Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Brienzerséi

 
Brienzerséi
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (06.09.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.09.2012
  • Gekuckt:
    11024
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/200s
  • Blend:
    f/F10
  • Brennwäit:
    15 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x675
  • Späicherplaz:
    673 KB
  • Originaldatum:
    15/08/2012
  • Fotoapparat:
    Nikon D800
  • Programm:
  • Objektiv:
    14-24
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66363]
Kommentar vum Fotograf:
De Brienzerséi vun der Schynige Platte aus fotograféiert.
Hoffen e gefält, op fir all Kritik!
gemu 04.09.2012 - 13:45
Super Panos nees eng Kéier, dee Wee do (Fisrt op Schynige Platte iwert Faulhorn etwa 6 Stonnen ) sin ech virun 30 Joer emol gangen
Abacab 04.09.2012 - 21:28
Villmols merci gemu, war och ganz begeschtert vun dem Wee. Schynige Platte ass een vun de Favoriten aus den Berner Alpen an den Top fir Foto'en ze maachen closed_eye
petz65 04.09.2012 - 14:22
Wonnerbar Marc deng Panoramen sin schein.
Abacab 04.09.2012 - 21:28
Villmols merci Petz bigsmile
gi87 04.09.2012 - 16:48
Ganz flott Vue mat enger flotter Pallette Farwen !!
Abacab 04.09.2012 - 21:31
Merci villmols Gianni, do sinn wirklech herrlech Vu'en.
Jacques 04.09.2012 - 17:00
Natur puer!
Eng schéin Opnahm!
Abacab 04.09.2012 - 21:32
Merci Jacques, do ass wirklech nach Natur pur smile
TC 04.09.2012 - 17:34
Eng super Landschaftsopnam! Bierger an Waasser, déi een an Foto eranzéien, Faarwen, Schäerft an den Opbau gefalen mer gutt.
Abacab 04.09.2012 - 21:32
Villmols merci TC, dat freet mech wann se gefält bigsmile
Jeanny 04.09.2012 - 19:24
do ass et schéin, eng herrlech Landschaftsopnam
Abacab 04.09.2012 - 21:42
Villmols merci Jeanny, do ass et wirklech herrlech fir mat de Muppen treppelen ze goen, mee et huet e besser et huet een se an der Lënkt, well op der Schynige Platte geet et deelwéis direkt nierft dem Treppelpaat et puer honnert Meter riet erof smile
Jeanny 05.09.2012 - 06:23
dann hunn Deieren mäi dervunner, wann s de op Cadzand fiers, do kennen se düsensmile
Gaga 05.09.2012 - 17:34
bon schein an flott an sou weider heus de schon genuch kritt, da soen ech elo mol "se kipt ferm" !

closed_eye

Abacab 06.09.2012 - 05:41
Oh... villmols merci Gaga, si frou dass et dech gett!
Et geet awer näischt iwwert e kritesche Blëck closed_eye
Hunn et selwer eréicht no dengem Kommentar unn den Dennen gemierkt.
Hunn eng Weitwenkelkorrektur gemat, elo misst et besser sinn smile
Gaga 06.09.2012 - 08:47
Also hei as et erem schweier ze soen waat besser as, t'realiteit oder d'gefill ...
Ech fannen se kipt nach emmer 10-15° no riets. Wann ech mer den Horizont fierstellen dann kann ech mer net fierstellen dat daat do soll am niveau sin !

Et kann awer och sin dat nach extrem verzerrungen dran sin well et e pano as ... do keinnt ech mer fierstellen den ennechten rietsen Eck nach ferm erauszezeien ...
Soit, lange Rede kurzer Sinn, mier gefàllt se esou net well ech t'gefill hun no riets den Bierg erof ze faalen ...
Abacab 06.09.2012 - 10:30
Gaga, géif soen dass se esou awer der Realitéit entsprécht.
Dännen lenks am Bild sinn elo riet. A Wierklechkeet misst och e Gefäll dra sinn, well dest ass wou den Brienzerséi an de Thunerséi fléisst.
Op alle Fall merci fir deng éierlech Meenung!
Gaga 06.09.2012 - 11:05
Keen Thema, dofier sin mer hei ... am Fong keinnt een soen, se kiptp as dei falsch Interpretatioun, se huet en schlechten Bildopbau ... mais loossen mer net ze weit goen ...
et as e scheinen Panorama, eng schein Landschaft, mais leider keen Equilibreiert Bild.
Abacab 06.09.2012 - 11:33
Ok, mat déier Interpretatioun ginn ech besser eenz. Dat ass erem en Usporn fir di naechste Foto closed_eye Merci gesot!
Gaga 06.09.2012 - 15:44
smile
gär geschitt ...
p-foto 08.02.2013 - 11:39
Einfach super !!!!
Abacab 08.02.2013 - 13:49
2 x Merci Patrick ! bigsmile bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 570 Gäscht online