbesonneg mat der bloer hannergrond spigelung.
Eng super Iddi dat doten . Ass bestëmmt net esou einfach sou Fotoen ze maachen. Nr.4 ass mäin Favorit, ech géing just déi iewescht Spigelung ofschneiden, déi stéiert mech perséinlech, well se net ganz drop ass an verschwommen ass.
Merci Jo ech probéieren nästen kéier d spigelung ganz drop ze kréien, jo war net sou einfach, den Spigel as net liicht an d Model gesäit guer näischt ennerwasser! Den richtegen Wenkel ze fannen an ze behaalen as besi Gepiddels.
merci jo ech wees se sin net ideal als serie, ech wollt se eher nierwend eneen hei hun fier ze vergläichen an den leit hier meenung ze héieren! merci fier den feedback!