Wow, dei Foto as der gudd geroden. Besonneg dei Spigelung am Waasser. mee awer och den himmel a sou weider. Wanns de et net an dei kommentar geschriww häss, wirr ech net mei drop komm, datt et zu ierchternach as. (War och scho lang net mei do) Am ufank hat ech nämlech gemengt et wirr de Stausei, mee dat konnt jo net senn. Keng Fielsen um ufer.
Mee awer eng schein Foto!
Merci Géing d'Waasser dee schéine bloen Himmel net spiggelen géing en warscheinlech och net sou propper ausgesinn, haat eben deen Daag Gléck mam Wieder
Ech gin der Recht, d'Reegelen vum gellenen Schnatt an 1/3-2/3-Andeelung vum Bild sin oft déi bäschten Methoden fir säin Bild opzebauen. Mee as et fir dest motiv, wou sech den Himmelan éng Bierglandschaft an éngem Séi oder allgeméng am Wasser soll spiggelen, net am Beschten fir den Horizont an d'mett ze leen? Dodurch kennt jo dann och Symmetrie an d'Bild, an béid Halscheschten vum Bild sin jo gläichermossen wichteg.
Bei éngem Bild wou z.B. den Himmel super interessant as, mee den Buedem net, do gif ech och dann 1/3 Buedem an 2/3 Himmel machen.
Naja, sou as et wéi ech et mat deenen verschiddenen Themen gif machen.
Ech hun zwar hei express sou eng geschnidden well ech den Ofstand vun de Wolleken zur Landschaft an deen vun der Spiggelung zur Landschaft gleich wollt hun fir daat een déi Symmetrie sou erkennt ... also wollt daat Ganzt amfong op enger Héicht hun, och wann daat géint d'Gesetzer vun der Fotografie verstéisst
Et seet jo keen dat een sech onbedéngt muss un all d'Gesetzer vun der Fotografie haalen. Sie droen oft dozou bäi fir d'Bild besser opzebauen, mee heiansdo muss een och mol géngt D'Regelen (vun der Fotografie ) verstoussen, fir en super Bild sou ze machen wéi een sech dat firstellt. An heiansdo kommen mega Fotoen dobäi raus. Also setzt dech weider durch an mach wat dir gefällt!!