Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fëschadler ob der Juegd

 
All Fotoen an dëser Serie:
31427 Thumbnail
31428 Thumbnail
31429 Thumbnail
31430 Thumbnail
31431 Thumbnail
Fëschadler ob der Juegd
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.10.2012
  • Gekuckt:
    60588
  • Favoriten:
    16 (Wen?)
  • Kommentarer:
    56
  • Originaldatum:
    09.10.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67376]
Kommentar vum Fotograf:
Den Fëschadler
ob der Juegd, woar extra haut nach eng kéier kucken fir ën bei scheinem Wierder ze erwëschen mais ët schengt wéi wann ën lo ab an den Süden wier
gi87 11.10.2012 - 00:16
also dat ass ganz Grousse Kino Schluck, domader heeste een richteg vum Hocker !! Eng vun de Beschten Serien wat Naturfotoen ungeht hei um Site ! 3,4 & 5 sen vir mesh dei Interessants an flotts ! Mat weiengen Isoen worste hei Konfroteiert ?
Schluck 11.10.2012 - 09:30
Merci Gianni, freet mech ... ët woar alt erem schwéier déi Bescht erauszesichen ... Fir mech 1 & 4.

800mm 1/1600 f/5.6 ISO 800
gi87 11.10.2012 - 10:50
Daat Gleewen Esh da, bei sou enger Serie ass sech schweier ze Decideieren wat een weist smile Qualiteit ass Op jiderfalls Super !
Maimonides 11.10.2012 - 20:00
Top-Série, Schluck.

Sich keng eraus,
well soss fehlt eng !

closed_eye
Schluck 12.10.2012 - 11:50
Merci, ët woaren nach ee puer flotter drënner, villeicht posten ech nach eng oder déi anner
tomsmith 11.10.2012 - 00:55
wahnsinn.. majo ech hun do dann och naischt meih dobaizefügen, sinech dach emmer deen, deen alles mam kriteschen aan betracht closed_eye
Schluck 11.10.2012 - 09:28
Ass och impressionant wéi d'Gänsen an déi anner Hinger réagéieren wann deen ungeflunn kënnt ... du mierks das alles wëll flüchten .. eng Hecktik um Waasser
tomsmith 11.10.2012 - 10:40
hun schon probeiert mat mengem 250mm objektiv en habischt oofzeliichten, di deiren sin am fong extrem schreckhaft...
Schluck 12.10.2012 - 11:50
Jo ët ass nët sou einfach un se runzekommen .. och nët mat méi mm
gemu 11.10.2012 - 06:18
Grandios, fantastesch Bildsérie Schluck, super dokumentéiert, deen Fësch huet dir zwee excellent erwëscht
Schluck 11.10.2012 - 09:24
Merci Georges, woar herrelech dem nozekucken, woar ee Samsteg an gëschter ... faszinant dat do live ze Erliewwen, wëll an och nach héi am Land
hardae 11.10.2012 - 07:21
Eng suuuuuuper Serie, genial. Méi Fav ass Nr 4.
Den Dram vun all Naturfotografen mol eng kéier esou Fotoen ze maachen. smile
Schluck 11.10.2012 - 09:22
Merci Harry, ech woar och begeschtert ... bei der héi hat ech mega Chance ... unkomm an hien soutz um Baam, Stativ an Photoapparat obgeriecht, Speicherkaaart dran an geduercht sou, ech sinn pret .. du kanns lassleen mat der Action an schon flitt d'Sau fort an taucht erof. Nach nie an 2 Minuten sou herrlech Biller gemach
Abacab 11.10.2012 - 08:42
Wonnerbar Naturfotoen! Am Sekonnentakt dokumentéiert. Einfach den Glanz!
Schluck 11.10.2012 - 09:17
Merci Marc, jo gëll, schued dass ënn gëschter nët méi do woar ... ech hunn een fir d'eischt ee Samsteg erwëscht mat Fësch awer nët mat sou engem wéi den do. Den do huet ën fir d'eischt mol nët gepackt an ass mol zereck an d'Wasser domat woar alt erem schwéier do déi bescht erauszesichen
Gaga 11.10.2012 - 08:50
Super !
Wou wor daat dann ?
As daat een wëllen Adler ?
Du gess eisen nàchsten Willy Lang Schluck !
RIP Willy
Schluck 11.10.2012 - 09:13
Merci Gaga, majo um Baggerwéiher an jo dat ass een wëllen Fëschadler, een ass ëmmer am Fréijoer an am Hierscht wee puer Wochen héi.
Gaga 11.10.2012 - 13:59
hmmm, wousst guer net dat mer hei Adleren hun ! surprised
Schluck 11.10.2012 - 15:38
Ech wosst dat och nie bis ech mech dofir interesseiert hun ... am Moment hues de och een do uewen zu Ëlwen. Ech sinn och nët deen eenzegen deen ën an den läschten Deeg gesinn an fotographéiert huet.

