Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Aan vun der Eil

 
D'Aan vun der Eil
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (25.09.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.09.2012
  • Gekuckt:
    29262
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x830
  • Späicherplaz:
    446 KB
  • Originaldatum:
    23.09.12
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MarkII
  • Programm:
  • Objektiv:
    Canon 100mm f/2,8L Macro IS USM
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66877]
Kommentar vum Fotograf:
opgeholl op der Photokina
klick weg drop
Biestie 23.09.2012 - 15:45
WOW!!!!!!!!!!!!! leider spiggelt sech eppes komesch am Aan...
mischii 23.09.2012 - 17:48
merci Biestie
jo do luchen leider Kärtercher um Dësch wou hiet Häische stong
Jeanny 23.09.2012 - 15:57
den Eilebléck hues de ganz gutt festgehalen, schued dass däi Spigelung dran ass.
ech gesinn du has de Macro mat?
mischii 23.09.2012 - 17:57
merci Jeanny
ech war och ganz frou, dass ech de macro derbei hat, dat war och net sou schlecht bei de Modelen
d'Eil hun ech lo beim Aan liicht iwwerschafft
et ass net grad alles ewech, dat war méi schwéier sou genau hin ze kréien
Jeanny 24.09.2012 - 06:30
e bëssche Liewen soll awer nach am Ae sinn
Biestie 24.09.2012 - 13:51
do muss ech dem Jeanny wuel Recht gin...
mischii 25.09.2012 - 17:53
Du kenns jo meng Fähegkeeten am PS Jeanny closed_eye, ech sin do mat mengem Latëin um enn
soll ech léiwer rëm d'Original zréckhuelen?
Jeanny 25.09.2012 - 20:39
ech giff JO soen Michèle, Aen sinn esou dout
mischii 26.09.2012 - 11:07
ok
mischii 23.09.2012 - 19:32
merci fir de Fav mipo an desi
Maimonides 23.09.2012 - 22:11
Le bec vanille,
l'oeil mandarine
et les plumes en dentelles:
quel beau portrait, Michèle.

Sans visagiste,
évidemment.
mischii 25.09.2012 - 17:55
2x merci gesoot, dat freet mech Charel
Jacques 24.09.2012 - 05:22
Eng ganz schéin Foto an flott Foarwen!
(Ech hätt trotzdem eng aaner kleng Spijelung an d'Aa gemach, well elo geseit d'Aa e bessen matt aus. Daat ass awer just meng perséinlech Meenungclosed_eye)
mischii 25.09.2012 - 17:50
merci Jacques,
fir do eng aaner Spigelung dran ze kréien sin ech nach net genug experimentéiert am Digiart smile,
mee et stëmmt sou ass manner Glanz dran, ech muss emol en Expert wéi den Ed oder de Ren froen, wéi een dat mecht
hardae 24.09.2012 - 07:33
Ganz flott,
esou no sinn ech net hi komm, bei dënne ville Leit. unhappy
Ech sinn och der Meenung wei de Jacques, D'Aa misst du nach e wéineg verschaffen closed_eye
mischii 25.09.2012 - 17:44
ech mengen Dir haat dee falschen Dag erwescht, ech hat se op 30cm virum Objektiv, leider hat se d'Aan net oft op, do hun nämlech e puer Hennessen voll op se geblëtzt
ech muss nach e bessi Nohëllefstonnen am PS huelen, da gëtt et besser
merci Harry
Fennec 24.09.2012 - 08:11
schein hues de dei festgehalen.
mischii 25.09.2012 - 17:40
merci Patrick
sus49 24.09.2012 - 13:47
Wonnerbar Nôopnaam... smile
mischii 25.09.2012 - 17:40
en double merci sus49
Gaga 25.09.2012 - 15:01
I dare you Mo*****er, I double dare you ....
bigsmile

mischii 25.09.2012 - 15:18
What?
bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 457 Gäscht online