Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Reflection

 
Reflection
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.06.2006
  • Gekuckt:
    22916
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x438
  • Späicherplaz:
    294 KB
  • Originaldatum:
    2006:06:05 14:25:14
  • Fotoapparat:
    NIKON D70s
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=6744]
Kommentar vum Fotograf:
Den iechternacher Séi ...
elmuzo 06.06.2006 - 01:11
Flott Minaa, gefällt mer ganz gudd. Schèin harmonesch, gläichmässeg, spiggelech closed_eye
Minaa 06.06.2006 - 01:13
Merci smile Hehe, "spiggelech" ;D
MadSir 06.06.2006 - 01:18
Flott Prise, gefällt mer!
Minaa 06.06.2006 - 01:20
Merci smile
Penguin 06.06.2006 - 07:49
Déi as dir gudd gerooden :o)

Op dénger Photo gesäit de Séi jo richteg attraktiv aus & d'Waaser sou propper smile
Minaa 06.06.2006 - 12:21
Merci smile
Jo, hei op der Foto geseit d'Waasser wierklech schéin propper aus, an Wierklechkeet ass daat jo net grad de Fall closed_eye
Kleent 06.06.2006 - 09:35
watt? du wars zu iechternach an sees mir naischt? tze... tongue
wosst guer net daat eise séi su schein wier. ganz flott foto! smile
Minaa 06.06.2006 - 12:23
lol, an leschter Zeit war ech zimmlech oft do smile
Merci smile
Asterix 06.06.2006 - 11:05
erinnert mich an Norwegen, da hat man auch tolle Spiegelungen auf den Fjorden und Seensmile)
Minaa 06.06.2006 - 12:25
Ja, jetzt wo du's sagst ... stimmt irgendwie smile
Nur dass die Fjorde und Seen in Norwegen etwas sauberer sind closed_eye
Mojoo 06.06.2006 - 12:07
Herrrrleschhh !!

Wiirklech ganz ganz flott.
Minaa 06.06.2006 - 12:24
Merciii smile
ApplEric 06.06.2006 - 13:45
Wow, dei Foto as der gudd geroden. Besonneg dei Spigelung am Waasser. mee awer och den himmel a sou weider. Wanns de et net an dei kommentar geschriww häss, wirr ech net mei drop komm, datt et zu ierchternach as. (War och scho lang net mei do) Am ufank hat ech nämlech gemengt et wirr de Stausei, mee dat konnt jo net senn. Keng Fielsen um ufer.
Mee awer eng schein Foto!
Minaa 06.06.2006 - 15:57
Merci smile
chilimcclean 12.06.2006 - 17:48
Déi Foto gefällt mer. Hätt och net geduecht, dat daat do en Bild vum iechternacher Séi as. Super Bildandeelung.
Minaa 12.06.2006 - 17:52
Merci smile Géing d'Waasser dee schéine bloen Himmel net spiggelen géing en warscheinlech och net sou propper ausgesinn, haat eben deen Daag Gléck mam Wieder closed_eye
chilimcclean 12.06.2006 - 17:59
Jo déi Spiggelung mecht d'Bild jo och réischt sou richteg aus. Soss bräischt een d'Ufer jo och net an d'Mett ze setzen.
Annick 14.06.2006 - 19:39
fannen di foto wierklech schein, wei all deng fotoen an jo fannen spigelung wierklech och gutt aba weinst de wolleken smile
Minaa 17.06.2006 - 23:00
Messi smile
Knolles 15.06.2006 - 00:35
/removed/
chilimcclean 15.06.2006 - 09:19
Ech gin der Recht, d'Reegelen vum gellenen Schnatt an 1/3-2/3-Andeelung vum Bild sin oft déi bäschten Methoden fir säin Bild opzebauen. Mee as et fir dest motiv, wou sech den Himmelan éng Bierglandschaft an éngem Séi oder allgeméng am Wasser soll spiggelen, net am Beschten fir den Horizont an d'mett ze leen? Dodurch kennt jo dann och Symmetrie an d'Bild, an béid Halscheschten vum Bild sin jo gläichermossen wichteg.

Bei éngem Bild wou z.B. den Himmel super interessant as, mee den Buedem net, do gif ech och dann 1/3 Buedem an 2/3 Himmel machen.
Naja, sou as et wéi ech et mat deenen verschiddenen Themen gif machen.
Minaa 17.06.2006 - 23:03
Ech hun zwar hei express sou eng geschnidden well ech den Ofstand vun de Wolleken zur Landschaft an deen vun der Spiggelung zur Landschaft gleich wollt hun fir daat een déi Symmetrie sou erkennt ... also wollt daat Ganzt amfong op enger Héicht hun, och wann daat géint d'Gesetzer vun der Fotografie verstéisst closed_eye

Trotzdem Merci!
chilimcclean 17.06.2006 - 23:27
Et seet jo keen dat een sech onbedéngt muss un all d'Gesetzer vun der Fotografie haalen. Sie droen oft dozou bäi fir d'Bild besser opzebauen, mee heiansdo muss een och mol géngt D'Regelen (vun der Fotografie closed_eye) verstoussen, fir en super Bild sou ze machen wéi een sech dat firstellt. An heiansdo kommen mega Fotoen dobäi raus. Also setzt dech weider durch an mach wat dir gefällt!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 503 Gäscht online