Eng flott Serie vun Landschaftsfotoen. Bei der 1. hätt ech gären nach mei vun denen Hütten do mat drop gehat. Dass een praktesch just den Daach geseit fannen ech perséinlech lo net esou ideal. Mais dat ass jo och eng Affair de Gout.
Merci Zodiac, a jo dat mat den Hütten stéiert mech och! Leider falen engem esou Saachen oft ze spéit op! Ech hu mech och geiergert dass ech déi net am Landscape Format geholl hunn.
Flott Série Alain, fir mech nr. 2 an nr. 4. Bessi schued mat den Hütten op der 1 soss wir daat mäin favorit. Mee bon 17 mm sin eben heinsdo bessi knapps, do kanns de näischt machen.
Merci Georges!
Jo heiansdo hätt ee besser e puer Schrëtt zréck ze goen fir méi drop ze kréien! Mee wann ee souwisou schonn hannerun dem Rescht vun der Famill ass geet dat net ëmmer sou einfach! Ass wéi gesot aus dem Archiv - 2005.
Merci gi87, freet mech!
Ass schonn eng al Serie vun 2005 déi ech aus mengen Archiver eraus gekroomt hunn well a leschter Zäit e puer esou schéin Bierg- a Naturopnahmen aus der Géigend gepost goufen!