Arbi 11.10.2012 - 09:00
Exzellent Schluck !
Schluck 11.10.2012 - 09:11
2X Merci Arbi
Fennec 11.10.2012 - 09:23
Staark, dei as top, genial Serie
Schluck 11.10.2012 - 09:32
Merci Fennec, ët huet sech gelount smile
Fennec 11.10.2012 - 09:33
Jo definitiv, gud erwescht.
Schluck 11.10.2012 - 09:43
Ee Samsteg hat ech nach Pech .. meng Frauschen stung uewen ob der Plattform an ech woll tméi no run ... do ass en an d'Wasser tauchen gang an ech hunn ët mol nët gesinn an hat konnt der Scene schéin nokucken. Sinn richteg frou dass ech ënn durno och nach eng keier erwëscht hunn.
Zodiac 11.10.2012 - 09:49
Impressionant!!! Eng super Serie, 4 an 5 gefaalen mer am beschten well hien do schon seng Beute huet.
Schluck 11.10.2012 - 10:01
Merci Zodiac, jo dat sinn och déi flottsten
NikonD80 11.10.2012 - 10:07
ganz staark Serie !!!!!

an et ass keen hei den den aarmen Fësch bedauert closed_eye
Schluck 11.10.2012 - 15:39
Ech hunn ën bedauert ... bis ech d'Biller gekuckt hunn closed_eye Ass halt esou an der Natur .. Merci gesoot
JC1967 11.10.2012 - 11:40
Schluck ech soen dir Merci dass ech hei esou flott Biller ze gesinn kreien. Se gefallen an allen Hinsichten an begeeschteren mech, wei deng Konzertsfotoen iweregens och. Hei stecht vill Zeitopwand an denen Fotoen deen schlussendlech ganz verdengt belouhnt gouf. Einfach nemmen TOP. Iwregens, de Fesch ass efektif een Hierscht. closed_eye
Schluck 11.10.2012 - 15:42
Merci JC fir deng léiw Wierder .... ass wéi ëmmer wann een sech vill Méih et .. irgendwann gët een belount. Ech sinn ëmmer frou wann d'Natur mer sou Biller liwwert ... schon alleng dierfen nozekucken ass ee Genoss
suraki 11.10.2012 - 11:50
Wahnsinn ...............
ganz grousse Kino !
Schluck 11.10.2012 - 15:40
Merci Ed, freet mech mol rëm eppes vun dir ze liesen
Scyv76 11.10.2012 - 16:05
Déi dooten Serie ass wiirklech super, an virun allem deen richtegen Moment erwecht...daat geet jo relativ séier vum Moment wou en antaucht mat den Féiss bis dohinner wou en mam Fésch fortflitt smile Vir mech ass déi 4 déi Béscht.
Schluck 11.10.2012 - 18:21
Merci Scyv76, dat wat's de héi nët gesäiss ass dass ënn 2-3 Sekonnen komplett ënner Waaser ass .. ech hun eng do kucken just nach d'Spëtzten vun den Flilécken raus
Scyv76 11.10.2012 - 20:56
ah okay interessant...daat wosst ech net dass se komplett antauchen geingen...
Schluck 12.10.2012 - 11:52
Ech hun och gestauut .. den geet wéi een Turmsprenger deelweis senkrecht erof
Nathalie 11.10.2012 - 17:37
Ganz flott Serie, fir mech hei nummer 4. impressionnant dat doten...
Schluck 11.10.2012 - 18:22
Merci Nathalie .. live nach méi impressionant wéi ob der Foto .. do jeitz ën naemlech nach ier ën taucht
Zora 11.10.2012 - 18:36
schleissen mech einfach allen un, wuauuuuuu!!!
Schluck 11.10.2012 - 19:02
Merci Hexi, freet mech!
Zora 11.10.2012 - 19:14
closed_eye
BigVood 11.10.2012 - 19:10
Gratuléiere zu dénger gelongener Serie...déi 4. gefält mir einfach am beschten: de Fësch awer virun allem dat herrlecht Faarwespill an de Plomme vum Flilleck. Beneiden dech fir dat Erliefnis! smile

Schluck 12.10.2012 - 11:53
Merci gesoot, ech hunn och schon vill vun dengen schéinen Biller héieren closed_eye
jorsch 11.10.2012 - 19:30
Wow! Super impressionnant Biller!
An dat hei am Land!!! Hätt ech net fir méiglech gehalen!
Schluck 12.10.2012 - 11:55
Merci jorsch, dach den reest héi duerch, hat ën och schon am Fréijoer gesinn mais nët virun d'Lëns kritt
Jean-Jos 12.10.2012 - 20:32
***STAUN***
Eemolég déng Serie Schluck, du mutéiers ëmmer méi vum Concertsfotograf zum Naturfortograf. I like too!
Schluck 12.10.2012 - 20:59
Merci Jean-Jos, machen eent sou gaer wéi dat annert .. am Moment sinn ech Owes rëm vill ënnerwee
Nicon07 14.10.2012 - 11:51
Mega riesege Kino, dat doten! Fir méch gehéiert des Serie an d'Top Ten vun der éiweger Naturfotosolympiade. A virwat net suguer op de Podium?!

Schluck 14.10.2012 - 12:09
Merci, dat freet mech .. sollt awer am Fong keen Wettbewerb sinn..
Nicon07 14.10.2012 - 16:20
Nö, sou war da jo och net gemengt. Ech maache méng Fotoen och net fir ee Wettbewerb, et sief da fir ee Wettbewerb mat mir selwer. Mais hei ans do glécken engem Fotoen, déi et durchaus an engem Concours géife wäit no vir bréngen. An di heiten zielen ech zu där Kategorie. Ech weess datts du méch richteg verstaanen hues, mais ech wollt et awer hei nach eemol soen. closed_eye
Schluck 14.10.2012 - 16:40
Jo, stëmmt d'soll een sech nie zefridden ginn an ëmmer rëm probéieren sech selwer ze iwwertreffen ... besser geet ëmmer
deSir 29.10.2012 - 12:42
salut Schluck,da waren mir nedd weit vunenen den Hoffmanns Ern huet mir ed gesot daß dir dest herrlich Foto gelingen ass ,dat geschied och ned all Dach,einfach genial
bj de John
Schluck 09.04.2013 - 17:59
Villmols merci John
petz65 09.04.2013 - 17:41
Super Serie!
Schluck 09.04.2013 - 17:59
Merci gesoot Petz!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 269 Gäscht online