Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

E puer

 
All Fotoen an dëser Serie:
31246 Thumbnail
31247 Thumbnail
31248 Thumbnail
E puer
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.10.2012
  • Gekuckt:
    18102
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    September 2012
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=67100]
Kommentar vum Fotograf:
Andréck aus de Fielsen vun Bäerdref
gemu 01.10.2012 - 15:31
Wonnerbar Série, fir mech Nr.1 wéins der Déift an den Faarvnuancen. Och besonnesch gefällt mir do d'Licht am Ausgang
marker 02.10.2012 - 13:51
Merci gemu, daat freet mech ze héieren. Déi Faarvtéin entstinn durch di laang Beliichtungszäiten, wëll ët war ferm daischter teschent de Fielsen, waat op de Biller hei net esou ersichtlech ass.
Zora 01.10.2012 - 18:37
super, schéin Faarwen!
marker 02.10.2012 - 13:52
Freet mech Zora, an dir glaich een duebelen Merci closed_eye
chrYstal 01.10.2012 - 20:30
Eng super Serie!
marker 02.10.2012 - 13:55
Och dir e grousse Merci chrYstal, freet mech!
Maimonides 01.10.2012 - 21:04
Mol eng Kéier nët aus dem Antelope Canyon, marker.
Schéin Série.
marker 02.10.2012 - 14:05
Am Antelope Canyon soll ët awer och flott sin bigsmile, an ouni Ustrengung ee permanenten photografeschen ''déjà-vu''...!!
Och dir Merci gesot Maimonides, ët freet mech dat meng kleng Série dir gefällt.
suraki 01.10.2012 - 21:48
déi drëtt ass de Glanz closed_eye
marker 02.10.2012 - 14:13
..daat ass déi eenzeg an der Serie déi ech wéinst engem 13 Zonen Kontrast hu missen verschaffen ''hdr'' an en plus hun ech während enger 2min Beliichtung de Plafong vun der Hiél e puer Mol liicht ugeblëtzt.
E grousse Merci un dech Ed.
jorsch 01.10.2012 - 21:51
Mir gefale déi Biller vun de Schlëff am Mëllerdall ganz gutt!
2 ass och ganz apaart mat deeër gieler Luucht hannen.
marker 02.10.2012 - 14:27
Déi giel Luucht ass eng Réflexioun vun enger Fielswand géigeniwwer, wou d'Sonn nach erageschingt huet. Fir de starke Kontrasst e bëssen ze rezuzéieren hun ech béid Fielswänn hei vum Schloff awer liicht opgehëllt.
Dat d'Série dir gefällt freet mech jorsch, an dofir och e grousse Merci gesoot.
jorsch 02.10.2012 - 19:46
Eng Reminiszenz: De Bléck duerch d'Huellay bei der drëtter Foto huet mech schlagaarteg u meng Kandheet erënnert: Meng Elteren haten en urale VW Käfer mat getrennter Heckfënster duerch déi ech op de Vakanzrese stonnelang d'Strooss hanne gekuckt hunn a gedreemt hunn.
Lo dreemen ech erëm wann ech d'Foto kucken...
Fuuss 02.10.2012 - 15:21
d'HDR-Houllay geféelt mir super!
Wéivill Opnahmen hoas de hei verschafft?
marker 03.10.2012 - 08:18
Merci Fuuss, an daat glaich 2x, ët freet mech.

Zur Technik, ...6 Opnahmen mat 1/8sec als ''liicht'' Ënnerbeliichtung fir de Bësch, an dann 5 weider Opnahmen mat 2-Blendenintervaller bis zur 2min Beliichtung.
Bei der 2min Beliichtung war d'Hiél zwar net schlecht, mais ech hun mech awer décidéiert eng zweet Opnahm ze machen wou ech de Plafong e puer Mol liicht ugeblëtzt hun fir besser ''Spëtzliichter'' eraus ze schaffen.
Fuuss 03.10.2012 - 12:41
Merci fir déen detailléierten 'Making of'.
D'Resultat ass den Opwand wert closed_eye
mischii 03.10.2012 - 00:14
hei sinn ech einfach begeeschtert, eist Lândchen huet dach schéin Ecker, aus Erfahrung weess ech awer dat dat do net sou liicht an d'Bild ze setzen ass, si Fan vun deenen 3 Biller, do huet jiddereent säin eegene Reiz
marker 03.10.2012 - 08:38
''...si Fan vun deenen 3 Biller'', daat éiert mech mischii, an dofir e grousse Merci closed_eye
Bei 1 an 2 huet daat flott Owesliicht mer d'Sach net all ze schwéier gemach, just d'Huellay..., daat war e bëssen méi opwändeg.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 461 Gäscht online